Gronn (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gronn
Luxembourg Grund from Verlorenkost 01.jpg
Vue vum Verluerekascht op de Gronn
An anere Sproochen fr: Grund
de: Grund
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 950 (31.12.2017)
Fläch 30,03 ha
Koordinaten 49° 36’ 31.8’’ N
06° 08’ 13.1’’ O
Grund quarter highlighted.png
De Gronn (blo)
an der Stad Lëtzebuerg (gro)

De Gronn, och dacks Stadgronn genannt[1], ass eng Kadastersektioun an e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg an engem Deel vum Uelzechtdall a vum Péitrussdall südëstlech vum Stadzentrum. De Gronn grenzt un d'Stater Quartieren: (am Auerzäresënn) Pafendall, Clausen, Zens, Polfermillen, Bouneweg-Nord, Gare, an Uewerstad.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Enn vum Fréimëttelalter hu sech um Ufer vun der Uelzecht Handwierker néiergelooss, déi d'Waasser vum Floss gebraucht hu fir schaffen ze kënnen. 1083 huet de Grof Konrad eng Abtei gestëft, d'Abtei Almënster. Zu där Zäit gouf et schonn zwou Kierchen am Uelzechtdall ronderëm de Bockfiels: Sankt-Ulrich, bei der Mëndung vun der Péitruss, a Sankt-Matthäus am Norden, bei der Réimerbréck am Pafendall. D'Kierchtierm kéinte gläichzäiteg Wuechttierm gewiescht sinn, fir den Zougang zum Dall an d'Brécken am A ze halen.[2]

Sou huet sech d'Ënnerstad gebilt, déi uganks nach ante portas louch, bis datt se am 14. Joerhonnert vun der drëtter Stadmauer, déi op de Wenzel II. zréckgeet an dofir och nach Wenzelsmauer genannt gëtt, protegéiert gouf.

Wéi d'Abtei Almënster am Joer 1543 zerstéiert gouf, sinn d'Benediktiner an de Gronn an den Hospice Saint Jean geplënnert an hunn do d'Abtei Neimënster gegrënnt, déi no engem Brand am Joer 1684 nees opgebaut gouf an nach haut besteet. Haut ass do de Kulturzentrum Neimënster.

De 26. Juni 1807 huet de Blëtz an de Polvertuerm um Verluerekascht ageschloen. Do waren 11.200 Kg Polver, 2.500 Kanounekugelen a Kartusche gelagert déi dee Moment explodéiert sinn. De Stadgronn gouf duerch d'Drockwell am uergste getraff: D'Haiser goufe schwéier beschiedegt a Beem goufen ëmgehäit. 32 Persoune koumen ëm d'Liewen an 120 goufen der schwéier blesséiert, dorënner vill Kanner. De Schued gouf op 1 Millioun Goldfrang geschat [3].

Well vun uganks 19. Joerhonnert bis 1984[4] déi zwee Prisonge vum Land am Gronn louchen, stoung den Ausdrock "am Gronn sinn" (oder "sëtzen") euphemistesch fir "am Prisong sinn". De Fraeprisong war am Hospice Saint-Jean, dem haitegen Naturmusée, an de Männerprisong war an der Abtei Neimënster.

Vum Haff vun der Cité judiciaire um Helleg-Geescht-Plateau an der Uewerstad kënnt ee mat engem Lift, deen 1987 gebaut gouf, erof an de Gronn.

1994 gouf d'Festung an déi al Quartieren vun der Stad Lëtzebuerg, dorënner och de Gronn, als Site vun der Weltierfschaft vun der UNESCO klasséiert.

De Gronn am 21. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Zwee Kulturhaiser prägen am 21. Joerhonnert déi kulturell Offer am Gronn: de Kulturzenter Neimënster (Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster) an den Nationalmusée fir Naturgeschicht (Naturmusée). Do dernieft ass de Gronn hautdesdaags virun allem fir säin Nuetsliewe beléift mat senge Caféen (Aula, Brasserie Wenzel (Neimënster), Café des artistes, Liquid, Oscar's, Scott's, Updown) a Restauranten (Bosso, Il Fragolino, Kamakura, Mosconi, Vins fins).

