Groussherzoglecht Reglement
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksiichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
E groussherzoglecht Reglement oder Règlement grand-ducal ass e Reglement dat de Grand-Duc am Kader vu enger deementspriechender Dispositioun aus der Constitutioun hëlt. Am Allgemengen ënnerscheet een tëscht dräi Zorte vu Règlement-grand-ducallen:
Exekutiounsreglementer
[änneren | Quelltext änneren]De Grand-Duc huet déi allgemeng Kompetenz fir e Gesetz oder en Traité iwwert Reglementer auszeféieren (ze exekutéieren), ouni datt hien extra dozou ermächtegt misst ginn. E Reglement kann awer ëmmer nëmmen am Kader vun engem Gesetz geholl ginn, dat an der Hierarchie vun den Normen driwwer steet. D'Reglement muss och néideg si fir d'Gesetz oder den Traité auszeféieren. Dat ass net de Fall, wann am Gesetz oder am Traité alles kloer ass an et ouni Reglement ausgeféiert ka ginn.
Ausser de Fäll, déi formell mat engem Gesetz musse gereegelt ginn, iwwerléisst d'Legislativ der Exekutiv et dacks fir e Gesetz z'exekutéieren andeems grouss Deeler iwwert Reglementer ze definéiere sinn.
Attributiounsreglementer
[änneren | Quelltext änneren]An de Beräicher déi der Constitutioun no duerch e formellt Gesetz musse gereegelt ginn[2], ass d'reglementaresch Muecht vum Grand-Duc op d'Objektiv an d'Konditioune limitéiert déi him vum Gesetz zougestane ginn. Anescht wéi bei de Exekutiounsreglementer wou de Grand-Duc eng allgemeng Kompetenz huet fir e Gesetz z'exekutéieren, ass et bei den Attributiounsreglementer just bannent engem strikte Kader méiglech.
Am Gesetz muss eng speziell Dispositioun dem Grand-Duc d'reglementaresch Muecht zouweisen (attribuéieren); dat geschitt mat enger Formulatioun wéi z. B.: « … est défini par règlement grand-ducal ».
Habilitatiounsreglementer
[änneren | Quelltext änneren]D'Habilitatiounsreglementer sinn eng speziell Form vu groussherzogleche Reglementer. D'Basis fir déi kënnen ze huelen, ass entweeder direkt an der Verfassung verankert oder gëtt mat engem Habilitatiounsgesetz geschaf. Eenzeg an eleng de Grand-Duc kann déi Reglementer huelen.
Reglementer op Basis vun der Constitutioun
[änneren | Quelltext änneren]An Zäite vun enger internationaler Kris, enger realer Liewensbedroung fir en Deel oder fir déi ganz Bevëlkerung oder wéinst enger akuter Gefor duerch en Ugrëff op d'ëffentleche Sécherheet, kann den Ausnamzoustand ausgeruff gi well déi normal legislativ Prozedur ze schwéierfälleg ass an net mat der néideger Vitess an Effizienz reagéiere kann.
An deem Fall kann d'Regierung zesumme mam Grand-Duc fir all Situatioune Reglementer huelen, ënnert der Konditioun, datt d'Urgence festgestallt gouf, doduerch datt et der Chamber net méiglech ass an den normalen Delaien ze legiferéieren.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ausnamezoustand.
Beispill:
- Règlement grand-ducal du 18 mars 2020 portant introduction d'une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19[4].
Reglementer op Basis vum Gesetz
[änneren | Quelltext änneren]D'Habilitatiounsreglementer op gesetzlecher Basis sinn am Artikel 32(2) vun der Verfassung verankert. Ausser de Sujete fir déi e formellt Gesetz néideg ass, kann d'Legislativ dem Grand-Duc eng speziell Ermächtegung gi fir ze reglementéieren, iwwert déi normal Exekutioun vun engem Gesetz oder Traité eraus. De Grand-Duc kritt domat d'Méiglechkeet d'Ausdeenung vum Gesetz méi oder manner grouss ze maachen.
Beispill:
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Besch, Marc. (2026). Normes et légistique en droit public luxembourgeois. 2e éd., Windhof: Larcier-Intersentia, ISBN 978-2-49675-020-1
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Art. 45. (1) – « De Grand-Duc hëlt d'Reglementer an d'Arrêtéen, déi fir d'Vollstreckung vun de Gesetzer néideg sinn. »; Art. 46. – « De Grand-Duc schléisst d'Traitéen a kënnegt se. (…) De Grand-Duc mécht d'Reglementer an d'Arrêtéen, déi fir d'Ausféierung vun den Traitéen néideg sinn … »
- 1 2 Art. 45. (2) – « An de Beräicher, déi duerch d’Verfassung dem Gesetz virbehale sinn, kann de Grand-Duc Reglementer an Arrêtéen nëmmen opgrond vun enger besonnescher gesetzlecher Bestëmmung huelen, déi d’Zil vun de Vollstreckungsmoossnamen an eventuell d’Konditiounen, deene si ënnerleien, festleet. »
- ↑ Art. 48. – « Am Fall vun enger internationaler Kris, vu reelle Menacë fir d’vital Interessie vun der ganzer Populatioun oder engem Deel dovun oder vun enger imminenter Gefor wéinst schwéiere Beanträchtegunge vun der ëffentlecher Sécherheet kann de Grand-Duc an alle Beräicher per Reglement Moossnamen ergräifen, nodeems hien d’Drénglechkeet vun der Situatioun festgestallt huet, déi doraus resultéiert, dass et der Chamber onméiglech ass, matzäit ze legiferéieren. Dës Moossname kënne vu Gesetzer, déi existéieren, ofwäichen (…). »
- ↑ Version consolidée applicable au 12/06/2020 : Règlement grand-ducal du 18 mars 2020 portant introduction d'une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 22.05.2022.
- ↑ Loi du 1er décembre 1978 réglant la procédure administrative non contentieuse. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 22.05.2022.
- ↑ « Des règlements grand-ducaux peuvent également modifier les lois et règlements existants (…) »
- Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Besch M., an der Literatur