Gust Stefanetti
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Gust Stefanetti | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Auguste Stefanetti |
| Gebuer | 22. Mee 1959 |
| Gestuerwen | 1. Mee 2026 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | LSAP |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
|
| |
Den Auguste „Gust“ Stefanetti, gebuer den 22. Mee 1959[1], a gestuerwen den 1. Mee 2026, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker (LSAP).[2]
Hie war vun 1982 bis 2016 am Gemengerot vun der Gemeng Mäertert: fir d'éischt als Conseiller, vun 1985 bis 1999 als Schäffen, an duerno bis zu sengem Récktrëtt aus gesondheetleche Grënn am Joer 2016, als Buergermeeschter. Am selwechte Joer gouf hien Éierebuergermeeschter genannt.[3]
De Gust Stefanetti hat nieft senge politesche Funktiounen nach aner Mandater[4]:
- President vum HELP-Muselheem vun 1987 bis 2022;
- President vun de Geschichtsfrënn Mäertert / Waasserbëlleg;
- Member am Verwaltungsrot vun der Entente touristique de la Moselle luxembourgeoise;
- Grënnungsmember vum Sidest;
- Grënnungsmember (2009) vun der ASBL Kabemewa;
- Pätter vum Fändel vum CIS-Gréiwemaacher - Mäertert;
- Sänger an Theaterspiller am Sängerbond Museldall Waasserbëlleg;
- Member an der Harmonie Mäertert - Waasserbëlleg.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre européen du mérite musical[4]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Familljenannonce am Luxemnburger Wort vum 8. Mee 2026, S. 56
- ↑ (de) Mertert-Wasserbillig | Langjähriger Kommunalpolitiker Gust Stefanetti am Freitag verstorben. Tageblatt.lu. Gekuckt den 02.05.2026.
- ↑ (lb) Lokal LSAP confirméiert: De laangjärege Buergermeeschter vu Mäertert-Waasserbëlleg Gust Stefanetti ass dout. RTL Lëtzebuerg (01.05.2026). Gekuckt den 01.05.2026.
- 1 2 verschidden Annoncen am Luxemnburger Wort vum 8. Mee 2026, S. 56-57
