Guillaume vu Lëtzebuerg
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Groussherzog Guillaume. Fir Leit mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Guillaume vu Lëtzebuerg (Homonymie). |
| Guillaume vu Lëtzebuerg | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Titelen | |
|
Lieutenant-Représentant vu Lëtzebuerg | |
| Zäit | 2024 bis 2025 |
|
Groussherzog vu Lëtzebuerg | |
| Zäit | zanter dem 3. Oktober 2025 |
| Virgänger | Henri |
| Biographie | |
| Gebuer |
11. November 1981 Maternité Grande-Duchesse Charlotte |
| Bestuet mat | Stéphanie de Lannoy |
| Papp | Henri vu Lëtzebuerg |
| Mamm | Maria Teresa Mestre |
| Geschwëster | Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg |
| Kanner | Charles vu Lëtzebuerg, François vu Lëtzebuerg |
| Gielercher | Cavaliere di Gran Croce Ordine al Merito della Repubblica Italiana, Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw, Grand-croix vum ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau, Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne, Ordre d'Orange-Nassau, Grand officier de la Légion d'honneur, Bronze Wollef |
|
| |
De Guillaume Jean Joseph Marie vu Lëtzebuerg, gebuer den 11. November 1981 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg, ass zanter dem 3. Oktober 2025 deen zéngte Groussherzog vu Lëtzebuerg an Herzog vun Nassau a vu Bourbon-Parma. Hien ass dee siwente Lëtzebuerger Staatschef aus der Dynastie vun Nassau-Weilburg.
Hien ass den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg an den 8. Oktober 2024 Lieutenant-Représentant ernannt ginn. Den 3. Oktober 2025 huet hie vu sengem Papp Henri vu Lëtzebuerg den Troun iwwerholl.[1]
Säi vollstännegen Titel ass "Seng kinneklech Altess Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".
Iwwersiicht
Hien ass den eelste Jong vum Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg an der Groussherzogin Maria Teresa.
Hien ass am Lycée Robert-Schuman an der Stad Lëtzebuerg an an de Schwäizer Pensionater Beau Soleil an Institut Le Rosey an de Lycée gaangen an huet duerno op der Royal Military Academy Sandhurst, bei Camberley am Berkshire an England eng Offizéieschausbildung gemaach.
Vun 2000 bis 2011 huet de Prënz Guillaume de Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg presidéiert, déi sech an den Déngscht vun handicapéierte Leit setzt. Am Mäerz 2011 huet de Prënz d'Éierepresidentschaft vun dëser Fondatioun akzeptéiert.
Hie gouf den 23. Juni 2009, um Nationalfeierdag, zum Majouer vun der Lëtzebuerger Arméi ernannt. Duerch en Arrêté grand-ducal vum 25. Mee 2012 gouf hie Lieutenant-colonel genannt, an dëst mat Wierkung vum 23. Juni 2012 un[2],[3].
Seng Geschichts- a Politologiestudien op der Universitéit vun Durham huet en net ofgeschloss.
Wéi och säi Papp, wéi deen Ierfgroussherzog war, ass hien Éierepresident vum Board of Economic Development (zanter Ufank 2001). Hie war och zanter dem 24. Juni 2005 Member vum Staatsrot, huet dee Posten awer opginn wéi e Lieutenant-Représentant genannt gouf[4].
Sou wéi säi Papp, de Grand-Duc Henri, dat am Kader vum Nationalfeierdag 2024 ugekënnegt hat[5], huet dësen den 8. Oktober 2024 dem Prënz Guillaume d'Lieutenance iwwerdroen.[6] Den 3. Oktober 2025 war den Trounwiessel, an de Guillaume ass zanterhier offiziell Grand-Duc vu Lëtzebuerg.
Famill



De 27. Abrëll 2012 huet hie sech mat der Gräfin Stéphanie de Lannoy verloobt. Den 19. Oktober 2012 huet de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel d'Koppel am Gemengenhaus um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg zivil bestuet. Déi kierchlech Feier war den 20. Oktober 2012 an der Kathedral vun der Stad Lëtzebuerg a gouf vum Äerzbëschof Hollerich zelebréiert.
Kanner
D'Koppel huet zwéi Jongen:
Den 10. Mee 2020 koum um 5:13 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg hire Jong Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d'Welt.[7]
De 27. Mäerz 2023 koum um 10:04 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg hiren 2. Jong François Henri Luis Marie Guillaume op d'Welt.[8]
Gielercher
Grand-Croix vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2012)[9]
Chevalier vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw [10]
Grand-Croix vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau [10]
Grand officier vun der Légion d'honneur (Promotioun 2015)[10]
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Guillaume vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Le Grand-Duc op monarchie.lu
- Le Grand-Duc op gouvernement.lu
- Hochzäit vum Stéphanie a Guillaume den 20. Oktober 2012 Deel 1 op youtube.com
- Hochzäit vum Stéphanie a Guillaume den 20. Oktober 2012 Deel 2 op youtube.com
| Virgänger: Henri | Groussherzog vu Lëtzebuerg zanter 2025 | Nofollger: - |
Referenzen
- ↑ (lb) Lëtzebuerg huet een neie Staatschef: De Grand-Duc Guillaume huet den Eed ofgeluecht. www.rtl.lu. Gekuckt de 04.10.2025.
- ↑ wort.lu, 18. Juni 2012.
- ↑ (fr) Armée - Nomination. legilux.public.lu (11.06.2012). Gekuckt de 14.08.2020.
- ↑ (lb) Papp a Fils am Interview: Prett fir eng nei Etapp an hirem Liewen. www.rtl.lu. Gekuckt den 08.10.2024.
- ↑ (fr) Annonce de la Lieutenance de Son Altesse Royale le Grand-Duc Héritier | Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de 24.06.2024.
- ↑ Kevin Kayser a Pierre Weimerskirch: "Lieutenant-Représentant huet Eed ofgeluecht: 'Nei Etapp, déi fir déi ganz Famill ufänkt', esou den Ierfgroussherzog." rtl.lu, 08.10.2024.
- ↑ "Naissance du premier enfant du couple héritier." op monarchie.lu, 10. Mee 2020.
- ↑ (fr) Naissance de S.A.R. le Prince François. monarchie.lu (17.3.2023). Gekuckt de 27.3.2023.
- ↑ Memorial B n° 103 vun 2012 mat der Lëscht vun de Leit déi 2012 eng national Auszeechnung kritt hunn
- 1 2 3 (fr) S.A.R. le Grand-Duc Héritier | Cour grand-ducale. www.monarchie.lu. Gekuckt de 26.07.2023.
- Membere vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Offizéier
- Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne
- Haus Lëtzebuerg-Nassau
- Gebuer 1981
- Ritter vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw
- Grand-croix de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand officier de la Légion d'honneur
- Lieutenant-Représentantë vu Lëtzebuerg
- Groussherzoge vu Lëtzebuerg
