Hämelmaous-Léid

Vu Wikipedia

D'Hämelmaous-Léid (Heemelmaus-Lidd) ass e Fueslidd am Iechternacher Dialekt. Eng Hämelmaous ass eng Hausgrill. Déi éischt Versioun vum Lidd ass 1873 entstanen an den 13. Februar an der Generalversammlung vun der Echternacher Carnevalsgesellschaft Hämelmóus (sic) an der Villa Hovelick, dem Jacobus Thill sengem Lokal, virgedroe ginn. De 16. Februar 1873 gouf den Text am "Echternacher Anzeiger" publizéiert. Dës 1. Versioun hat nëmmen dräi Strofen. An der zweeter Versioun (1884) sinn déi zwou éischt Strofe vun 1873 bäibehale ginn an et koumen nach neier dobäi.[1]

Den Auteur vum Text ass de Professer Jos Speck. D'Lidd gëtt gesongen op d'Weis vu Schier dreißig Jahre bist du alt,[2] dem sougenannte Mantellied aus Lenore, engem vaterländeschem Schauspill mat Gesank vum Karl von Holtei (1798-1880), dat 1828 fir d'éischt gespillt ginn ass. D'Mantellied sengersäits gouf op d'Weis vum Vollekslidd Es waren einmal drei Reiter gefangen gesongen, déi de Carl Eberwein (1786-1868), Direkter vun der Weimarer Oper, dofir ugepasst hat.[3]

Liederbuch der Echternacher Carnevals-Gesellschaft "Hämelmaoûs". Buchdruckerei des "Echternacher Anzeiger", 1886.

D'Hämelmaous-Léid[änneren | Quelltext änneren]

1. O Hämelmaous, wi leews daou dach,[4]
Esu ongeschoren em d'Hool;
Wääs naïst voa Koapgëld a voa Steieren,
Liss[5] d'Scheepchen, Fläsch an Tubak sich verdeieren,
Wääs naïst voan éiser Polizei.

2. 't säif Reen, 't säif Schni, 't säif Daag, 't säif Noacht,
Dat ass dir alles Worscht;
Daou gääss am Summer wi am Wanter,
Esu ganz pommadisch oni Lanter,
Spadséieren mat dem Hämelsgoad.

3. A wann d'Stadhäieren is obléin
Esu schrecklich vill Prozent,
A mir daa laang Gesiichter maachen,
Da réifs daou: "Deit dir mir den Aachen,
Mir gät et besser a meim Taak!"

4. A wann s'am Spidol sich d'Keep zerploo'n,
Wat maache mat dem ville Gëld,
Dann dénks daou: "O dir boazig Häieren,
Loost emol éis Hämelmais gewäieren, –
Wat gëlt, eier Dubble kréie Bän!"

5. A schweeze mer vill voa Krom a Fabréck,
Da réifs daou aous em frummen Taak:
"Wëll dir is Eechternoacher léieren,
Waat voa Fabréck sich ka rentéieren,
Da frot emol d'Häieren aous dem Nast."

6. A weeren d'Stadquiislen noach esu verbroat,
Daou bréichs si schunns an d'Rei!
Daou giffs si e feinen Dënzche léieren,
A gratis och noach Anstand a Manéieren,
Esu goud wi de Gehaanes voan der Saar.

7. Wuhin esu hurtig daou Hämelmaous,
Äich geséin, daou bas bewaacht;
Hoas daou daan e Verbreeche begaangen,
Datt mer däich fort féiert mat Gendaarmen?
Daou woars dach kääs esu schlecht!

8. A waat hoan si da begaangen,
Di schrecklech Hämelmais?
Si sain aous dem Taak eraous gesprongen,
A si hoan e Léidchen gesongen, –
Dat as d'ganz schrecklich Moritat.

D'Strofen 1 an 2 gehéieren zu der Versioun vun 1873, d'Strofen 3 bis 8 zur Versioun vun 1884 sou wéi se beim Isi Comes ze fannen ass.

Dem Jos Hess an dem Nik Welter no, gouf et 1884 nach eng 9. Strof:

Daou bass dach noach net esu veroacht
Durch däi Geschirps an der Noacht;
Well daou gëss voan éise Biirger wormgehalen,
A jidderä lisst sich och e Witz voan dir gefalen,
Aus lauter Lost zum Carneval.

Dës Strof ass am Neidrock vun 1885, an deem d'Strofe 7 an 8 iwweregens feelen, duerch déi heiten ersat ginn:

Voan Näid a Sträit, Verdross a Läd,
Dovoa wësse mir kä Fatz;
Këmm'ren is nët ëm d'Politiséieren,
Doun is ganz häerzlich amuséieren,
A roufen hoch dem Carneval!!

Zirka 50 Joer méi spéit ass dee leschte Vers vun dëser Variant geännert ginn an déi neist 9. Strof ass deemno:

Voan Näid a Sträit, Verdross a Läd,
Dovoa wësse mir kä Fatz;
Këmm'ren is nët ëm d'Politiséieren,
Doun is ganz häerzlich amuséieren,
A roufen: Vive d'Stad Eechternoach!!

