Gérard Noiriel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

De Gérard Noiriel, gebuer den 11. Juli 1950 zu Nanzeg, ass e franséischen Historiker a Pionéier vun der Immigratiounsgeschicht a Frankräich.

Hie beschäftegt sech mat der Geschicht vun der Aarbechterklass a mat Froen iwwer d'interdisziplinär Geschichtsfuerschung an där hirer Epistemologie. Zanter 1994 ass den Noiriel Directeur d'études op der École des hautes études en sciences sociales (EHESS).

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Gérard Noiriel ass an enger Aarbechterfamill am Quartier Mirecourt opgewuess, an dem et vill Problemer gouf, an am Alter vu 6 Joer mat der Famill op Molsheim an den Elsass geplënnert. Deen Ëmzuch huet hie wéinst de kulturellen a sozialen Ënnerscheeder mat senge Kolleegen an Nopere markéiert. Seng Kandheet war mat sozialen a Schoulproblemer verbonnen. Hien huet op der École normale d'instituteurs vum Departement Vosges 5 Joer studéiert. Och do hat hien Integratiounsproblemer a krut wéinst sengem Behuelen den Ofschlossdiplom refuséiert. Duerno huet hien als Remplaçant an enger klenger Gemeng an de Vogese geschafft a säin Diplôme d'études universitaires générales an der Geschicht iwwer Fernstudium ugefaangen. Domat konnt hien du Literatur zu Nanzeg studéieren.

Enn der 1970er Joren, an der Zäit vun de Sozialkonflikter an der Stolindustrie, huet hien an engem Quartierskolléisch zu Lonkech enseignéiert a sech an der Franséischer Kommunistescher Partei engagéiert.

Wat d'Universitéiten ugeet ass hien an der Kommissioun op der Universitéit vu Paräis VII, der Universitéit vu Lille III an der Universitéit vu Valenciennes als Spezialist vun der moderner an der zäitgenëssescher Geschicht.

Seng Inspiratioun[änneren | Quelltext änneren]

De Gérard Noiriel ass a sengem Liewe vun dräi Leit inspiréiert ginn: dem franséische Philosoph Michel Foucault, dem franséische Soziolog Pierre Bourdieu an dem däitsche Schrëftsteller a Soziolog Norbert Elias.

Den engagéierten Historiker[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zweete Weltkrich wollt de Staat verstoe wat do geschitt ass, a si hunn d'Historiker ugestallt Recherchen ze maache fir erauszefanne wien de Schëllege wier fir dee ganzen Drama. Ausserdeem ass doduerch och e "Comité d'histoire du temps présent" (IHTP) opgestallt ginn.

D'Steigerung vum Wirtschaftswuesstum vun den "Trentes Glorieuses" demokratiséiert den Enseignement supérieur fir den Enseignement vun de Fuerscher.

D'Schrëftstellerin an onofhängeg Journalistin Sabrina Kassa schafft iwwer d'Immigratioun an d'Bezéiunge vum Norden an dem Süden zanter 1999. Hiert Buch "Nos ancêtres les Chibanais. Portaits d'Algériens arrivés en France pendant les Trentes Glorieuses" huet mam Gérard Noiriel dru geschafft, dee Spezialist vun der Geschichtsimmigratioun a Frankräich ass.

Nom Mee 1968 entdeckt hien d'politesch Militanz duerch verschidde Gewerkschafte vun de Schüler um Campus.

An de 70er Joren engagéiert hie sech politesch a verschiddene Gewerkschafte wéi zum Beispill UNEF an UEC. Doduerch datt hie marxistesch Usiichten huet, entdeckt hien d'Loscht un der Mënschewëssenschaft a Sozialwëssenschaft wéi zum Beispill d'Antropologie, d'Linguistik an d'Psychanalys.

