Griichesch Mythologie

Vu Wikipedia
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Déi griichesch Dräifaltegkeet an d'Verdeelung vun den dräi Räicher vun der Äerd: den Zeus Gott (Himmel), de Poseidon (Mier an Ozeanen) an den Hades (Ënnerwelt). Theos (kleng Gëtter) sinn d'Kanner vun dëser Dräifaltegkeet.
Giovanni Battista Tiepolo, Olymp.

D'Griichesch Mythologie ëmfaasst d'Geschicht vun de Gëtter an Helden (Heros) vum antike Griicheland.

D'Relioun vun den ale Griichen ass aus de Relioune vun den agewanderte Griichen an der virgriichescher Bevëlkerung a Klengasien a Griicheland entstanen.

Wat par Rapport zu de grousse monotheistesche Reliounen opfält, ass datt kloer Geboter feelen, obschonn d'Gëttin Nemesis an d'Erinnyen Verbrieche géint d'Natur an de Mammemuerd bestrofen. Et kann een (an der Antiquitéit zanter dem Xenophanes) vun engem Anthropomorphismus - enger Vermënschlechung vun de Gëtter - schwätzen. D'Gëtter sinn de Mënsche virun allem mat hire Schwächte méi änlech, wéi de Gott bei de Judden, Chrëschten oder Moslems.

An hirem Kär war d'Relioun polytheistesch, mat verschiddene Gëttergeschlechter (zum Beispill d'Titanen), enger grousser Zuel vun Naturdämonen, lokalen an Hallefgëtter. Et gouf kee Paschtouerstand, mä d'Paschtéier goufen einfach verschiddenen Hellegtümer zougedeelt. Dozou kommen och nach d'Wahrsager.

Zu den eelste Quellen zielen dem Homer seng Ilias an Odyssee an dem Hesiod seng Theogonie. Den Homer an den Hesiod hunn Uerdnung an d'Gëtterwelt bruecht. Aus de lokale Kulte gouf ee funktional differenzéierte Gëtterkosmos. Am hellenisteschen Zäitalter koumen nach orientalesch Aflëss dobäi.

Dës Mythologie gouf vun de Réimer deelweis iwwerholl (liest heizou och den Artikel iwwer Réimesch Mythologie). Si huet trotz der Christianiséierung iwwer JoerDausenden iwwerlieft. D'Personnagen aus der griichescher Mythologie hunn ëmmer erëm Virlage fir nei Wierker bruecht, an der Molerei, der Oper oder am Theater.

Mythos (vum gr. mýthos) bedeit eigentlech Ried oder Iwwerliwwerung. Spéider gouf dem Wuert d'Onwahrscheinlechkeet bäigefügt. Schonn d'antik Auteuren hunn d'Geschichte verännert, a sou kënnt et dacks vir, datt ee fir ee Personnage zwou bis dräi Versioune vu senger Geschicht huet. Dëst kënnt och dovun, well déi al Griichen zwar e méi oder wéineger gemeinsame Pantheon haten, mä glaichzaiteg speziell lokal Bräich, souwéi hire speziellen Haaptgott haten. Et kéint ee bal vun deene griichesche Reliounen, amplaz vun engem eenzege Glawen, schwätzen. Datt d'griichesch Gëtter an Helde sou vill Facetten hunn, kënnt och dovun well et eeben dacks op zéng verschidde Plazen och zéng verschidde Geschichten iwwer se gouf. Deen nämmlechte Gott, oder zumindest deen nämmlechten Numm, konnt vläicht op verschidde Plazen als Haaptgott veréiert ginn, mä dat heescht nach laang net datt en onbedéngt déi nämmlecht Funktioun(en) hat. Et konnt souguer virkommen datt ee Gott op eng verschidden Aart a Weis duergestalt gouf.

Griichesche Pantheon

Mënschen, Hallefgëtter, Heroen

Monsteren, Déieren, an aner Grujelwiesen

Mythologesch Objeten a Plazen

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Griichesch Mythologie – Biller, Videoen oder Audiodateien