György Konrád

Vu Wikipedia
György Konrád
Gebuer 2. Abrëll 1933
Gestuerwen 13. September 2019
Budapest
Nationalitéit Ungarn
Educatioun Eötvös Loránd Universitéit
Aktivitéit Schrëftsteller, Essayist, Soziolog, Journalist
Member vun Akademie der Wissenschaften und der Literatur, Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Akademie der Künste Berlin, Bayerische Akademie der Schönen Künste

De György Konrád [ˈɟørɟ ˈkonraːd], gebuer den 2. Abrëll 1933 zu Debrecen, an Ungarn, a gestuerwen den 13. September 2019 zu Budapest, war en ungaresche Schrëftsteller an Essayist.

Als Essayist huet de Konrád sech an der Zäit vum Kale Krich fir ee friddlecht a federaalt Mëtteleuropa agesat; als Schrëftsteller huet hie sech ëmmer nees mam dem Nationalsozialismus befaasst, dem Ungaresche Volleksopstand vun 1956 an der Geschicht vu senger Famill.

Hie war vun 1997 bis 2003 President vun der Berliner Akademie der Künste. Hien zielt zu deene bekanntsten ungaresche Schrëftsteller; seng Wierker goufen an eng sëllege Sproochen iwwersat.

Hie gouf ë. a. 1991: mam Friedenspreis des Deutschen Buchhandels, an 2001 mam Karlspreis der Stadt Aachen ausgezeechent.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hans-Peter Burmeister (Hrsg.): György Konrád, eine Stimme aus Mitteleuropa. Evangelische Akademie, Loccum 1996, ISBN 3-8172-5894-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: György Konrád – Biller, Videoen oder Audiodateien