Déi Franséisch Presidentschaftswale vun 1981 waren de 26. Abrëll an den 10. Mee. Dat war déi éischt sozial Presidentschaft vun der Ver Republik, mam François Mitterrand. De Staat huet am Juni 1982 12.000 Aarbechtsplazen ofgeschaaft. Loutrenge war wat d'Stolwierk vum Pompejus ugeet den Ufank vum Enn, wéinst de Materialen déi fir den Äifeltuerm verbraucht gi sinn. Den 13. Abrëll 1984 manifestàiren 10.000 Stolaarbechter vun de Gewerkschaften zu Paräis. Si ware géint d'Adoptioun duerch der Regierung vun der lénkser Säit wéinst engem neie Stolplang, wat en neie Problem ginn ass fir d'Stolindustrie. De François Mitterrand huet den Opstiig vum Front national an den 80er Joren ënnerstëtzt fir d'Extrême droite ze destabiliséieren. De Gérard Noiriel ass der Meenung datt den Opstand an der Stad Minguettes déi bescht strateegesch Iddi war, fir d'Medien an de politesche Kampf mat den Immigranten, tëscht 1981 an 1984, géint déi Lénks an déi Riets ze widdersetzen.

Zanter den 80er Jore si méi Rietsextrem Parteien a Westeuropa entstann. Et ass en onerwaarten Erfolleg ginn, an haut weise se keen Zeeche vun Ënnergank. D'Moderniséierung vun der Extrême droite huet mam Schafe vum Front National a Frankräich ugefaangen.

Et ass richteg dat d'80er Jore schwiereg Bedingungen konfrontéiert waren ugesiicht vun der Rezessioun an der héijer Zuel vun der Aarmut vun engem Deel vun der Gesellschaft an den Opstiig vun der Aarbechtslosegkeet féiert.

Fir dës wirtschaftlech a sozial Krisen ze beenden, huet d'Extême droite eng nei Konzeptioun vum Staat an der Biergerschaft erschaf, zumools an e Modell vun der Verdeelung vun de Ressourcë virgeschloe "préférence nationale". D'Extrême droite huet gemierkt datt d'Auslänner e wirtschaftlechen a soziale Problem duerstellen.

De Gérard Noiriel huet sech doran och politesch engagéiert. De Renouveau nationaliste gëtt am September 1981 gegrënnt. D'Jugend Front als Jugendorganisatioun gëtt eng Partei fir déi nei Kraaft. De Roland Heling, de Charles Henri Varaut, de Jack an de Richard Marchal Rouget sinn d'Grënner vun deem Ganzen.

No senger Maitrise entscheet e sech fir d'Geschicht, an dat ass och de Grond firwat hien als Professer an engem Lycée schafft. Duerno geet e fir zwee Joer an de Krich mat der "Répulique populaire du Congo".

Den Noiriel war och Member vum wëssenschafleche Conseil vun der "Cité nationale de l'histoire de l'immigration" ier hie seng Kënnegung ofginn huet fir géint dem Nicolas Sarkozy seng Kreatioun vun engem Minister deen zu der Fro Immigratioun an Nationalidentitéit stoung.

D'Historiographie / D'Geschichtsschreiwen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter de 70er Joren hänkt en Zweiwel an der Loft vun der Annaldominanz an der franseischer Geschichtsschreiwen wou d'Erklärung vun engem Gefill vu Kris an der Paarroot vun den Historiker verbreet gëtt. Déi éischt Manifestatioun ass d'Erausfuerderung vun der "Serie de retour", am Denke vum Historiker, Theemen déi vun den Annalen op d'Säit vun der Chronescher Beschreiwung gezu ginn.

D'Annaalschoul ass eng historesch Entwécklung déi vum Lucien Febvre (1878-1956) am Marc Bloch (1886-1944) gegrënnt gi sinn. D'Kreatioun vun der Annalschoul gëtt am Kontext vum Tëschekrich (1918-1939) registréiert.

Si ass vun enger produktiver, wirtschaftlecher an demographescher Geschicht an de 50er an de 60er Joren zu enger "Histoire Culturelle" ginn an an de 70er Joren opgestiigen. Wärend d'Geschicht an ëmmer méi Disziplinnen an historiographesch zu platze schéngt, probéiert d'Annalschoul duerch de Comité vun der Redaktioun ënner dem Bernard Petit mat engem Opstig bei enger Ëmsetzung vun enger kritescher Phas drop z'äntweren.