"D'Hool" (Hol) ass den Héil, d. h. de Kamäin, d'Plaz hanner dem Uewen, wou d'Hämelmaous, déi et gär waarm huet, sech mat Virléift ophält. D'Koapgeld (Kopfgeld) ass d'Kappsteier (de: Kopfsteuer, fr: capitation), déi am Februar 1868 per Gesetz agefouert ginn ass: zwéi Frang pro Awunner vum Groussherzogtem, Lëtzebuerger oder Auslänner, Fra oder Mann, deen am volle Genoss vu senge Rechter an net "indigent" ass.[6]

"Dei mer den Aachen" heescht "rutsch mer de Bockel erof"; "boatzeg" (bauzeg) ass "töricht"; "Dublen" si Geldstécker. "Fabréck" ass eng Allusioun op e Projet fir eng Plätterchesfabrick ze bauen, géint déi virun allem d'Patrizierfamillje vun Iechternach Stuerm gelaf sinn. D'Adjektiv "frumm" ass hei an enger vun de fréiere Bedeitunge vu mhd. "vrum" = "fromm" ze gesinn an éischter als "brav, artig, sanftmütig", vläicht och "sorglos, bieder, bequem" ze verstoen, jiddefalls net am reliéise Sënn vu "fromm". De "Gehaanes voan der Saar" war en Danzmeeschter vun der Saar, dee senge Clienten nieft dem Danzen och nach Manéiere bäibrénge sollt.

Den Albert Thorn an d'Hämelmaous-Léid[änneren | Quelltext änneren]

Um Programm vun engem Concert, deen d'Musique de la Garde grand-ducale de 14. August 1950 zu Iechternach am Abteihaff ënner der Leedung vum Albert Thorn ginn huet, stoung ënner anerem den Arrangement: Souvenirs d'autrefois: Fantaisie sur des mélodies franc., belges et la Hämelmous.[7]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 2010. Aus den frühen Tagen der Echternacher Fastnacht: I. Von den Tanzochsen zum Hämelmaushüpfen. II. Auf den Spuren des Hämelmausliedes. Lëtzebuerger Journal 2010, (I) Nr. 29 (11. Febr.): 21; Nr. 30 (12. Febr.): 20; (II) Nr. 32 (16. Febr.): 17; Nr. 33 (17. Febr.): 18. PDF Zeitung Text mat Referenzen.

Weider Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Comes, I., 1937. Das Echternacher Hämelmouslied. Vierteljahresblätter für luxemburgische Sprachwissenschaft, 3(1937), 10/11, S. 46-47.
  • Comes, I., 1937/38. Haemelmo'usle'id voam Joer 1873. Vierteljahresblätter für luxemburgische Sprachwissenschaft, 3/4(1937/1938), 12/13, S. 45-46.
  • Echternacher Anzeiger, 1873. “Hämelmoûs”: Heuschreckenlied (Melodie von Neumann); Sauerlied (Melodie von G. Schmitt); Weg mit den Grillen; Hämelmôuslied. Echternacher Anzeiger 1873, Nr. 14 (16. Februar), S. 3.
  • Echternacher Carnevals-Gesellschaft, 1886. Liederbuch der Echternacher Carnevals-Gesellschaft "Hämelmaoûs". Buchdruckerei des "Echternacher Anzeiger", 16 S.
  • Hess, J., 1929. Luxemburger Volkskunde. Grevenmacher, XVI, 318 S.
  • Holtei, K. von, 1829. Lenore. Berlin, 165 S.
  • Jaans, J., 1986. Echternacher Fastnachtsgrillen: zur Geschichte der "Hämelmaous". Télécran 1986, Nr. 6, S. 16-17.
  • Juncker, M. & M. Lorenz, 1999. Eechternoach, schi Steedchen. Echternach, 100 S.
  • Massard, J.A., 1976. Echternach im Zeichen der “Hämelmaoûs”. Tageblatt 1976 (2. März): 8. [2]
  • Simon, Marcel, 1950. Echternach, liebe, alte Stadt. Tageblatt 1950, Nr. 41 (19. Februar): 7. [3]
  • Simon, Marcel, 1950. Echternach, liebe, alte Stadt. Esch/Alzette, 78 S.
  • Tresch, M., 1929. La chanson populaire luxembourgeoise. Luxembourg, X, 308 S.
  • Wirtz, P., 1966. "Hämelmaous", een aalt Eechternoacher Foasichtsle'd. Revue 22 (1966), Nr. 8, S. 6.
  • Wirtz, P., 1972. Eechternoacha Volleksle'der. In: Harmonie municipale Echternach 1872-1972, S. 217-218.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Comes 1937; Massard 2010.
  2. Schier dreißig Jahre bist du alt.
  3. Massard 2010.
  4. An der Versioun vun 1873 stoung:"O Hämelmaous, wi leews daou do"; "do" ass 1884 duerch "dach" ersat ginn (cf. Echternacher Carnevals-Gesellschaft, 1886)
  5. Dëst ass d'Variant vun 1884; 1873 stoung do: "Wi d'Scheepchen, Fläsch an Tubak sich verdeieren"; cf. Echternacher Anzeiger 1873, Massard 2010, Text mat Referenzen, S. 13.
  6. Gesetz vom 17. Februar 1868, die Mobiliarsteuer betreffend. - (Art. 1). Jeder Einwohner des Großherzogthums, Luxemburger oder Ausländer, ohne Unterschied des Geschlechtes, im Vollgenusse seiner Rechte stehend und nicht als dürftig angesehen, unterliegt einer Kopfsteuer von zwei Franken. Memorial 1868 (I), S. 14-15. [1]
  7. Luxemburger Wort 1950-08-11, S. 4 (Concerts à Echternach).