Grondschoul (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia

Grondschoul (école fondamentale) ass den Numm vun engem Deel vum obligatoresche Schoulunterrecht zu Lëtzebuerg. Si ass duerch e Gesetz vum 21. Januar 2009 agefouert ginn, a setzt sech zesummen aus der fréierer Virschoul (Spillschoul) a Primärschoul.

D'Grondschoul ass obligatoresch fir d'Kanner vu 4 Joer un a setzt sech aus 4 Zyklen zesummen (amplaz, wéi fréier, aus Schouljoren).

Den 1. Zyklus ass fir Kanner vun 3-5 Joer, deen 2. fir déi vu 6-7 Joer, deen 3. fir déi vun 8-9 Joer an dee 4. fir déi vun 10-11 Joer (Alter bei der Rentrée).

Fir vun engem Zyklus an deen nächsten ze kommen (bei deene meeschten all 2 Joer), muss d'Kand déi néideg Kompetenzen (e sougenannte "Kompetenzsockel", dee genee definéiert ass) noweisen.[1] Déi ginn am Laf vum Joer an um Schluss vun den Zyklen evaluéiert.

Dat neit Schoulgesetz huet och d'Organisatioun vum Léierpersonal an de Schoule reforméiert; d'Enseignante mussen an Ekippen zesummeschaffen an d'Schoule gi vun engem Schoulcomité mat un der Spëtzt engem President dirigéiert.

Fir d'Schouljoer 2009-2010 ass de System a Kraaft getrueden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wëssen, kënnen, wëllen: l'approche par competences Archivéiert op 2009-11-25. Gekuckt de(n) 2009-09-11.