Guy de Lusignan

Vu Wikipedia
Guy de Lusignan
Gebuer 1150 jul.
Poitou
Gestuerwen 18. Juli 1194 jul.
Nikosia
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Kinnek
Famill
Papp Hugues VIII. vu Lusignan
Mamm Bourgogne de Rancon
Geschwëster Hugues de Lusignan, Amaury de Lusignan, Geoffroy de Lusignan

De Guy de Lusignan, gebuer 1159 a gestuerwen 1194, war e franséischen Adlegen aus dem Haus Lusignan. Hie war tëscht 1180 an 1186 Grof vu Jaffa an Ascalon, vun 1186 bis 1192 Kinnek vu Jerusalem a vun 1192 bis 1194 Kinnek vun Zypern a vum Kinnekräich Armenien. Säi Papp war den Hugues VIII., den Alen, vu Lusignan, Grof vun der Marche, dee mat der Bourgogne de Rançon bestuet war.

De Guy de Lusignan huet sech mat der Prinzessin Sibylla vu Jerusalem, der Ierwin vum Kinnekräich Jerusalem, bestuet, a gouf sou Kinnek vun do. Hie gouf virun allem bekannt, well en duerch seng militäresch Feeler d'Arméi vun de Kräizzich an d'Schluecht vun Hattin gefouert huet, déi déi verluer hunn, a sou gouss Deeler vum Kinnekräich Jerusalem un de Saladin gefall sinn.