Guillaume Theves

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Guillaume Theves
Guillaume Theves-102.jpg
Gebuer 21. Januar 1895
Lëtzebuerg
Gestuerwen 8. Abrëll 1962
Munzen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Technesch Universitéit München
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Guillaume (Will) Theves, gebuer den 21. Januar 1895 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 8. Abrëll 1962 bei Munzen, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.

De Will Theves huet op der technescher Héichschoul (Königliche Technische Hochschule) vu München studéiert, wou hien am Oktober 1918 d'Hauptdiplomprüfung für Maschinen- und Elektroingenieur gepackt huet.

Den Arbed-Ingenieur[änneren | Quelltext änneren]

Den Theves huet am Ufank als Chef vun den Ateliere vun der Prënz-Hary-Bunn zu Péiteng geschafft. Dann ass hien am Abrëll 1920 Chef-Ingenieur op der „Terres-Rouges“-Schmelz zu Esch-Uelzecht ginn. Am Dezember 1927 gouf hie „Chef de service“ vum elektromechanesche Betrib vun Arbed-Schëffleng.

Als ARBED-Ingenieur huet de Will Theves sech an den 1930er Joren fir déi sougenannt „giel Gewerkschaft“ (radikalsozialistesch Aarbechtergruppen, National Gewerkschaft, „Radibutzkien“ genannt) agesat an decisiv zum Erfolleg vun dëser Gewerkschaft an der Stolindustrie bäigedroen.

No der Occupatioun vu Lëtzebuerg duerch Nazi-Däitschland am Mee 1940 huet den Theves am Ufank als Betribschef versicht, sech mat den neien Häre vum Land z'arrangéieren. Hien huet sech awer geschwënn ëmmer méi vun hinnen distanzéiert, an am November 1941 ass hien op Hinzert an d'SS-Sonderlager (KZ) komm. Enn Januar 1942 ass hien aus dem KZ entlooss ginn. Am Abrëll 1942 ass hien op d'Arbed-Wierk vu Burbach dienstverpflicht ginn. Am September 1942 stoung dem Theves säin Numm op der Lëscht fir op Leubus ëmgesidelt ze ginn. Dank dem Asaz vum Heinrich Bervé, dem Direkter vu Burbach, ass aus der Deportatioun op Leubus „nëmmen“ e forcéierten Openthalt zu Burbach ginn. Do huet den Theves mat enger Rei vu Sabotageakten op seng Aart a Weis Widderstand geleescht. Wéi hie riskéiert huet opzefléien a verhaft ze ginn, ass hien am August 1944 vu Burbach Richtung Lëtzebuerg fortgelaf. De Chef de gare Léon Eyschen huet hien a „senger“ Gare Colmar-Usines verstoppt.

No der Liberatioun vu Lëtzebuerg am September 1944 ass den Theves op seng fréier Schaff op Esch-Schëffleng zréckkomm. Hien huet seng Carrière als Direkter vun der Brohltal A.G. zu Burgbrohl, déi zu dem Arbed-Grupp gehéiert huet, ofgeschloss. Op där Plaz blouf hie bis 1952.

Conseiller am Escher Gemengerot[änneren | Quelltext änneren]

