Groussbéiweng

Vu Wikipedia

Groussbéiweng an der Gemeng Garnech ass e Lieu-dit zu Héiweng.

Groussbéiweng gëtt net op Stroosseschëlter ugewisen. Den Numm bezeechent och de Flouer op där Plaz, wou nëmmen e Bauerenhaff steet an et läit op der rietser Säit vum CR106 wann e vun Duelem op Héiweng fiert, direkt an der Entrée vun Héiweng.

Op fréieren topographesche Kaarte gëtt op där Plaz eng Brennerei ernimmt.