Hëllef:Iwwerwaachungslëscht
All ugemellte Benotzer huet op der Wikipedia eng eegen Iwwerwaachungslëscht. Op déi Lëscht kann ee Säiten dropsetzen, fir datt se „iwwerwaacht“ ginn. Dat heescht, datt all Ännerungen, déi un deene Säite gemaach ginn, op der Iwwerwaachungslëscht affichéiert ginn. Doduerch kritt een eng Iwwersiicht vun de rezenten Ännerungen, déi op Säite gemaach goufen, déi een am A behale wëll. Et kann een z. B. Säiten, un deenen ee selwer (mat-)geschafft huet, op d'Iwwerwaachungslëscht setzen, fir keng Ännerunge vun anere Mataarbechter ze verpassen, oder och Diskussiouns- oder Communautéitssäite wéi De Staminee, fir keng nei Diskussiounssujeten z'iwwersinn.
Wann Dir eng Säit op Är Iwwerwaachungslëscht setzt, da gëtt automatesch och déi jeeweileg Diskussiounssäit matiwwerwaacht, an ëmgedréint. Dir hutt d'Méiglechkeet eng Säit dauerhaft ze iwwerwaachen oder just fir ee begrenzten Zäitraum (1 Woch, 1 Mount, 3 Méint, 6 Méint oder 1 Joer). Et kënne maximal déi lescht 30 Deeg a maximal 1000 Ännerungen ugewise ginn.
Fir eng Säit op d'Iwwerwaachungslëscht ze setzen, muss een op d'Säit goen, an dann op den eidele Stärchen uewe riets klicken. Doropshi kann een den Zäitraum vun der Iwwerwaachung festleeën. Fir d'Säit vun der Iwwerwaachungslëscht erofzehuelen, muss een einfach op de gefëllte Stärche klicken.