Fräiliichtmanifestatiounen am Gronn[änneren | Quelltext änneren]

  • Blues 'n' Jazz Rallye[5] am Gronn an a Clausen, zanter 1999 all Joer Enn Juli, eng Zesummenaarbecht vum Blues-Club Lëtzebuerg mat dem LCTO (Luxembourg City Tourist Office) an de Bistroen.
  • Duck Race, eng Course vu 16000 Platikssinten op der Péitruss.[6]
  • Konscht am Gronn[7] ass eng Open-Air-Konschtgalerie, déi zënter 2006 vum Grënner Syndikat op e puer Sonndeger am Joer organiséiert gëtt, woubäi sech maximal 34 Kënschtler op der Bréck an um Parking op der Schmëdd presentéiere kënnen. Op deenen Deeg ass de Stadgronn fir de Verkéier gespaart.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

Op den 31.12.2017 hunn am Gronn 950 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 40,00 % géintiwwer 60,00 % Auslänner[8].

Grënnesch Leit no Nationalitéit (31.12.2017)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 950 100,00%
1 Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg 380 40,00%
2 Flag of Portugal.svg Portugal 118 12,42%
3 Flag of France.svg Frankräich 113 11,89%
4 Flag of Italy.svg Italien 42 4,42%
5 Flag of Belgium (civil).svg Belsch 30 3,16%
Flag of Germany.svg Däitschland 30 3,16%
6 Flag of Spain.svg Spuenien 23 2,42%
7 Flag of the United Kingdom.svg Vereenegt Kinnekräich 15 1,58%
8 Flag of Sweden.svg Schweden 12 1,26%
9 Flag of Poland.svg Polen 11 1,16%
Flag of the Netherlands.svg Holland 11 1,16%
10 Flag of the United States.svg USA 10 1,05%
Top 10 795 83,68%
Aner Nationalitéiten 155 16,32%

Bekannt Leit aus dem Gronn[änneren | Quelltext änneren]

Veräiner a Fondatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Staatlech Verwaltungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes am Gronn[änneren | Quelltext änneren]

Am Uelzechtdall[änneren | Quelltext änneren]

Am Péitrussdall[änneren | Quelltext änneren]

Naturwëssenschaftleches[änneren | Quelltext änneren]

Den Timber vu 1990 mat der 'neier' Wanzenaart

Op der Grenz tëschent der Uewerstad an dem Gronn, op engem vun deenen zwéi Aaschterten vun der Corniche, op der Héicht vun der Maison de Cassal, gouf 1980 eng Wanzenaart fonnt, déi nei fir d'Wëssenschaft war. Den Entdecker, de Léopold Reichling, huet se ënner dem Numm Psallus pseudoplatani Reichling 1984 beschriwwen. De Reegele vun der Zoologie no war dëse Bam de sougenannte locus typicus vun der Aart. Zanter dem Verschwanne vun de Beem existéiert dëse locus typicus net méi. An deene folgende Joren gouf d'Aart op Aaschterten an Hieselter uechter d'Stad fonnt, ë. a. op der Rumm am Gronn.[18]

1993 huet déi polnesch Zoologin Wanda Maria Weiner no bei der Uelzecht am Gronn eng nei Proturenaart (Beentaaschter) fir d'Wëssenschaft fonnt, Eosentomon luxembourgense Szeptycki 2001, eng endemesch Aart fir Lëtzebuerg.

Energie[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum Programm fir den Asaz vun erneierbaren Energien huet d'Stad Lëtzebuerg op der Hasteschmillen en 100 KW staarkt Waasserkraaftwierk gebaut, wat am November 2009 a Betrib goung. D'Turbinn steet iwwregens do, wou am 19. Joerhonnert nach Millerieder gedréit hunn, an deckt de Energieverbrauch vun 100 Haiser.

Mobilitéit[änneren | Quelltext änneren]

D'Tréiererstrooss ass tëschent den Haiser Nr. 10 an 48 nëmmen fir den ëffentleche Verkéier a fir Vëloen zougänglech.

