Chroma keying

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Greenscreen)
E Greenscreen an engem Televisiounsstudio.
E Filmset vun The Spiderwick Chronicles (2007).

Chroma Keying (oder color keying) ass e visuellen Effekt resp. eng Postproduktiounstechnik, bei där eng Chrominanz geholl gëtt fir Bildmaterial fräizestellen. Dës Technik gëtt am Kader vum Compositing benotzt, fir Hannergrënn a Fotoen oder Videoen auszetauschen. Dofir gëtt aus engem bestëmmte Faarfberäich en Alphakanal berechent. Am dackste gëtt gréng oder blo dofir geholl, well déi sech faarflech däitlech vum Hauttoun ënnerscheeden. Souwuel bei Televisiouns- wéi och Filmproduktioune gëtt da mat sougenannte Greenscreens oder Bluescreens geschafft. Andeems alles, wat gréng oder blo ass aus dem Bild 'erausgefiltert' gëtt, kann dat duerch e stateschen oder animéierten neien Hannergrond ersat ("incrustéiert") ginn.

Dës Technik gëtt z. B. gär bei Noriichtesendungen applizéiert, wou hannert dem Speaker sou Biller oder animéiert Grafiken ageblennt kënne ginn, oder beim Film, wou op déi Manéier Dekore ganz oder zum Deel hannert d'Schauspiller digital an der Postproduktioun agebaut kënne ginn, déi soss ze opwänneg oder onméiglech ze realiséiere gewiescht wären.