Guillaume-Charles Roucaud

Vu Wikipedia

De Guillaume-Charles Roucaud, gebuer de 27. Dezember 1883 zu Fumel am Lot-et-Garonne a gestuerwen de 5. Juli 1944, war e franséische Generol.[1]

De Guillaume-Charles Roucaud huet seng Offizéieschschoul zu Saint-Cyr an der 88. Promotioun La Tour d'Auvergne vun 1903 bis 1905 gemaach, déi en als Major de promotion ofgeschloss huet.

1937 war hie Kommandant op Madagaskar an 1940 beim Ausbroch vum Zweete Weltkrich war e mat der 1. Kolonialdivisioun an der Schluecht vu Stonne engagéiert. Hie gouf gefaange geholl an 1941 nodeem e fräigelooss gi war, war e Chef vum État-major vun de Kolonialtruppen. 1942 gouf en zum Inspekter vun deenen Truppen ernannt an ass dat selwecht Joer pensionéiert ginn.

De Guillaume-Charles Roucaud war Offizéier vun der Légion d'honneur.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Generol Roucaud op der Websäit generals.dk Gearchiveerd op 2011-09-24. Gekuckt de(n) 2013-11-18.
  2. 88 Promotioun de La Tour d'Auvergne