Guy Kirsch

Vu Wikipedia
Guy Kirsch
Gebuer 1. September 1938
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist, Universitéitsprofesser, Sozialwëssenschaftler

De Guy Kirsch, gebuer den 1. September 1938 zu Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Ekonomist a Sozialwëssenschaftler, deen duerch seng Publikatiounen iwwer d'Wirtschafts-, d'Sozialwëssenschaften an d'Ëmweltpolitik bekannt ginn ass, an deen zanter 1972 zu Freiburg an der Schwäiz als Universitéitsprofesser (Léierstull Finanzwëssenschaft: Nei Ekonomie) schafft.

Liewenslaf[änneren | Quelltext änneren]

  • 1958-1966: Studium vu Wirtschafts- a Sozialwëssenschaften op den Universitéite Bonn a Köln
  • 1962: Diplomvolkswirt vun der Universitéit Bonn
  • 1966: Dr.rer.pol. vun der Universität Köln (Prof. Dr. W. Schreiber)
  • 1966-1967: Assistent vum Generalsekretär vun engem internationale Verband zu Paräis
  • 1967-1971: Assistent am Finanzwissenschaftleche Seminar op der Universitéit Köln
  • 1971: Habilitatioun op der Universitéit zu Köln (Prof. Dr.Drs.h.c. G. Schmölders)
  • Zanter 1972: Ordentleche Professer fir Nei Politesch Ökonomie op der Universitéit Fribourg/Schwäiz
  • 1990: Research Fellow am WZB (Wëssenschaftszentrum Berlin)
  • Zanter 2001: Member vum Kuratorium vun der Schader-Stëftung

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Kirsch, Guy: Neue Politische Ökonomie, Utb, 5. Oplo, 2004
  • Kirsch, Guy (zesumme mat Klaus Mackscheidt): Staatsmann, Demagoge, Amtsinhaber, Vandenhoeck & Ruprecht, Göttingen, 1985.
  • Kirsch, Guy: Der Sturz des Ikarus. Was blieb vom Protest der sechziger Jahre?,Olzog - Aktuell GmbH, 1985
  • Kirsch, Guy: Entfremdung - Der Preis der Freiheit? Liberale Variationen über ein Thema von Marx, 1984
  • Kirsch, Guy: Angst vor Gefahren oder Gefahren durch Angst? Zur politischen Ökonomie eines verdrängten Gefühls, Nzz Libro, Mäerz 2005, Zürich.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guy Kirsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Remise de distinctions honorifiques à l'ambassade du Luxembourg à Berne Communiqué–Publié le