Gutenberg (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Moundkrater Gutenberg
De Moundkrater Gutenberg, eng Foto vun Apollo 16
Eegenschaften
Breet -8,67° S
Längt 41,17° O
Duerchmiesser 69,45 km
Déift 2,3 km
Selenographesch Längt 318° bei Sonnenopgank
Genannt nom Johannes Gutenberg
(um 1400–1468)
Genannt am Joer 1935

De Gutenberg ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit.

De Krater läit widder der westlecher Flank vum Mare Fecunditatis. Déi nächst Nopere sinn d'Kratere Goclenius, Magelhaens a Colombo.

De Kraterrand ass staark erodiert, besonnesch am Osten, wou e vum Krater Gutenberg E iwwerlagert gëtt.

De Buedem vum Gutenberg a vum Gutenberg E goufe vu Lava aus dem Mare iwwerschwemmt. De Buedem vum Gutenberg gëtt von zwéi Grief duerchzunn, déi en Deel vun der Rimae Goclenius sinn.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 9,04° S, 39,88° O7 15 km [1]
B 9,14° S, 38,29° O7 14 km [2]
C 10,04° S, 41,13° O7 45 km [3]
D 11,01° S, 42,82° O7 20 km [4]
E 8,25° S, 42,41° O7 28 km [5]
F 10,25° S, 42,59° O7 7 km [6]
G 6,09° S, 40,02° O7 31 km [7]
H 6,77° S, 39,04° O7 5 km [8]
K 7,32° S, 40,8° O7 6 km [9]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]