Gustave Gretsch

Vu Wikipedia
Gustave Gretsch
Gebuer 12. Juli 1867
Iechternach
Gestuerwen 22. Mee 1960
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Dokter


De Chrysostome Gustave Gretsch, gebuer den 12. Juli 1867 zu Iechternach an do gestuerwen den 22. Mee 1960 war en Iechternacher Dokter a Gemengepolitiker.[1]

Seng Eltere waren de Jacques Gretsch an d'Claire Keiffer.[1] an hie war de Papp vum Emile Gretsch.

De Gust Gretsch huet ë. a. op der Berliner Charité studéiert.[1] Am Laf vum Joer 1893 huet hien d'Exame vum lëtzebuergeschen Doktorat gemaach: Doktorat an der Medezin (25. Abrëll 1893),[2] Doktorat an der Chirurgie (10. Oktober 1893),[3] Doktorat an der Gebuertshëllef (31. Oktober 1893).[4] Dëse leschten Datum ass an den offizielle Lëschten als "date du diplôme" ze fannen.[5]

Den Dokter a Buergermeeschter[änneren | Quelltext änneren]

1894 huet de Gust Gretsch eng Praxis zu Iechternach an Hovelek an dem fréiere Klarisseklouschter opgemaach.[6] An der offizieller Lëscht vun den Dokteren, déi den 9. Juni 1894 am Memorial publizéiert ginn ass,[7] kënnt säin Numm allerdéngs nach net vir, dat ass eréischt de Fall an der Lëscht vum 6. Juli 1895.[8]

Am Abrëll 1898 ass de G. Gretsch Impfdokter fir d'Gemenge Rouspert, Mompech, Bech a Konsdref ginn.[9]

De 7. Oktober 1907 huet de Gust Gretsch zu Munneref d'Élise Kirpach bestuet.[10] Vum Mee 1938 un hu si op Roam (rue des Remparts) gewunnt, nieft dem Nottär Leibfried.[1]

De Gretsch, dee vum 9. Januar 1915[11] bis de 7. Januar 1918 Buergermeeschter vun Iechternach war,[10] war d'dreiwend Kraaft vum Neibau vum Iechternacher Spidol, mat deem 1915/16 ugefaange gouf an deen Enn 1918 Ufank 1919 fäerdeg war.[12]

Wéi an den 1920er Joren d'Exploitatioun vun den Iechternacher Mineralquellen an d'Gespréich komm ass, huet de Gust Gretsch 1923 grad wéi den Dr. Ernest Feltgen déi therapeutesch Qualitéite vun deem Waasser ervirgestrach.[13]

Vun 1928 bis 1929 war de G. Gretsch Sekreetär vum Collège médical.[14]

De Jeeër[änneren | Quelltext änneren]

De Gust Gretsch ass gär op d'Juegd gaangen. Wéi hien am Februar 1895 op der Prüm e grousse wäisse Schwan mat schwaarze Bee geschoss huet, stoung dat an der Zeitung[15] an de Mathias Kraus, de Sekreetär vun der Fauna huet am Veräinsbulletin geschriwwen: Ende Februar erlegte Hr. Dr. Gretsch von Echternach einen prachtvollen männlichen Schwan, messend 2.48 m. Flügelweite — 1.50 m. vom Kopf bis Schwanzspitze. Unausgeweidet wog derselbe 12 K°., und hatte 10.5 K°. Fleischgewicht. Nach Aussage des Ausstopfers war das Fleisch sehr zart und wohlschmeckend.[16] Laut dem Marcel Hulten an dem Victor Wassenich kann et sech bei deem Vull ëm e Wëlle Schwan (de: Singschwan, fr.: Cygne sauvage, lat.: Cygnus cygnus) gehandelt hunn,[17] e raart Déier an eise Géigenden an domat eng wäertvoll Juegdtrophee.

D'Evakuatioun vun Iechternach am Joer 1944[änneren | Quelltext änneren]

Wéi Iechternach, dat deemools tëscht de Fronte louch, freides, de 6. Oktober 1944, evakuéiert ginn ass, konnt nëmmen een Deel vun de ronn honnert alen a kranke Leit aus dem Spidol aus der Stad eraus bis op Hierber transportéiert ginn. De Gust Gretsch ass bei deenen aneren am Spidol bliwwen. Well den Artilleriebeschoss vun der Stad ëmmer méi staark ginn ass, huet hie sech de 7. Oktober mat dem Här Minette[18] bis op Hierber duerchgeschloen, fir sengem Jong, dem Bub Gretsch, deen Dokter an der Stad Lëtzebuerg war, d'Noriicht zoukommen ze loossen, datt hien am Iechternacher Spidol, wou nach bis zu 50 Leit z'evakuéiere wieren, géif bleiwen. Duerno ass de Gust Gretsch erëm zeréck op Iechternach geschlach.

