Grumett

Vu Wikipedia
Eng Grumett Ø 48 mm, aus Seel 16 mm, Drokraaft 29.500 kg

Eng Grumett (fr: groumette oder câble sans fin; de: Endlosseil oder Grumette, en: grommet-rope sling) ass een Uschlagmëttel dat aus engem Seel ouni Enn besteet. Grumette kënnen aus Hanf, Stol, oder aus engem Konschtstoff wéi Nylon fabrizéiert sinn.

Grummette ginn do agesat, wou de Gebrauch vun engem Seel mat engem Krop net méiglech ass, z. B. wann een d'Seel ënner eppes muss erduerch zéien, an net genuch fräie Raum fir e Krop do ass. Seeler fir Seelbunne sinn an deem Sënn och Grumetten. Ofhängeg vum Duerchmiesser hu Grumette Mindestlängten. Dat ass doduerch bedéngt well se op der Plaz wou de Spläis ass net däerfen agehang ginn. Well d'Längt vum Spläis am Verhältnes vum Durchmiesser ass, a bei décke Seeler deemno méi grouss ass, sinn dofir an der DIN-EN Norm 13414 Mindestlängte virgeschriwwen.

Haut kritt de Client beim Kaf vun enger Grummet, en Zertifikat matgeliwwert, an deem déi technesch Donnéeën drastinn, wien de Fabrikant ass, e fir water Chargë se zougeloss ass. Un der Grummett ass eng Plack déi d'Charge fir déi verschidden Uschlagmethoden, direkt oder indirekt ugëtt.

Well déi Plaz, wou de Spläis ass, net däerf op engem Krop agehange ginn, ass dësen Deel mat rouder Faarf markéiert.

E puer Beispiller fir d'Drokraaft (WLL) direkt[änneren | Quelltext änneren]

  • Faserseeler
    • Hanf 16 mm Ø: 210 kg
    • Polyamid 16 mm Ø: 560 kg
    • Polypropylen 16 mm Ø: 470 kg
  • Stole Seeler
    • 18 mm Ø: 4.630 kg

Grummetten aus Faseren däerfen net ënner 16 mm Ø gebraucht ginn.