De Will Theves ass am Oktober 1928 op der Lëscht vun der Radikal-Sozialistescher Partei an de Gemengerot vun der Stad Esch-Uelzecht gewielt ginn, wou e säi Mandat den 1. Januar 1929 ugetrueden huet. 1934 ass hien op der Lëscht vun der Radikal-Liberaler Partei, déi aus der Fusioun vun de Radikalen an de Radikalsozialisten entstane war, erëmgewielt ginn. Den 10. Mee 1940 gouf et mat dem Iwwerfall vun den Hitlertruppen op Lëtzebuerg eng Zäsur an der Politik. Den 10./11. Mee 1940 gouf Esch evakuéiert, a well de Buergermeeschter Hubert Clément a seng zwee Schäffe François Cigrang a Léon Kinsch nach net aus der Evakuatioun zréck waren, huet déi deemoleg lëtzebuergesch „Landesverwaltungskommissioun“ den 3. Juli 1940 en temporären neie Schäfferot agesat, mam Jules Heisten als Buergermeeschter an dem Will Theves an dem Nicolas Quiring als Schäffen. Déi zwee Schäffe blouwen nëmme bis den 18. Juli 1940 am Amt. Du goufe si duerch de Cigrang an de Kinsch, déi aus der Evakuatioun erëm waren, ersat. Den Heisten blouf weiderhi Buergermeeschter, well den Hubert Clément am Exil bliwwen ass. D'Conseillere kruten de 25. November 1940 matgedeelt, datt op Grond vun enger „Verordnung“ vum „Chef der Zivilverwaltung“ de Gemengerot vum 15. November 1940 un opgeléist wier. Domat war dem Theves säi Mandat als Conseiller eriwwer. De Schäfferot blouf nach fir de Moment am Amt.

De 7. Oktober 1945 ass de Will Theves bei deenen éischte Gemengewalen nom Krich op der Lëscht vun der Liberaler Partei, déi hien nei gegrënnt hat, erëmgewielt ginn. Hien huet awer den 8. November 1946 als Conseiller demissionéiert, well hie säi Wunnsëtz verluecht huet.

A senger Funktioun als Member vum Escher Gemengerot war den Theves zäitweis President vun der Escher Schoulkommissioun. Vun 1931 bis 1941 war hie President vun den Escher fräiwëllege Pompjeeën. Vun 1935 u war hie President vum Interkommunalen Tramssyndikat (Syndicat des tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-s.-Alz.). Sengem Asaz war et ze verdanken, datt d'Arbed sengerzäit dem C.S. Fola den Terrain fir de Bau vum Emile-Mayrisch-Stadion um Escher Gaalgebierg, deen am Mee 1935 ageweit gouf, iwwerlooss huet. Als President vum 1936 gegrënnten „Aéro-Club du Bassin Minier“ a vun der am Februar 1937 konstituéierter „Société anonyme pour l'aménagement et l'exploitation de l'aérodrome d'Esch-sur-Alzette“ huet den Theves sech erfollegräich fir de Bau vum Escher Aerodrom agesat, deen de 26. September 1937 konnt ageweit ginn.

Den Deputéierten[änneren | Quelltext änneren]

De Will Theves huet bei de Chamberwale vum 7. Juni 1931 (Neiwalen am Norden an am Zentrum, Ergänzungswalen am Süden) op der Lëscht vun der Radikal-Sozialistescher Partei am Südbezierk kandidéiert, krut awer net genuch Stëmmen fir an d'Chamber ze kommen.

Bei de Chamberwale vum 3. Juni 1934 ass hien op der Lëscht vun der Radikal-Liberaler Partei gewielt ginn. Hie war deementspriechend Deputéierte vun 1934 u bis zu der Opléisung vun der Chamber den 22. Oktober 1940 duerch de Gauleiter Simon.

Nach ier de Krich eriwwer war, ass duerch de groussherzoglechen Arrêté vum 7. Juli 1944 de Mandat vun de Virkrichsdeputéierten – also och vum Theves – bis zu den nächste Wale verlängert ginn. De 6. Dezember 1944 ass d'Chamber fir d'éischt nees zesummekomm, war awer net beschlussfäheg, well vill Deputéiert nach net aus der Deportatioun oder dem KZ erëm waren. Den Theves war zwar am Land, ass awer net an d'Sëtzung gaangen, well seng Situatioun in puncto Epuratioun nach net gekläert war, woufir hien och net Member vun der Assemblée consultative genannt gouf.

