Häns'che Weiss

Vu Wikipedia
Häns'che Weiss
Gebuer 1951
Berlin
Gestuerwen 2. Juni 2016
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Gittarist, Jazzgittarist

Den Häns'che Weiss, gebuer 1951 zu Berlin a gestuerwen den 2. Juni 2016, war en däitschen Jazz-Gittarist.

1969 gouf hie Member vum Schnuckenack Reinhardt sengem Quintett. 1972 huet hien den Häns'che-Weiss-Quintett gerënnt a gouf deem säi Leader.

Discographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Musik Deutscher Zigeuner – Häns'che Weiss Quintett, Vol. 5 (Da Camera Song, LP, Mäerz 1973, enregistréiert: 26./27./28. September 1972)
  • Musik Deutscher Zigeuner – Häns'che Weiss Quintett, Vol. 6 (Da Camera Song, LP, Mee 1974, enregistréiert: 29./30./31. Oktober 1973)
  • Häns'che Weiss Quintett: Dja Maro Drom (Electrola, LP, Erstauflage September 1974, enregistréiert: 1.–5. Juli 1974)
  • Das Häns'che Weiss Quintett: Das Häns'che Weiss Quintett (Songbird 1975, enregistréiert 24.–29. September 1975)
  • Häns'che Weiss Quintett: Fünf Jahre Musik Deutscher Zigeuner (Intercord 1977, enregistréiert 24. Februar / 1. Mäerz 1977, mam Oscar Klein, Silvano Lagrène)
  • Häns'che Weiss: Couleurs (CC-Records 1981, enregistréiert Januar 1981, mam Martin Weiss, Romani Weiss, Hans Hartmann, Dieter Goal, Albert Mair, Trilok Gurtu a Walter Buri)
  • Häns'che Weiss Ensemble: Zugaben… (Eegeproduktioun, enregistréiert 1985)
  • Häns'che Weiss Ensemble: Erinnerungen (Elite Special, 1988)
  • Häns'che Weiss Ensemble: Vis à Vis (Elite Special, 1991)
  • Häns'che Weiss: Special at Lloyd's (Lloyd Eegeproduktioun, enregistréiert Oktober 1995)
  • Häns'che Weiss, Vali Mayer: The Duo live in concert. (Salko Productions, 1996)