György Sándor Ligeti

Vu Wikipedia
György Sándor Ligeti
Gebuertsnumm Ligeti György Sándor
Gebuer 28. Mee 1923
Gestuerwen 12. Juni 2006
Wien
Nationalitéit Ungarn, Éisträich
Educatioun Franz-Liszt-Museksakademie
Aktivitéit Komponist, Musekspedagog, Universitéitsprofesser, Pianist, Museker, Librettist, Illustrateur
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Rumänesch Akademie, American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Kanner Lukas Ligeti

De György Sándor Ligeti [ˈɟørɟ ˈliɡɛti], gebuer den 28. Mee 1923 zu Dicsőszentmárton (haut Târnăveni) a Siebenbürgen a Rumänien, a gestuerwen den 12. Juni 2006 zu Wien, war en éisträichesche Komponist vun ungaresch-jiddescher Ofstamung a gëllt als ee vun de grousse Komponiste vum 20. Joerhonnert. Hie konnt awer och, virun allem der Neier Musek, wichteg Impulser ginn.

Dem net musekinteresséierte Public gouf hie bekannt mam Stanley Kubrick sengem Film 2001: A Space Odyssee an deem de Realisateur e puer vum Ligeti senge Wierker gebraucht huet.