Groupe d'intervention de la police

Vu Wikipedia

De Groupe d'intervention de la police war déi Unitéit an der Police (Lëtzebuerg) déi ausgebild an zoustänneg war fir besonnesch geféierlech Asätz, wéi zum Beispill Befreiung vu Geiselen, Vehaftung vu méi geféierleche Verdächtegen, asw.

Am Kader vun der Fusioun vu Police a Gendarmerie grand-ducale ass och de GIP mat hirem Pendant an der Gendarmerie, der Brigade mobile vun der Gendarmerie, an der Unité spéciale de la police opgaangen.