Héichtenangscht

Vu Wikipedia
Siicht duerch de gliesene Buedem um CN-Tuerm zu Toronto

Héichtenangscht, oder Akrophobie, ass eng iwwerdriwwen an irrational Angscht virun Héichten. Akrophobie kënnt vum Griicheschen akron, dat Spëtzt bedeit.

D'Héichtenangscht gehéiert psychiatresch gesinn zu de Psychoneurosen, a bannent deenen zu de phobeschen Neurosen, de sougenannte Phobien. Dat sinn Ängscht, déi un en Objet oder un eng Situatioun gebonne sinn. An dësem Fall sinn d'Angschtsituatiounen héich Plazen, wéi Tierm, Brécken, Balconen oder Leederen.

Anescht wéi bei der Klaustrophobie oder bei Agoraphobie loosse sech déi sozial Niewewierkunge bei der Akrophobie liicht ëmgoen. Déi Persoun, déi Problemer domat huet, kann ouni "opzefalen" Situatiounen aus dem Wee goen, wou se mat hiren Ängscht géif konfrontéiert ginn.

Geféierlech fir d'Gesondheet kann et ginn, wann e Mënsch mat Héichtenangscht onerwaart an eng Positioun geréit, déi seng Phobie ausléist. Banne Sekonne kënnen Symptomer entstoen, wéi extremt Häerzklappen. Otemnout, dronkeg ginn, Schweessen an souguer eng Panik-Attack, déi ënner Ëmstänn medezinesch behandelt musse ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoffmann, S.O.: Die phobischen Neurosen (Phobien), in: Psychoneurosen und Charakterneurosen, in: Psychiatrie der Gegenwart, Band 1, Springer-Verlag Berlin Heidelberg New York Tokyo, 3. Oplo, 1986