Op den Inhalt sprangen

Grupp vum Periodesystem

Vu Wikipedia
De Periodesystem mat den 18 Kolonnen (Gruppen)

An der Chimie bezitt sech eng Grupp vum Periodesystem op eng Kolonn vum Periodesystem vun den Elementer. All d'Elementer vun enger Grupp hunn déi selwecht Zuel vu Valenzelektronen an dowéinst och änlech cheemesch Eegenschaften. Gruppe vun Elementer mat besonnesch änlechen Eegenschafte ginn och Elementfamillje genannt; dëst betrëfft d'Alkalimetaller, d'Äerdalkalimetaller an d'Halogeenen.

De gasfërmegen Netmetall Waasserstoff huet eng speziell Positioun a gëtt iwwer dem éischten Element vun der éischter Grupp placéiert well en déi selwecht Zuel vu Valenzelektronen huet wéi d'Alkalimetaller drënner. Waasserstoff huet awer just ganz limitéiert cheemesch Eegenschaften, déi den Alkalimetaller gläichen, wat och eng Konsequenz vu senger däitlech méi héijer éischter Ioniséierungsenergie ass. Deels besteet och d'Meenung, datt de Waasserstoff am Fong zu kenger bestëmmter Grupp am Periodesystem gehéiert[1].

Bannent all Grupp huelen d'Atommass an de metallesche Charakter vun den Elementer vun uewen no ënnen zou, iwwerdeems d'Elektronegativitéit tendenziell erofgeet.

Et gëtt am Ganzen 18 Gruppen, vun deenen der aacht (Gruppen 1, 2 an 13–18) als Haaptgruppen an der zéng (Gruppen 3–12) als Niewegruppe bezeechent ginn. An den Niewegruppe fënnt een d'Iwwergangsmetaller. Verschidde Gruppe ginn als Bléck zesummegefaasst.

Nummeréierung vun de Gruppen

[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Elementer an enger Grupp änlech cheemesch Eegenschaften hunn, gëtt et deels Gruppe mat engem speziellen Numm. Déi bekanntst Gruppe sinn d'Alkalimetaller (1. Haaptgrupp) an Äerdalkalimetaller (2. Haaptgrupp) grad ewéi d'Halogeenen (7. Haaptgrupp) an d'Eedelgasen (8. Haaptgrupp).

Gemenkerhand sollen d'Gruppen awer der IUPAC-Konventioun no mat arabeschen Zifferen (vun 1 bis 18) nummeréiert ginn.

D'Gruppe vum Periodesystem
IUPAC Numm vun der Grupp Haapt- / Ënnergrupp
Grupp 1 Alkalimetaller a Waasserstoff 1. Haaptgrupp
Grupp 2 Äerdalkalimetaller 2. Haaptgrupp
Grupp 3 Scandiumgrupp 3. Ënnergrupp
Grupp 4 Titangrupp 4. Ënnergrupp
Grupp 5 Vanadiumgrupp 5. Ënnergrupp
Grupp 6 Chromgrupp 6. Ënnergrupp
Grupp 7 Mangangrupp 7. Ënnergrupp
Grupp 8 Eisegrupp 8. Ënnergrupp
Grupp 9 Kobaltgrupp 8. Ënnergrupp
Grupp 10 Néckelgrupp 8. Ënnergrupp
Grupp 11 Koffergrupp 1. Ënnergrupp
Grupp 12 Zénkgrupp 2. Ënnergrupp
Grupp 13 Borgrupp / Äerdmetaller 3. Haaptgrupp
Grupp 14 Kuelestoff-Siliziumgrupp / Tetrel 4. Haaptgrupp
Grupp 15 Stéckstoff-Phosphor-Grupp / Pnictogeenen / Pentele 5. Haaptgrupp
Grupp 16 Chalkogeenen / Sauerstoffgrupp / Äerzbilder 6. Haaptgrupp
Grupp 17 Halogeenen / Fluorgruppen / Salzbilder 7. Haaptgrupp
Grupp 18 Eedelgase / Heliumgrupp 8. Haaptgrupp

Do dernieft ginn d'Lanthanoiden an d'Actinoiden wéinst hiren änleche chemeschen Eegenschaften dacks als eng eege Grupp ugesinn.

Déi nach net entdeckt Elementer mat den Uerdnungszuelen 122 bis 153 bilden eng Grupp, déi Superactinoide genannt ginn.

 Commons: Grupp vum Periodesystem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Theodore L. Brown, H. Eugene LeMay, Bruce E. Bursten: Chemie. Die zentrale Wissenschaft. Pearson Studium, 2007, ISBN 978-3-8273-7191-1, S. 333.