Héngeree

Vu Wikipedia
frësch geluecht Eeër

D'Héngeree (meeschtens just Ee genannt) ass d'Ee vum Hong an déngt biologesch der Erhalung vun der Aart. Als landwirtschaftlecht Produkt gëtt et vum Mënsch als Liewensmëttel benotzt.

Eeër kënne gekacht oder gebrode ginn, oder awer mat aneren Ingrediente vermëscht a viruverschafft, wéi z. B. beim Baken.

Wann en Ee just kuerz gekacht ass, datt den Dueder nach leefeg bannendran ass, dann ass et e luesgekacht Ee oder en Zappee. Wann een et méi laang kacht, da gëtt et en haart Ee. Ouschtereeër sinn haart Eeër, deenen hir Schuel bemoolt oder gefierft gouf.

En Ee dat gebrode gëtt, andeems een d'Eegiel ganz léisst, ass e Spigelee. Wann een d'Ee (oder e puer Eeër) mat engem Schnéibiesem oder enger Forschett verréiert oder opklappt, an et brot een dat dann, gëtt et eng Omelett. Wann een iwwer dem Broden dra réiert an e bësselche Mëllech mat derbäigëtt an d'Eeër bleiwen nach ganz liicht fiicht (oder schnuddeleg) dann ass et eng Eeërtriwwel.

D'Schuel vum Ee gëtt net matgiess.