Jérôme Grethen
| Jérôme Grethen | |
|---|---|
| Gebuer |
21. Januar 1975 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Cartoonist |
|
| |
De Jérôme Grethen, gebuer den 21. Januar 1975 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Cartoonist.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Jérôme Grethen ass zu Diddeleng grouss ginn.[1]
Hien huet eng Zäitchen op der Beaux-Arts[Wou?] studéiert, gesäit sech selwer awer als Autodidakt.
Am Alter vun 9 Joer ass säin éischte Cartoon an enger Zäitschrëft publizéiert ginn. Mat 18 huet hien säin éischte Comic erausbruecht. Nieft aneren Zeitungen, huet d'Tageblatt seng Zeechnunge reegelméisseg publizéiert.[2]
2022 huet hien, no enger längerer Paus vun 20 Joer, nieft enger reng kënschtlerescher Aktivitéit och nees ugefaangen, engagéiert Pressezeechnungen ze maachen an ze publizéieren.
Haaptberufflech mécht de Jérôme Grethen systeemesch Opstellungen an ass Consultant fir Betriber a fir perséinlech Entwécklung.[3] Ausserdeem ass hie Chargé de Cours a Schoulen, Muséeën a sozialen Ariichtungen, an hien ass aktive Member vu Cartooning for Peace[4] a vu Cartoon Movement[5].
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- Grethen, Jérôme. Int. Lëtzebuerg: P. Worré-Mertens, 1993. Print.
- Schiltz, Sophie, Grethen Jérôme et al. 10 contes d’élèves. Esch-sur-Alzette: LHC, 1993. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Grethenpress - seng Websäit
- Nora Schloesser: "Die Spitze Feder, die Serge Tonnars 'Faktefreed' zeichnete." wort.lu, 22.06.2024.
- Romain Le Bris: "À Douarnenez, une démonstration de dessin de presse à la librairie Les Métamorphoses." ouest-france.fr, 21.02.2022.
- Links zu weidere Medien
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cartooning for Peace. Gekuckt de 07.08.2025.
- ↑ (fr) JEROME GRETHEN - Cartooning for Peace (13.10.2023). Gekuckt den 09.08.2025.
- ↑ "Constellation." grethenjerome.wixsite.com, nogekuckt: 16.08.2025.
- ↑ [Cartooning for Peace
- ↑ Cartoon Movement