Vëlo[änneren | Quelltext änneren]

D'Vëlospist PC1, och nach Piste cyclable du centre, féiert an engem Bou ëm d'Stad Lëtzebuerg an huet hiren Ufank an hir Endstatioun am Gronn.

Um Biisserwee Nummer 8 bedreift d'Stad Lëtzebuerg ënnert dem Numm Vélo en Ville e Vëlosatelier, dee Vëloe léint a fléckt.[19]

Ëffentleche Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Buslinn 23 vun der Stad Lëtzebuerg passéiert am Gronn. Do dernieft besteet no beim Gronn Accès zu folgend Linnen:

Parkplazen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft den net iwwerdeckte Parkingen kann och nach a folgend Stroossen geparkt ginn: Grënnerbierg, Ënnerpéitruss. Zwee iwwerdeckt Parkingen sinn no beim Gronn geleeën: Centre - Saint Esprit (Uewerstad) an Centre - Brasserie (Clausen).

Net iwwerdeckte Parkplazen
Strooss, Plaz Parkplazen Handikapéierte-Parkplazen
Ënnerpéitruss / Rue Saint-Quirin 33 ?
Tilleschgaass / Rue Saint-Ulric 32 ?
Grënner Bréck / Rue Münster 5 1
Rue Sosthène-Weis 2 0
Biisserwee / Bisserweg 12 ?
Biisserwee / Bisserweg 45 ?
Kierch Lëtzebuerg-Stadgronn ? 1
Op der Rumm ? ?

Strossen am Gronn[änneren | Quelltext änneren]

Franséischen Numm Lëtzebuergeschen Numm[20]
Bisserweg Biisserwee
Montée de la Pétrusse Péitrussbierg; Ale Berlinerwee[21]
Montée du Grund Grënnerbierg; Gronnbierg
Rue Plaetis[22] Plaetisgaass
Plateau du Rham Op der Rumm
Rue Münster Mënstergässel; Schelmergaass[23]
Rue de Prague Berlinerwee
Rue de Trèves Tréierer Strooss; Kéibierg[24]
Rue du Rham Dinselgaass; Rummbierg
Rue Saint-Ulric Tilleschgaass
Rue Saint-Quirin Ënnerpéitruss
Rue Sosthène-Weis Sosthène-Weis-Strooss; Neie Wee

Plazen am Gronn[änneren | Quelltext änneren]

Franséischen Numm Lëtzebuergeschen Numm
Place Auguste-Engel Auguste-Engel-Plaz, fréier: Bei der Hasteschmillen
n.a. Op der Schmëdd
Parvis de Neumünster Parvis vun Neimënster

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Filmer, déi (zum Deel) am Gronn gedréit goufen[änneren | Quelltext änneren]

Kaarte vum Gronn[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vum Stadgronn

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1984. Das Vereinsleben in Stadtgrund. ons stad 15: 17. PDF 264 KB
  • Bange, Evamarie, 2006. Das Bürgerhospiz St. Jean im Stadtgrund. ons stad 81: 8-9. PDF 570 KB
  • Beck, Henri, 1995. L'Hospice St.-Jean au Grund. ons stad 50: 2-3. PDF 549 KB
  • Brückler, Raymond & Jos Tontlinger (éd.), 1982. Les Gosses - Ils ont photographié le quartier de Luxembourg-Grund. 55 p. Inter-Actions Faubourgs a.s.b.l., Imprimerie Litho Bourg-Bourger Luxembourg.
  • Clesse, René 1995. Krudelsgaass, Schelmergaass, Spidailsgaass, Mënstergaass... Die bewegte Geschichte von Stadtgrund am Beispiel der Rue Münster. Ons Stad 50: 14-16. PDF 773 Kb
  • Clesse, René, 1996. Während der Kriegsjahre 1940-1944: Insgesamt 3.700 politische Häftlinge in Stadtgrund. ons stad 51: 20-21. PDF 414 KB
  • Clesse, René, 1996. Das alte Gefängnis von Stadtgrund. ons stad 51: 19 PDF 368 KB
  • Hoffmann, D., 2016. Mäi Quartier: Das Rham-Plateau - Von Kanonenfeuer bis Gesang. Op www.wort.lu an am Luxemburger Wort vum 5./6. Mäerz 2016, S. 40. (PDF)
  • Höhfeld, Barbara, 1984. Ausflug in den Stadtgrund. ons stad 15: 20-21 PDF 528 KB
  • Kunnert, Jemp, 1984. Stadtgrund — ein Spaziergang gang durch Raum und Zeit. Ons Stad 15: 10-15. PDF 1,9 MB
  • Pauly, M., 1987. Stadtgrund: Menschen und Steine in Gefahr. Forum 98: 3-8. PDF
  • Pauly, Michel, 1989. Ein Schöffe und viele Handwerker. Zur Sozialtopographie von Stadtgrund im späten Mittelalter. In: Am Schiet vun der Festung, Luxemburg, S. 23-26.
  • Reuter, Joseph, ?. In den Gassen von Stadtgrund. In: Livre d'or du centenaire de la fanfare royale grand- ducale Luxembourg-Grund (1852-1952).
  • Weicherding-Goergen, Blanche, 1981. Ma ville et ses beautés cachées Le pittoresque "Haffchen" du Bisserwé au Stadtgrund. ons stad 07: 14-16. PDF 798 KB
  • Yegles-Becker, Isabelle, 1996. L'abbaye de Neumunster au Grund. ons stad 51: 4-7. PDF 1 MB