Aacht Méint Member vun der VdB an dono Affer vun den Nazien[änneren | Quelltext änneren]

Dem Will Theves säi Problem war, datt hien am November 1940 dem Drock noginn an eng Demande fir Member vun der VdB (Volksdeutsche Bewegung) ze gi gemaach hat. Am Dezember gouf hien als Nummer 19.163 opgeholl. Hie war also kee Mann vun der éischter Stonn! Hie sollt och de Poste vun engem VdB-Zellenleiter iwwerhuelen, huet sech awer do dergéint gewiert. Am August 1941 ass hien aus der VdB ausgetrueden. Dono hu seng Problemer mat de Preisen ugefaangen: Verhéier duerch d'Gestapo, KZ Hinzert, Deportatioun, etc.

Nom Krich hat den Theves vu sech aus de Procureur d'État gebieden, eng Enquête iwwer seng Haltung am Krich ze maachen. Am Mäerz 1945 huet de Procureur festgestallt, datt den Theves sech näischt zu Scholde komme gelooss hätt: « aucun élément de preuve n'a été recueilli permettant d'inculper Theves d'une infraction quelconque […] il résulte au contraire du dossier qu'après une période de flottement de quelques semaines au début, l'attitude patriotique de Theves et des siens a été brillante ».

Den Innen- an Epuratiounsminister Robert Als huet am Juli 1945 geschriwwen, hie géif kee Grond gesinn, fir Sanktioune géint den Theves als Member vum Gemengerot ze huelen: « La famille Theves a payé un lourd tribut à la patrie. M. Theves, en dépit d'une détention de près de 3 mois à Hinzert, a itérativement risqué sa tête après sa libération de Hinzert. Mme Theves, qui n'a jamais fait partie d'une organisation nazie, a failli trouver la mort lors de sa rentrée, après un emprisonnement de plusieurs semaines. Son fils revint malade du camp de Dachau. Son frère aîné, Henri Theves, a été torturé à mort à Hinzert, où il a expiré le 22 décembre 1944 à l'âge de 51 ans. Son frère cadet, Jean, déporté en Silésie, fut pris par la Gestapo et a passé par trois camps, en dernier lieu par celui de Belsen. Même sa mère, âgée de 78 ans, fut arrêtée par la Gestapo et retenue pendant 14 heures. Dans ces circonstances il ne saurait être question pour moi d'envisager une sanction quelconque contre le conseiller communal Theves sur la base de l'arrêté grand-ducal du 26 mars 1945 concernant l'épuration des conseils communaux. »

D'Epuratiounskommission vun der Chamber am September 1945[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi aussergewéinlech Sessioun vun der Chamber, déi de 5. September 1945 ugefaangean de 14. September 1945 opgehalen huet, ass den Theves ugetrueden, well en der Meenung war, datt seng Haltung am Krich antëscht zu senge Gonschte gekläert wier.

An der éischter Sëtzung huet den Nic Biever, deen de Krich am Exil a Frankräich verbruecht hat, am Numm vun der Aarbechterpartei (Sozialisten) proposéiert, fir eng Kommissioun anzesetzen, fir déi Deputéiert, déi wéinst Verdacht op Incivisme net an d'Assemblée consultative genannt gi waren, z'epuréieren. Den Antrag gouf eestëmmeg ugeholl.

Dës Epuratiounskommissioun huet sech allerdéngs nëmme mat engem Fall, an zwar dem Fall Theves beschäftegt. An hirem Avis, deen der Chamber de 7. September matgedeelt gouf, huet si dem Theves virgeworf, sech vum August 1940 u bis Ufanks 1941 exzessiv schwaach géintiwwer dem Okkupant verhalen an him Gefällegkeete gemaach ze hunn. Hee wier an der VdB gewiescht. Et kéint him zwar net nogewise ginn, datt hie VdB-Zellenleiter gewiescht wier, mee hien hätt sech awer esou beholl an u Versammlungen deelgeholl. En Zeien hätt hien am wäissen Hiem an an der schwaarzer Box (am Ufank d'„Uniform“ vun der VdB) zu Esch virun engem Café gesinn. Dat alles wiere Feeler, déi de Prestige vun engem Deputéierte staark erofsetze géifen, an do kéint den Theves sech als Politiker net erëmkafen, och wann hie sech als Mënsch an als Privatpersoun duerch seng Haltung am weidere Verlaf vum Krich rehabilitéiert hätt. Hie sollt duerfir bis zu den nächste Walen op d'Ausübung vu sengem Mandat verzichten.

