Op den Inhalt sprangen

Guy Colling

Vu Wikipedia
Guy Colling
Gebuer 25. September 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Michel-Rodange,
Universitéit vu Léiwen,
Universitéit Zürich
Aktivitéit Biolog, Agraringenieur


De Guy Colling, gebuer de 25. September 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Agronom a Botaniker.

De Guy Colling huet op der Université catholique de Louvain-la-Neuve Agronomie studéiert. Am Juli 1986 huet hien do säi Studium mam Diplom vum « ingénieur agronome » ofgeschloss. Spéider huet hien eng Thees op der « Universität Zürich » preparéiert an e krut do am Joer 2004 säin Doktertitel an den Naturwëssenschaften.

De G. Colling schafft zënter dem Joer 2000 als « Chef de service » vum Departement « Biologie des populations » am naturhistoresche Musée.

De G. Colling ass de President vun der « Fondation Faune-Flore » an e leet de « Groupe de recherche botanique » vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). Zesumme mam Léopold Reichling an duerno mam Yves Krippel publizéiert hie reegelméisseg, zënter 1996, am Bulletin vun der SNL déi sougenannt « Notes floristiques », an deene vu Joer zu Joer déi rar oder nei Planzen, déi am Land observéiert goufen am Detail opgelëscht ginn. Donieft ass hien den Auteur vu villen anere botanesche Publikatiounen.

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]

Colling, G., 2005. Red list of the vascular plants of Luxembourg. Ferrantia 42: 1-76.

  • Colling, G. & M. Meyer, 1986. L'aménagement des fonds de vallons de l'Oesling. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 86: 125-135.
  • Colling, G. & L. Reichling, 1996. Notes floristiques 1994-1995. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 97: 25-38.
  • Colling, G., D. Matthies & C. Reckinger, 2002. Population structure and establishment of the threatened long-lived perennial Scorzonera humilis in relation to environment. Journal of Applied Ecology 39: 310-320.
  • Colling, G. & D. Matthies, 2004. The effects of plant population size on the interactions between the endangered plant Scorzonera humilis, a specialised herbivore, and a phytopathogenic fungus. Oikos 105, 71-78.
  • Colling, G., C. Reckinger & D. Matthies, 2004. Effects of pollen quantity and quality on reproduction and offspring vigor in the rare plant Scorzonera humilis (Asteraceae). American Journal of Botany 91: 1774-1782.
  • Becker, U., G. Colling, P. Dostal, A. Jakobsson & D. Matthies, 2006. Local adaptation in the monocarpic perennial Carlina vulgaris at different spatial scales across Europe. Oecologia 150: 506-518.
  • Colling, G. & D. Matthies, 2006. Effects of habitat deterioration on population dynamics and extinction risk of an endangered, long-lived perennial herb (Scorzonera humilis). Journal of Ecology 94: 959-972.
  • Colling, G., P. Hemmer, A. Bonniot, S. Hermant & D. Matthies, 2010. Population genetic structure of wild daffodils (Narcissus pseudonarcissus L.) at different spatial scales. Plant Systematics and Evolution 287: 99-111.
  • Dechamps, C., N. Elvinger, P. Meerts, C. Lefebvre, J. Escarré, G. Colling & N. Noret, 2011. Life history traits of the pseudometallophyte Thlaspi caerulescens in natural populations from Northern Europe. Plant biology 13: 125-135.
  • Krippel, Y. & G. Colling, 2012. Notes floristiques. Observations faites au Luxembourg (2010-2011). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 113: 67-82.
  • Krippel, Y. & G. Colling, 2014. Notes floristiques. Observations faites au Luxembourg (2012-2013). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 115(2014): 109-124.
  • Krippel, Y. & G. Colling, 2015. Recherche botanique et floristique au Luxembourg entre 1990 et 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116: 347-361.