Greta Thunberg

Vu Wikipedia
Greta Thunberg
Gebuertsnumm Greta Tintin Eleonora Ernman Thunberg
Gebuer 3. Januar 2003
Stockholm
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Ëmweltaktivist
Famill
Papp Svante Thunberg
Mamm Malena Ernman

D'Greta Tintin Eleonora Ernman Thunberg[1], gebuer den 3. Januar 2003 zu Stockholm, ass eng schweedesch Klimaschutzaktivistin. Hiren Asaz fir eng konsequent Klimapolitik fënnt weltwäit Unerkennung. Dee vun hir initiéierte "Schoulstreik fir d'Klima" ass an der Tëschenzäit zur globaler Beweegung "Fridays for Future" (FFF) ugewuess. Mat dem Schoulstreik wëll si erreechen, datt Schweden d'Klimaofkommes vu Paräis anhält[2][3],[4][5].

D'Greta Thunberg ass eng Representantin vun der internationaler Klimaschutzbeweegung. Si gouf vum amerikanesche Magasinn Time an d'Lëscht vun de 25 aflossräichsten Teenager vum Joer 2018[6] an an d'Lëscht vun den 100 aflossräichste Perséinlechkeete vum Joer 2019[7] opgeholl. Am Joer 2019 gouf si mam Alternativen Nobelpräis ausgezeechent. Hiert Beispill weist, datt all Mënsch d'Muecht huet, eppes ze veränneren, sou d'Begrënnung vun der Jury. Si huet och der politescher Fuerderung no Klimaschutzmoossname weltwäit Gehéier verschaaft an d'Mënschen an ënnerschiddleche Liewensberäicher derzou ermontert, politesch Moossname fir de Klimaschutz ze fuerderen[8].

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Greta Thunberg ass dat eelst vun den zwee Meedercher vun der Operesängerin Malena Ernman a vum Schauspiller Svante Thunberg.[3] Hire Grousspapp ass de Schauspiller Olof Thunberg (* 1925). No enger depressiver Phas gouf bei hir d'Asperger-Syndrom diagnostizéiert.[9],[10] Hiren Engagement fir de Klimaschutz huet domat ugefaangen, am Haus d'Luuchten auszemaache fir Energie ze spueren. Spéider huet si beschloss, net méi ze fléien a sech vegan z'ernieren, a si huet och hir Famill dovun iwwerzeegt.[11][12]

Am Mee 2018 krut déi deemools fofzéngjäereg Thunberg e Präis bei engem Schreifconcours zur Ëmweltpolitik, dee vum Svenska Dagbladet initiéiert gouf. Duerch d'Verëffentlechung vun hirem Bäitrag si Kontakter zu verschiddene Leit entstanen, déi se zu hirem Engagement inspiréiert hunn.[13],[14] Kuerz drop huet si sech aktiv an der Ëffentlechkeet fir de Klimaschutz agesat. Géigeniwwer The New Yorker erkläert si: „Ech gesinn d'Welt e bësschen anescht, aus enger anerer Perspektiv. Ech hunn e besonneschen Interessi. Et ass ganz verbreet, datt Mënschen am Autismus-Spektrum e besonneschen Interessi hunn."[15] Géigeniwwer dem ZDF huet si gemengt: „An ech hunn et net gär wa Mënschen dat eent soen an dat anert maachen.“ Zesumme mat hirem Papp an hirer méi jonker Schwëster huet si um Buch Scener ur hjärtat ("Zeenen aus dem Häerzen") vun hirer Mamm Malena Ernman matgeschafft, dat 2018 erauskoum.[16]

Am Schouljoer 2018/19 war si am Ofschlossjoer vun der 9-järeger Grondschoul, déi si trotz hirem Schoulstreik mat exzellenter Bewäertung ofgeschloss huet.[17] Den 31. Mee 2019 hat si um Rand vun der Demonstratioun zu Wien ugekënnegt, no dem Ofschloss d'Schoul fir e Joer auszesetzen (Gap Year), well si de Klimaaktivismus an de Schoulbesuch net gläichzäiteg maache kéint.[18] Eng Schoulflicht gëllt fir si net méi well déi a Schweden no néng Joer eriwwer ass. Vum Schouljoer 2020/21 u wëll d'Greta Thunberg laut eegenen Donnéeën an e Lycée goen.[19]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Greta Thunberg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. www.ratsit.se (schweedesch)
  2. Interview mit Greta Thunberg, Spiegel online, 2. Februar 2019
  3. 3,0 3,1 Claus Hecking: Gretas Aufstand. In: Spiegel Online, 30. November 2018. Ofgeruff de 5. Dezember 2018.
  4. The Fifteen-Year-Old Climate Activist Who Is Demanding a New Kind of Politics. In: The New Yorker, 2. Oktober 2018, ofgeruff den 30. November 2018.
  5. The Swedish 15-year-old who’s cutting class to fight the climate crisis. In: The Guardian, 1. September 2018, ofgeruff den 30. November 2018.
  6. TIME's 25 Most Influential Teens of 2018. In: Time, 10. Dezember 2018, ofgeruff den 1. April 2019. D'Lëscht ass dem Alter no zortéiert. Daduerch koum se op Plaz 8.
  7. Greta Thunberg: The 100 Most Influential People of 2019
  8. Klima-Aktivistin Greta Thunberg erhält Alternativen Nobelpreis in Spiegel online vum 25. September 2019, ofgeruff de 25. September 2019.
  9. Thunberg: Asperger ist für mich ein Geschenk, in engem ZDF-Interview, auszuchsweis op Facebook, online 10. Feb. 2019, englesch mat däitschen Ënnertitelen
  10. Thunberg: Ohne Asperger hätte ich mich nicht so für die Klimafrage engagiert, an der Skavian-Talkshow, auszuchsweis op Facebook, online 25. Februar 2019, schweedesch mat engleschen Ënnertitelen
  11. „Es müsste höchste Priorität haben!“. In: Süddeutsche Zeitung, 2. Dezember 2018, ofgeruff den 3. Dezember 2018.
  12. „Ihr seid nicht erwachse genug, die Wahrheit zu sagen“. In: Frankfurter Allgemeine Zeitung vum 16. Dezember 2018. Ofgeruff den 19. Dezember 2018.
  13. Greta Thunberg: ”Vi vet – och vi kan göra något nu” in Svenska Dagbladet vum 30. Mai 2018, ofgeruff den 13. Februar 2019.
  14. Matthias Wyssuwa: Greta Thunberg – Die Welt, wie sie ihr gefällt In FAZ vum 12. Februar 2019, ofgeruff den 13. Februar 2019
  15. Masha Gessen: The Fifteen-Year-Old Climate Activist Who Is Demanding a New Kind of Politics. In: The New Yorker, 2. Oktober 2018
  16. Das Manifest von Greta Thunbergs Mutter: Verzweiflung angesichts des Untergangs, Der Standard, 11. Februar 2019
  17. Greta Thunbergs Schulzeugnis. Jede Menge Fehlstunden – und trotzdem exzellent. In: Spiegel Online, 17. Juni 2019. Ofgeruff de 17. Juni 2019.
  18. Ein Jahr Schulpause: Greta kündigt Auszeit für Klima an, kurier.at vum 31. Mee 2019
  19. Klimaaktivistin setzt das nächste Schuljahr aus. In: Spiegel-Online, 1. Juni 2019, ofgeruff de selwechten Dag.