Den Theves huet ëmsoss versicht, d'Virwërf Punkt fir Punkt zréckzeweisen. Hien huet zum Beispill dëse Saz aus engem Rapport vun engem Riichter vun der Cour supérieur un den Inneminister zitéiert: « Il a été prétendu que Theves a été vu portant la pantalon noir et la chemise blanche. Il résulte de l'enquête faite que ce sont de simples racontars malveillants qui sont entièrement désavoués par ceux qui avaient été nommés pour en être les auteurs. » Hien huet un d'Leed, dat hien a seng Famill am Krich erlidden hunn, well se dem Okkupant d'Stir gebueden hätten, erënnert. Dat alles huet näischt gedingt. An der läschter Sëtzung vun der Sessioun, de 14. September 1945, gouf den Avis vun der Epuratiounskommissioun mat 9 Stëmmen dofir – 8 Sozialisten (Aarbechterpartei), 1 Chrëschtlechsozialen (CSV) – an 20 Abstentiounen ugeholl.

D'Chamberwalen 1945[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 huet de Will Theves am Südbezierk op der Lëscht vu „senger“ Liberaler Partei kandidéiert. An deenen anere Bezierker ass déi Partei net ugetrueden. Den Theves ass zwar den Éischten op senger Lëscht ginn, et goung awer net duer, fir e Sëtz an der Chamber ze kréien.

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Will Theves war mat der Anne Cécile (Cilly) Nepper bestuet, déi den 19. Juli 1901 zu Rëmeleng gebuer war an d'Duechter vum Rëmelenger Minendirekter Edouard Nepper an der Elise Schroell war. D'Bestietnes war den 1. Oktober 1921 zu Rëmeleng. D'Koppel hat zwee Kanner: ee Jong, de Georges (1923) an ee Meedchen, d'Elise Françoise Paulette Juliette, „Loulou“ genannt (1927).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cerf, P., 1978. Les députés luxembourgeois sous l'occupation allemande. Mai 1940 - septembre 1944. Hémecht 30 (1978) (4): 497-529.
  • Cerf, P. 1980. De l'épuration au Grand-Duché de Luxembourg après la seconde guerre mondiale. Impr. Saint-Paul, Luxembourg, 262 p.
  • Massard, J. A., 2018. Esch : Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Stadthaus wehte (I). Jules Heisten, Bürgermeister unter der Nazi-Fuchtel. Tageblatt, 26. November 2018, Nr. 275: 2-3. [1]
  • Massard, J.A., 2018. Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Escher Rathaus wehte. Erweiterte Online-Version einer im Tageblatt publizierten dreiteiligen Artikel-Serie (November – Dezember 2018). [2]
  • Massard, J.A., 2019. Liberaler Abgeordneter, Opfer der Nazis und einer politischen Revanche. Der Arbed-Ingenieur Will Theves. Lëtzebuerger Journal 2019-04-30: 21, Nr. 101 (Teil 1); Lëtzebuerger Journal 2019-05-02: 16, Nr. 102 (Teil 2). [3]
  • Massard, J.A., 2019. Der Arbed-Ingenieur Will Theves, Escher Stadtrat, liberaler Abgeordneter, Opfer der Nazis und einer politischen Intrige. Erweiterte Version eines zweiteiligen „Journal“-Artikels. Online-Publikation. Echternach, 02.05.2019. [4]