Guillaume vu Lëtzebuerg (1963)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Prënz Guillaume. Fir Leit mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Guillaume vu Lëtzebuerg (Homonymie).
Guillaume vu Lëtzebuerg
Gebuer 1. Mee 1963
Schlass Betzder
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun University of Oxford,
Georgetown University
Aktivitéit Aristokrat
Famill
Papp Jean vu Lëtzebuerg
Mamm Joséphine-Charlotte vun der Belsch
Geschwëster Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Margaretha vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg

De Prënz Guillaume Marie Louis Christian vu Lëtzebuerg, gebuer den 1. Mee 1963 um Schlass Betzder, ass den drëtte Jong an dat 5. Kand vum Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte.

Den 10. September 2000 goufen de Prënz Guillaume a seng Fra, d'Prinzessin Sibilla Weiller Affer vun engem schwéieren Autosaccident a Frankräich. De Prënz louch e puer Deeg am Koma, wat mat sech bruecht huet, datt den Datum op deem säi Papp sengem eelste Fils Henri den Troun iwwerloosse sollt, geréckelt gouf[1].

Studium a professionell Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Prënz Guillaume huet seng Primärschoul zu Lëtzebuerg an an der Schwäiz gemaach. 1987 huet hie säin Universitéitsstudium op der Georgetown University an den USA ofgeschloss. Duerno war hie Stagiaire am Büro vum Exekutivdirekter vum Internationale Wärungsfong zu Washington a méi spéit bei der Europäescher Kommissioun zu Bréissel.

Am Oktober 1992 gouf hie President vu Lux-Development, der Agence déi d'Entwécklungszesummenaarbecht vun der Lëtzebuerger Regierung ëmsetzt. De Prënz ass och Member vu verschiddene Verwaltungsréit, wéi z. B. bei Arcelormittal, Victory Asset Management S. A., an der Banque Générale.

Hien huet de Patronage vun der Lëtzebuerger Basketballfederatioun a vun der Jugendsektioun vun der Harmonie Prince Guillaume vun der Stad Déifferdeng.

De Prënz Guillaume ass President vun der Fondation du Mérite Jeunesse[2], enger Stëftung déi 1993 vu sengem Papp an d'Liewe geruff gi war.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet sech den 8. September 1994 op der Gemeng zu Sélestat am Elsass an de 24. September 1994 zu Versailles mat der Sibilla Weiller, Duechter vum Paul-Annik Weiller (1933-1998) an der Olimpia Torlonia bestuet.

D'Koppel huet véier Kanner:

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Thomas de Bergeyck, Chroniques royales : un siècle d'indiscrétions, Jourdan, 2018
  2. Mérite Jeunesse