Gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
E Ballon bei de Feieren ronderëm deen éischten Dag, den 29.2.2020.

De gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gëllt zanter dem 29. Februar 2020[1] op sämtleche Linne vum ëffentleche Persounentransport zu Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De gratis ëffentlechen Transport stoung ë. a. am Walprogramm vun der DP, LSAP an déi gréng am Virfeld vun de Chamberwalen 2018. No de Walen huet de Premier Xavier Bettel Enn November 2018 d'Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ugekënnegt. Am Januar 2019 huet den Transportminister François Bausch dunn den Datum fir d'Aféierung vun der Gratuitéit op den 1. Mäerz 2020 annoncéiert[2].

De facto war awer den 29. Februar 2020 deen éischten Dag, wou déi nei "Tariffer" gegollt hunn.

"Gratis" ass den Transport natierlech just fir d'Passagéier. D'Exploitatioun vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg huet 2019 ronn 540 Milliounen Euro kascht (dovu ware virum Gratis-Maachen 41 Milliounen duerch de Verkaf vun Tickete gedeckt)[3]. 2022 waren dofir 689,9 Milliounen Euro am Budget virgesinn, an 2023 waren et der 799,7 Milliounen.[4]

Gültegkeet[änneren | Quelltext änneren]

Um Lëtzebuerger Territoire gëllt d'Gratuitéit[5] op alle Linne vun de fënnef Bedreiwer vum Lëtzebuerger Persounentransport (AVL, CFL, Luxtram, RGTR an TICE)[6].

D'Fueren an der 1. Klass am Zuch ass weiderhin ze bezuelen. Annerhalleft Joer nom Aféiere vum Gratistransport gouf festgestallt, datt ronn 295.000 Persounen an där Period an der 1. Klass gefuer sinn, wat dem CFL ronn 414.000 Euro abruecht huet.[7]

Well d'Gratuitéit nëmmen zu Lëtzebuerg gëllt, muss deemno op de Buslinnen, déi iwwert d'Landesgrenzen erausfueren, den auslänneschen Deel vun der Streck bezuelt ginn. An engem Pilotprojet, an Zesummenaarbecht mat der Gemengecommunautéit vu Cattenom, gouf 2022 op enger Buslinn tëscht Roussy-le-Village an der Stad Lëtzebuerg, d'Gratuitéit vun der Grenz bis op Roussy festgehalen.[8]

Ausnamen[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel d'Garë vun Attem (Belsch) grad ewéi déi vu Wuelmereng an Däitsch-Oth (Frankräich) net um Lëtzebuerger Territoire leien, zielt d'Gratuitéit do trotzdeem, well se als "Gare assimilée" zum CFL-Reseau gehéieren[9].

Appreciatioun[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den Transportminister François Bausch sot, d'Afféiere vum gratis ëffentlechen Transport wier "eng sozial 'Kiischt' um 'Kuch' vun enger multimodaler Offensiv" an huet op déi grouss Investitioune verwisen, déi am Transportberäich am Gaang oder geplangt wieren.[10]

D'Eisebunnergewerkschaft Syprolux ass der Meenung, dat Ganzt wier ze fréi agefouert ginn: Et missten am Eisebunnsberäich nach a Punkto Infrastruktur a Material, wéi och am operative Beräich grouss Investitiounen an Aarbechte gemaach ginn, éier d'Leit kéinte motivéiert ginn, op den ëffentlechen Transport ëmzeklammen.[11]

Verschiddentlech gouf ervirgestrach, datt déi Moossnamen, wa se schonn net méi Leit dozou beweegt, hiren Auto fir den ëffentlechen Trasport ze tauschen, se op d'mannst am Ausland zu engem positiven Image bäidroe géif, a Lëtzebuerg mat eppes anescht an d'Gespréich brénge géif, wéi just als Finanzplaz.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Gratuitéit gouf ëmmer op den 1. Mäerz 2020 ugekënnegt, se gëllt awer de facto scho vum 29. Februar un (Artikel 13 aus dem Règlement ministériel du 6 février 2020...)
  2. Gratis-Transport: Auch Hauptstadt macht mit op wort.lu den 21. Januar 2019, gekuckt de 26. Februar 2020
  3. Annick Goerens: "Ronn 45 Millioune Passagéier d'Joer an d'Tendenz klëmmt." rtl.lu, 25.02.2020.
  4. "Les transports publics gratuits coûtent 800 millions d’euros à l’État." chd.lu, 1.12.2022.
  5. Artikel 5 aus dem Règlement ministériel du 6 février 2020...: « À l'intérieur du Grand-Duché de Luxembourg les moyens des transports publics par route et par rail sont accessibles gratuitement et sans titre de transport. »
  6. Mobilité gratuite op der Websäit mobilitegratuite.lu vum Verkéiersverbond, gekuckt de 25. Februar 2020
  7. "Vill Leit fueren am Zuch ëmmer nach an der 1. Klass." rtl.lu, 03.09.2021.
  8. "41 Milliounen Euro: Dat ass d'Zomm, déi de "gratis" ëffentlechen Transport d'Joer hei am Land kascht." rtl.lu, 24.05.2022.
  9. Diane Lecorsais, Gratis-Transport: Tarifzone mit Tücken op wort.lu de 5. Mäerz 2020 an ënnert dem Titel Gratis-Transport mit Haken an der Drockversioun vum Luxemburger Wort de 5. Mäerz 2020, S. 23
  10. "Gratuité des transports en commun." Communiqué op gouvernement.lu, 21.01.2019.
  11. "Ende und Beginn einer Ära?" syprolux.lu, 02-03-2020.