Op den Inhalt sprangen

Guillaume Schneider

Vu Wikipedia
Guillaume Schneider
Gebuer 13. Dezember 1835
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. Januar 1895
Wien
Alter 59 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Banquier

De Guillaume Schneider, gebuer de 13. Dezember 1835 um Krautmaart an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen de 31. Januar 1895 zu Wien, war e lëtzebuergesche Banquier[2].

Hien huet säi Beruffsliewen als bäigeuerdenten Direkter vun enger Bank zu Wien verbruecht a gouf 1875 Lëtzebuerger Konsul am Éisträichesche Keeserräich[3].

No sengem Doud huet hien der Stad Lëtzebuerg eng gréisser Zomm Sue vermaach. Fir un hien z'erënneren, gouf eng Strooss um Lampertsbierg no him genannt.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Gebuertsschäin N° 483 S. 123. Archives nationales, Ville de Luxembourg (15.12.1835). Gekuckt de 07.02.2026.
  2. Quell, wou net anescht uginn: "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" ons stad Nr.68, 2001, S.17.
  3. (de) Ernennung des Wilhelm Schneider zum großherzoglich-luxemburgischen Konsul in Wien, 1875. www.archivinformationssystem.at. Gekuckt den 08.02.2026.
  4. L-2522 Lokalisatioun op geoportail.lu.