Gurbanguly Berdimuhamedow

Vu Wikipedia
Gurbanguly Berdimuhamedow
Gebuer 29. Juni 1957
Babarap
Nationalitéit Turkmenistan
Aktivitéit Politiker, Zänndokter
Partei Onofhängeg
Famill
Bestuet mat Ogulgerek Berdimuhamedova
Papp Berdimuhamedov Myalikguly Berdymuhamedovich
Kanner Serdar Berdimuhamedow

De Gurbanguly Mälikgulyýewiç Berdimuhamedow (russesch: Гурбангулы Мяликкулиевич Бердымухаммедов/Gurbanguly Mjalikkuliewitsch Berdymuchammedow); gebuer den 29. Juni 1957 zu Babarap, Rajon Gökdepe, Oblast Aşgabat, Turkmeenesch SSR, UdSSR, haut Provënz Ahal welaýaty, Turkmenistan) ass de Chef vun der Eenheetspartei Turkmeenesch Demokratesch Partei. Hie warvun 2007 bis 2022 Staats- a Regierungschef vu sengem Land.

Hien ass Zänndokter vu Beruff. 2001 gouf hien delegéierte Ministerpresident vum Turkmenistan. Hie war de perséinlechen Dokter vum Diktator Saparmyrat Nyýazow.[1] Nom Nyýazow sengem Doud gouf hie säin Nofollger.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gurbanguly Berdimuhamedow – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://news.bbc.co.uk/2/hi/asia-pacific/6346185.stm BBC-News vom 14. Februar 2007.