Guda (Nonn)

Vu Wikipedia
Christianity Symbol.png Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der däitscher Buchmolerin an Nonn. Fir déi däitsch Adeleg, kuckt wgl. Guda vun Thüringen.
Guda
Guda Homiliar - Univ.bib Frankfurt Barth42 f110v (detail).jpeg
Gebuer 12th Joerhonnert
Gestuerwen 12th Joerhonnert
Nationalitéit Däitschland
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Guda, och heiansdo Guda vu Weissfauen, war eng däitsch Nonn, Buchmolerin a Scribe. Si huet am 12. Joerhonnert gelieft, an huet an engem Klouschter a Westfalen gedéngt a geschafft[1][2].

D'Liewen an d'Originne vun der Guda si praktesch onbekannt. Si gouf fir hiren Homeliaire, a méi prezis fir hiren Autoportrait op enger Säit wäit bekannt. D'Bild huet och d'Beschreiwung : "Guda, peccatrix mulier, scripsit et pinxit hunc librum" (lb: "D'Guda, eng Sënnerin, huet dëst Buch geschriwwen an dekoréiert")[2]. Et ass ee vun den éischten Autoportraiten an der Geschicht vun der "westlecher" Konscht, an och ee vun den éischte weiblechen Autoportraiten[3]. Déi meescht Wierker vum Mëttelalter waren anonym, an d'Eegenzouschreiwung als Auteur war ongewéinlech a rar[4],[5].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://archive.li/F7LNx
  2. 2,0 2,1 https://www.brooklynmuseum.org/eascfa/dinner_party/heritage_floor/guda
  3. Où est l'artiste? / Jean-Pierre Bertin-Maghit. — Université Michel de Montaigne Bordeaux, 2007. — Vol. 3. — P. 172.
  4. Jo Catling. A History of Women's Writing in Germany, Austria and Switzerland. — Cambridge University Press, 2000. — P. 13.
  5. https://journals.openedition.org/clio/1602