Den 8. Oktober ass et dem Bub Gretsch gegléckt, vun den Amerikaner d'Erlabnes ze kréien, säi Papp an d'Patienten an de Spidol sichen ze goen. Begleet vun zwéin Autobussen an enger Ambulanz, bei déi zu Jonglënster nach den Iechternacher Pompjeeswon derbäikoum, ass de Bub Gretsch mat dem Privatauto vu Lëtzebuerg bis an den Agank vun Iechternach gefuer. Nodeem d'Amerikaner den Dall mat kënschtlechem Niwwel gefëllt haten, fir den Däitschen, déi op der Héicht déi Säit der Sauer louchen, d'Siicht ze huelen, ass den Iechternacher Pompjeesauto, mam Ed. Fetz[18] um Steier an dem René Keiser[18] nieft him, trotz de Granaten an dem Maschinnegewirfeier fënnefmol hin an hier gefuer, fir d'Leit aus dem Spidol bis op Lauterbuer ze bréngen. Vun do si si dann an d'Stad[19] gefouert ginn.[20]

Éierungen a Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Iwwer der säitlecher Aganksdier vum Iechternacher Hospiz ass eng Skulptur, déi de Kapp vum Dr. G. Gretsch duerstellt. Si staamt vum Rousperter Kënschtler Philippe Arnold[21] an datéiert an d'Zäit vun der Rekonstruktioun vum Spidol nom Zweete Weltkrich.[22]
  • Eng méi nei Gedenkplack nieft der selwechter Dier erënnert ebenfalls un den Dr. G. Gretsch. Si ass den 1. Juli 1998 no der Renovéierung vum dem Spidol, dat sech vum Januar 1999 un nëmmen nach Zivilhospiz nennen duerf, ageweit ginn.[23]
  • Officier vum Ordre de la couronne de chêne[24]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Karen, F., 1989. Kriegsereignisse im Frontsektor der Untersauer: September 1944 - März 1945: Erlebnisse - Berichte - Schicksale. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg, 640 S.
  • Kauthen, P., 1995. Das Leben der Echternacher Bevölkerung in der Evakuation (1944-45). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1995, S. 81-110.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652.
  • Schwebag, P., 1999. Dr. Gust Gretsch (1867-1960). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999. Années 1997-1998, S. 265-273.
  • Schwebag, P. & G. Pommerell (Red.), 2000. Hospice Civil de la Ville d'Echternach. Eechternoacher Spidol. Centre intégré pour personnes âgées. Luxembourg, Impr. Linden, 32 S.
  • Wohl, G., 1994. Zur Evakuierung der Stadt Echternach am 6. Oktober 1944. Luxemburger Wort 1994, N° 226 (5. Oktober), S. 6.
  • Wohl, G., 1995. Zur Evakuierung der Stadt Echternach am 6. Oktober 1944. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1994, S. 74-80.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Kugener 2005, S. 634.
  2. Luxemburger Wort 1893, Nr. 103 (18. Abrëll), S. 3
  3. Memorial 1893, S. 545 Archivéiert op 2011-09-26. Gekuckt de(n) 2011-03-08.
  4. [Memorial 1893, S. 589. [1]
  5. Kuck z. B.: Memorial 1915, S. 7 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-03-08.
  6. Schwebag 1999, S. 266.
  7. Memorial 1894 (Nr. 29, 9. Juni), Liste générale des personnes autorisées à exercer une branche quelconque de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache, S. 412. [2]
  8. Memorial 1895 (Nr. 30, 6. Juli), Liste générale des personnes autorisées à exercer une branche quelconque de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache, S. 358. [3]; cf. Kugener 2005, S. 634.
  9. Memorial 1898, S. 159 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-03-09.
  10. 10,0 10,1 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  11. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  12. Schwebag 1999; Schwebag & Pommerell 2000, S. 8-9.
  13. Massard, J.A., 1979. Die Echternacher Mineralquellen. Tageblatt 1979, Nr. 93 (21. Apr.), S. 13.
    Wilhelm, F., 1991. Echternacher Mineralquellen: historischer Überblick. In: Les Amis du Vieil Echternach, mars 1991, S. 2-5.
  14. Le Collège Médical 1818-1968. Impr. Coopérative Luxembourgeoise, Esch/Alzette, S. 86. Kuckt och: Historique du Collège Médical. [4]
  15. Kugener 2005.
  16. Kraus, M., 1895. Miscellen: Lederkarpfen. Goldorf. Schwan. Vertilgung der Wespen. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois 5, S. 32.
  17. Hulten, M. & V. Wassenich, 1962. Die Vogelfauna Luxemburgs. II. Teil. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, NS 26 (1961), S. 398.
  18. 18,0 18,1 18,2 Wohl 1994.
  19. Laut Wohl 1994, 1995 a Schwebag 1999 wiere se an d'Clinique Ste-Elisabeth bruecht ginn; an der Lëscht vun den Evakuéierten an de Plazen, wou se ënnerkomm sinn, déi de P. Kauthen 1995 publizéiert huet, daucht den Numm vun dëser Klinick net op, dofir awer dee vun der Eecher Klinick, dem Hôpital Saint-Joseph.
  20. Karen 1989, S. 141 an 143; Wohl 1994, 1995. — Am Artikel vum G. Wohl (1995) geet net méi vun enger direkter Bedeelegung vum Bub Gretsch rieds; do heescht et nëmmen nach, de Bub Gretsch wier bei den Amerikaner intervenéiert an hätt mat hinnen arrangéiert, datt d'Leit aus dem Spidol mat dem Pompjeesauto aus Iechternach eraus geholl däerfte ginn. Beim Fred Karen 1989, S. 141 an 143, gëtt d'Rettungsaktioun mat méi Detailer erzielt.
  21. Sou heescht de Kënschtler beim P. Schwebag (1999); beim H. Kugener (2005, S. 635) geet rieds vun engem "Hermann Philippe".
  22. Schwebag 1999.
  23. Schwebag 1999, S. 265, 272.
  24. Doudesannonce vum Gustave Gretsch am Luxemburger Wort vum 23. Mee 1960 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 10. Februar 2022