Hélène Entenich-Wivenes
Ausgesinn
| Hélène Entenich-Wivenes | |
|---|---|
| Gebuer |
17. Abrëll 1855 Leideleng |
| Gestuerwen |
16. Februar 1932 Zolwer |
| Alter | 76 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Hiewan |
| Famill | |
| Kanner | Jean Entenich |
|
| |
|
Stroosseschëld zu Leideleng | |
D'Hélène Entenich-Wivenes, gebuer de 17. Abrëll 1855 zu Leideleng a gestuerwen de 16. Februar 1932 zu Zolwer, war eng lëtzebuergesch Hiewan.
Si huet sech mam Bauer Nicolas Entenich bestuet an zesumme kruten si 6 Kanner, d'Anne, de Jean, de Jean-Pierre, deen e puer Méint no senger Gebuert gestuerwen ass, d'Marguerite, d'Susanne an de Jean-Pierre.
Hire Jong de Jean Entenich war als Erfinder bekannt.
E groussen Deel vun hirem Liewen huet si zu Leideleng gelieft.[1]
De 6. Mäerz 2026 gouf am Kader vum Internationale Fraendag, zu Leideleng eng nei kleng Strooss mat 5 Haiser[2], déi no hir benannt gouf[3], ageweit[4]. Domat ass dat déi éischt Strooss an der Gemeng Leideleng, déi no enger Fra benannt ass.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Informatiounen stame vun enger Informatiounstafel, déi am Kader vun der Aweiung vun "hirer" Strooss vun der Gemeng zesummegestallt gouf.
- ↑ L-3353
- ↑ Am Punkt 5 vum Gemengerot vum 5. Juni 2025 gouf eestëmmeg déi nei Strooss no der Hélène Entenich-Wivenes benannt.. Gekuckt den 08.03.2026.
- ↑ (fr) Journée internationale des droits des femmes. leudelange.lu. Gekuckt den 11.03.2026.