De Gérard Noiriel gehéiert zu den Historiker wéi den Antoine Prost, déi et mat hiren Aarbechten erméiglecht hunn d'Positioun vun de methodeschen Historiker mat der historiographescher Fuerschung nei ze bewäerten an z'iwwerdenken. Hie fënnt säi Mësstraue vun der Innovatioun duerch d'Annalschoul.

D'"Longue durée" gëtt zu kurze Zäit vun der "Histoire événementielle" priviligiéiert. Vill Historiker proposéiere bis haut datt si den Empfang vun der Geschicht nei iwwerdenke sollen. Ënner anerem de Emmanuel Le Roy Ladurie oder de Pierre Goubert.

Den Noiriel probéiert an all Beräich vun der Fuerschung an der "Histoire contemporaine", verschidden historiographesch Denkaarterweise virzestellen déi sech iwwerschneiden.

D'Historiker hunn e puer Schwieregkeete wat d'Situatioun vun der franséischer Geschichtsschreiwung tëscht den 80 an 90 Joren ugeet. D'Wierder wéi Identiteitskrisen, Zeit vum Zweiwelen, erkenntnestheoreeteschen Anarchismus, a méi generell gesinn d'Krise vun der Geschicht spigele vill Schwieregkeete vun den Analysen zeréck. Dëse Moment an den 80er an den 90er Joren ass eng Serie vu Rekonstruktiounen an Neidefinitioune wat de Beräich Geschicht beaflosst.

Den Noiriel hëlt d'Beispill vun der "Gender History" a fiddert d'Kontroversen an de Milieu vun der feministescher Geschichtsschreiwung. Déi Diskussioun rondrëm de "genre" huet zu interessanten, relevanten a sproochleche Konsideratioune gefouert. Tatsächlech feiert "Gender History" hin dat d'Objektivitéit an d'Wourecht vun der Geschicht a Fro gestallt gëtt, well all Fuerschungsaarbecht muss vun de Studientexter gecheckt ginn, da gefiltert an schlussendlech orientéiert ginn duerch déi gebraucht Sprooch. Et ass wichteg fir den Historiker d'Linguistik ze kennen, well amplaz d'Vergaangenheet ze kennen, erreecht hie just seng diskursiv Representatioun. Dat bezeechent een als "Linguistic Turn" a stäipt sech op Theorië vum Michel Foucault. Allerdéngs däerf een net als Schlussfollgerung gesinn dat de Relativismus vum historesche Wësse kënnt, well de Schratt zum Negationismus ass an dësem Fall séier gemaach. Et ass einfach wichteg an den historesche Recherchen de Bäitrag vun der Linguistik an de Studierepresentatiounen unzehuelen.

Den Noiriel moosst d'Struktur vun der Kris duerch widderspréchlech Bezéiung tëscht der Geschicht an der Philosophie. Hien invitéiert eis dem Marc Bloch seng Wierker ze liesen andeems en déi noutwenneg Materialien zu Realisatioun vum Begrëff "Pragmatiste" a sengem Beräich ausstellt. D'Reflexioun iwwer d'historescht Wësse gëtt hei als Kollektivaarbecht vun der Klärung am praktesche Fuersche gebraucht fir et besser ze verstoen. Dat heescht dat Ganzt besser ze maitriséieren, d'Wëssenaktivitéiten, Gediechtnis a Muecht, dat alles fält an de Beruff vum Historiker ausmécht. De Gérard Noiriel ënnersicht déi wichtegst Beräicher vun der "Histoire contemporaine" déi zanter dem Ufank vum Joerhonnert geklärt gi sinn, dat déi grouss Weeër déi haut d'Recherchen, d'Analysen an d'Relatioun tëscht dem historesche Wëssen, dem kollektive d'Gediechnis an dem Enseignement vun der Geschicht no.

