Op den Inhalt sprangen

Gustave Herr

Vu Wikipedia
Gustave Herr
Gebuer 26. Januar 1844
Ettelbréck
Gestuerwen 19. Januar 1902
Wëlwerwolz
Alter 57 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Lokalpolitiker
Fonctioun Gemengeconseiller
Member vun Section historique vum Institut grand-ducal

De Gustave ("Gust") Herr, gebuer de 26. Januar 1844 zu Ettelbréck[1], a gestuerwen den 19. Januar 1902[2] zu Wëlwerwolz[3], war e lëtzebuergeschen Dokter a Lokalpolitiker.

Hie war iwwer 20 Joer laang den Déngscht-Dokter vun der Guillaume-Luxembourg-Eisebunnsgesellschaft an den Aarmen-Dokter vun der Gemeng Ettelbréck. Ausserdeem war hie laangjärege Member vum Ettelbrécker Gemengerot, President vum Kiercherot, Member vun der Schoulkommissioun, vum Aarmebureau a vum Opsiichtsrot vum Zentralspidol vun där Gemeng. Och an der Historescher Sektioun vum Institut grand-ducal war hie Member, an en huet d'Archiver vun der Gemeng a vun der Par Ettelbréck opgeschafft.[2]

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Ettelbréck eng Strooss no him genannt, d'Rue Dr Herr[4].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. De Gustave Herr op www.luxracines.lu
  2. 1 2 † Dr. Gust. Herr. In: Luxemburger Wort, 1902. Jg., nº 25&26, Abendendausgabe (25.01.1902), p. 1 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  3. (de) Lokalneuigkeiten. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 3. Luxemburger Wort (21.01.1902). Gekuckt de 25.12.2025.
  4. Ettelbruck : Rue Dr Herr. map.geoportail.lu. Gekuckt de 25.12.2025.