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gronn (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Déi haiteg offiziell Bezeechnung vum Grënner Quartier ass Gronn, cf. topograpesch an aner Kaarte vun der Stad Lëtzebuerg. Déi fréier Bezeechnung Stadgronn war an der éischter Halschecht vum 20. Joerhonnert nach ganz geleefeg. Quell: mëndlech Matdeelung vum R.Philippart, 16. Februar 2018.
  2. Michel Pauly: "Von Weimerskirch nach Luxemburg: Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg im Mittelalter." In: ons stad 99, 2012, S. 4-9. [Baséiert op: Michel Pauly: "Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg von den Anfängen bis zum Beginn des 16. Jahrhunderts", in: Leben im Mittelalter: Luxemburg, Metz und Trier. Studien zur mittelalterlichen Stadtgeschichte und -archäologie (Publ. scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, t. II), Luxemburg 1998, S. 7-31, wou och weider Literaturreferenze sinn.]
  3. Schaus Raymond, Au Stadgrond autrefois, Die Warte Nr. 14/2292, Luxemburger Wort 29. Abrëll 2010
  4. De 15. Mee 1984 sinn déi 228 Prisonéier aus dem Grënner Prisong an dee Schraasseger geplënnert.
  5. Cf. https://www.luxembourg-city.com/fr/blues-n-jazz-rallye
  6. Cf. http://www.duckrace.lu
  7. Cf. http://konschtamgronn.com
  8. État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)
  9. Cf. http://www.fanfareroyale.lu
  10. Cf. https://faune-flore.lu/
  11. Cf. http://www.inter-actions.lu/quartiers/luxembourg-grund/
  12. Cf. http://www.spatzen.org/
  13. Cf. http://luxembourgaccueil.com
  14. Cf. https://www.facebook.com/bracarenses
  15. Cf. http://flgym.lu/#/clubs/19
  16. Cf. http://www.gronn.info
  17. Cf. http://www.gouvernement.lu/4197771/enseignement-musical
  18. Reichling, L., 1984. Les Hétéroptères du Grand-Duché de Luxembourg. 1. Psallus (Hylopsallus) pseudoplatani n. sp. (Miridae, Phylinae) et espèces apparentées. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg 4 (1): 1-17. [1]
  19. Cf. d'Facebooksäit vu Vélo en ville: https://www.facebook.com/pages/Velo-En-Ville/440802842620666
  20. Quell, wann net anescht uginn: LCTO, Plan Ville et environs, 9e édition, 1999
  21. Henri Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an: Ons Stad, Nr. 44/1993, S. 22
  22. 1795 huet d'Plaetisgaass "Rue des tanneurs" geheescht. Quell: Ons Stad 41/1992.
  23. Cf. Clesse 1995 an der Literatur.
  24. Quell: Stroosseschëlder vun der Stad Lëtzebuerg um Gebai vu Vins fins an um Gymnase Cents-Gronn.