Filmer, Serien a Radio[änneren | Quelltext änneren]

Hien animéiert um Radio "Lorraine Coeur d'Acier" eng Sendung fir d'Geschicht.

Hie kollaboréiert un enger Serie mat villen historeschen Dokumentatiounen an huet un der Geschichtsimmigratioun vum Frankräich deelgeholl, déi um FR3 verbreet ginn ass tëscht 1990 an 1991.

Seng Aarbechten[änneren | Quelltext änneren]

A sengen Aarbechte geet et ëm d'Geschicht an d'Soziologie, also souzesoen ëm d'Sozialgeschicht. Se handelt iwwer d'Ëmwandlung vun de soziale Bezéiungen, d'Iwwerleeung iwwer Muechtverhältnesser a Studien iwwer spezifesch an empiresch Problemer. Hie schwätzt iwwer d'Bierger, d'Immigratioun, déi Intellektuell, d'Geschicht, Erkenntnestheorie a Mësshandlungen.

Seng Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Gérard Noiriel huet iwwer 150 Artikelen a Wëssenschaftlech, Historesch a Sozialrevuen a Frankräich an am Ausland publizéiert. Ënner anerem huet en eng dose Bicher verëffentlecht wéi zum Beispill:

  • Le Creuset francais. Histoire de l'immigration (XIX-XXe siècle), Paris, Seuil, collection "Points", 1986
  • La tyrannie du national. Le droit d'asile en Europe (1793-1993), Paris, Calmann-Lévy, 1991
  • Sur la crise de l'histoire (Berlin, 1996)
  • Penser avec, penser contre. Itinéraire d'un histoirien, Paris, Berlin, 2003

Dat d'lescht Buch an där Lëscht hei uewendriwwer handelt ëm de Bléck vun den Historiker op d'Vergaangenheet vun hirem perséinleche Liewenslaf. Den Historiker entdeckt lues a lues datt d'Verständnes d'Liewenserfahrung net ersetze kann.

1982 schreift den Noiriel eng Dokteraarbecht iwwer "Les ouvriers sidérurgistes et les mineurs de fer du bassin de Longwy-Villerupt (1919-1939)".

Den Noiriel war Member vun der "Institute for Advanced Sudy" zu Princeton, wou en e puer Revuen, wéi zum Beispill "Genèses", souwéi d'Revue "Social Identities", an Redaktiounschef am Comité vun der Revue "Histoire de l'Immigration". Ausserdeem ass e Kodirekter vun der Kollektioun "Socio-histoires" vun der Berlin-Editioun an de Kogrënner vun da Sozialwessenschafltecher Revue "Genèses" an d'Revue "Histoire et Sociétés". De Gérard Noiriel ass och President vum "Comité de vigilance face aux usages publics de l'histoire (CVUH)".

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Longwy, Immigrés et prolétaires (1880-1980), Paris, Presses Universitaires de France, coll. "Pratiques Théoriques", 1984.
  • Les ouvriers dans la société française (XIXe-XXe siècle), Paräis, Seuil, coll. "Points", 1986.
  • Population, immigration et identité nationale en France (XIXe-XXe siècle), Paräis, Hachette, coll. "Carré-Histoire", 1992.
  • Sur la « crise de l'histoire », Paris, Belin, coll. « Socio-Histoires », 1996 (Reeditéiert a "Folio-Histoire", Paräis, Gallimard, 2005).
  • Construction des nationalités et immigration dans la France contemporaine (Ouvrage collectif dirigéiert mam Éric Guichard), Paräis, Presses de l'École Normale Supérieure, 1997
  • Qu'est-ce que l'histoire contemporaine?, Paräis, Hachette, coll. "Carré-Histoire", 1998.
  • Les Origines républicaines de Vichy, Paräis, Hachette, 1999.
  • État, nation et immigration. Vers une histoire du pouvoir, Paräis, Belin, coll. "Socio-Histoires", 2001 (Reeditéiert an der Kollektioun "Folio-Histoire", Paräis, Gallimard, 2005).
  • Atlas de l'immigration en France, Paräis, Éditions Autrement, 2002.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]