Grousse Rot vu Mechelen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Grousse Conseil vu Mechelen)
De Palais vun der Margaretha vun Éisträich, Sëtz vum Grousse Rot 1616-1792

De Grousse Rot vu Mechelen war tëscht dem 15. Joerhonnert an der Franséischer Revolutioun dat héchst Geriicht an den Nidderlanden, a vum Philippe II. vu Spuenien un, nach just an de Südlechen Nidderlanden. Op Franséisch gouf e Grand Conseil des Pays-Bas à Malines genannt, op hollännesch Groote Rad der Nederlanden an op Däitsch Grosser Rat der Niederlande zu Mecheln.

De Grousse Rot ass ufanks zu Mechelen am Schepenhuis (Schäffenhaus) zesummekomm, a vu 1616 un am Palais vun der Margaretha vun Éisträich.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Mëttelalter haten d'Fürste Conseilleren, déi de Regierungsrot oder -conseil gebilt hunn. E gouf Consilium oder Curia genannt. No an no hunn déi verschidde Conseillere sech spezialiséiert: et gouf Réit fir Justiz, Politik, Finanzen, asw.

Den Herzog vu Burgund, Karel de Kéngen huet 1473 säi Geriichtsrot zu Mechelen etabléiert, dee Parlament vu Mechelen genannt gouf. Seng Duechter, d'Maria vun der Bourgogne, huet dat 1477 nees ofgeschaaft. No e puer Joerzéngten Hin an Hier huet hire Jong, de Philippe de Schéinen, deen d'Ierwin vun Aragon a Kastillien bestuet hat, 1504 de Grousse Rot (deen elo net méi "Parlament" housch) zu Mechelen fir zerguttst etabléiert.

Am 16. Joerhonnert ass de Wierkungsberäich vum Grousse Rot gewuess, sou wéi de Besëtz vum Karel V. gewuess ass: Tournai, Utrecht, Friesland, Overijssel an d'Herzogtum Geldern si mat bäikomm, soudatt de Rot elo d'iewescht Jurisdiktioun iwwer déi Siwwenzéng Provënzen hat.

Nom Achtzegjärege Krich huet de Grousse Rot 1582 d'Jurisdiktioun iwwer den Norden, also iwwer d'Siwe Provënze verluer. Am 18. Jh. hu sech no an no d'Réit vu verschiddene südleche Provënzen fir souverän erkläert: fir d'éischt d'Herzogtum Brabant, dann d'Grofschaft Hainaut, 1782 dann och d'Justizréit vun Tournai a vu Lëtzebuerg.

E puer Joer méi spéit, beim zweeten Iwwerfall vun den Truppe vun der Franséischer Revolutioun, gouf 1794 de Rot opgeléist. Een Deel vun de Conseillere goung op Regensburg, respektiv op Augsburg, en aneren huet an de Geriichtsinstanze vum neie Regime Aarbecht fonnt.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Joerhonnerten huet de Rot sech net vill verännert. Et gouf e President a 15 oder 16 Conseilleren, ee Procureur général, ee Substitut fir de Procureur général, e Steier-Affekot , eng zéng Secretairen, 2 oder 3 Greffieren, Affekoten an Dierwiechteren.

Ënner de Conseilleren, déi traditionell rout Roben unhaten, waren der ufanks ee Véirel Geeschtlecher, spéider just nach zwéin. Se goufe vum Fürst, op Grondlag vun enger Kandidatelëscht, déi de Rot him virgeluecht huet, ernannt. Se hu missen eng Lizenz oder een Doktorat am Droit hunn.

Seng Roll[änneren | Quelltext änneren]

Och wann d'Roll vum Grousse Rot sech mat der Zäit geännert huet, sou war e meeschtens Éischt- a Leschtinstanzgeriicht fir Persounen an Institutiounen, déi ënner dem Fürst sengem Schutz stoungen, an nëmmen do geriicht konnte ginn. Ausserdeem war et eng Cour d'Appel an Hougeriicht fir Provënzialréit.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Am Lëtzebuergesche gouf et laang den Ausdrock " op Mechelen goen", fir auszedrécken, datt an engem Spill bei engem Onentschiden alles op déi lescht Partie gesat gëtt, oder datt ee wollt seng lescht Tromp ausspillen. "Mechelen" gouf an deem Zesummenhank alt zu "Mecher" oder Meechels" verballhornt.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich: Kalennerblieder 1, Lëtzebuerg: Bourg-Bourger, 1979, S.11.