Gustave Jacquemart
| Gustave Jacquemart | |
|---|---|
| Gebuer |
13. August 1882 Forrières |
| Gestuerwen |
4. Februar 1950 Lampertsbierg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Foussballtrainer |
| Famill | |
| Bestuet mat | Joséphine Jaans |
|
| |
|
| |
De Gustave "Gust" Jacquemart, gebuer den 13. August 1882 zu Forrières an der Belsch, a gestuerwen de 4. Februar 1950[1] um Lampertsbierg[2], war e Lëtzebuerger Sportspionéier a Politiker.
De Gust Jacquemart, Jong vun engem Marbersschläifer, gouf bekannt duerch säin Engagement fir de Sport zu Lëtzebuerg. Hien huet sech fir d'Turnen, de Vëlossport, d'Fechten, besonnesch awer de Foussball, agesat. Duerch hie gouf déi éischt Lëtzebuerger Sportsfederatioun, d'Fédération des sociétés luxembourgeoises de sports athléthiques gegrënnt, an där all Zorte vu Sport vertruede waren ier déi eenzel Sportaarten hir eege Federatioune kruten. Hien huet den Turnverband mat gegrënnt an nom Éischte Weltkrich d'Foussball-Federatioun mat opgebaut.
Hie stoung mat un der Spëtzt vu ville Sportsorganisatiounen, sou war hien z. B.:
- President vum Comité olympique et sportif luxembourgeois (1925 - 1950)
- President vun der Fédération luxembourgeoise de football (1921 - 1950)
- President vum Cercle Grand-Ducal d'Escrime Luxembourg
- President vun der Association des Gymnastes du Centre
Hie war och den Trainer vun der Lëtzebuerger Foussballnationalekipp bei den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam.[3]
An der Politik huet hie seng Carrière 1915 als Conseiller am Hollerecher Gemengerot ugefaangen, an ass 1921, wéi Hollerech un d'Stad Lëtzebuerg ugeschloss gouf, liberale Schäffe vun der Stad ginn. Am Zweete Weltkrich huet hie 4 Joer am KZ leide missen. Duerno, vun 1945 bis 1950, gouf hienen Deputéierten a Vizepresident an der Chamber.
Hie war mat der Joséphine Jaans bestuet.
Gielercher[1]
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre d'Adolphe de Nassau
Officier vum Ordre de la couronne de chêne
Officier vun der Légion d'honneur
Officier vum Ordre de Léopold
Officier vum Ordre de la Couronne
Officier vum Ordre de Léopold II
Officier vum Ordre d'Orange-Nassau
No him benannt
[änneren | Quelltext änneren]Nom Gustave Jacquemart ass eng Strooss um Verluerekascht benannt. De boulevard Gustave Jacquemart verleeft vum boulevard de la Fraternité bis an d'rue Émile Mayrisch.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 (fr) Doudesannonce am Luxemburger Wort N° 37 vum 6. Februar 1950, Säit 7. Luxemburger Wort Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt den 21.09.2014.
- ↑ (de) Gustave Jacquemart †. viewer.eluxemburgensia.lu. Escher Tageblatt (6. Februar 1950). Gekuckt den 02.08.2024.
- ↑ http://www.linguasport.com/futbol/internacional/olimpiadas/1928_AMSTERDAM_SQUADS.htm
- Lëtzebuergesch Lokalpolitiker
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Trainere vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp
- Lëtzebuergesch Foussballtraineren
- Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Officier de la Légion d'honneur
- Officier vum Ordre de la Couronne
- Officier vum Ordre de Léopold
- Officier de l'ordre de Léopold II
- Officier vum Ordre d'Orange-Nassau
- Gebuer 1882
- Gestuerwen 1950
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass
