Hélène Hiertz

Vu Wikipedia
Hélène Hiertz
Gebuer 19. Mee 1911
Hengescht
Gestuerwen 4. Juni 1985
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kach

D'Hélène Hiertz, gebuer den 19. Mee 1911 zu Hengescht, a gestuerwen de 4. Juni 1985 zu Dikrech war eng lëtzebuergesch Gastronomin an aktiv Resistenzlerin.

Virum a wärend dem Zweete Weltkrich hat si de Buffet de la Gare zu Kautebaach. Wärend dem Krich huet si de Refractairen déi an de Bëscher ronderëm Kautebaach verstoppt waren z'iessen organiséiert. Nodeem si un d'Nazie verrode gi war gouf si verhaft a gouf an d'KZ Ravensbrück bruecht wou si annerhalleft Joer inhaftéiert bliwwen ass.[1]

De Restaurant, deen d'Hélène Hiertz nom Zweete Weltkrich zu Dikrech opgemaach hat, war 1958 deen éischten am Land, deen e Michelin-Stär krut, an 1970 deen éischten, deen en zweete kritt huet.

Den Hôtel-Restaurant gouf zum Schluss vum Antonio Pretti gefouert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Hélène Hiertz op der Websäit vun de 750 Joer Stad Dikrech Archivéiert op 2011-07-24. Gekuckt de(n) 2011-06-12.