Hëllef:Referenzen
Op dëser Säit gitt Dir gewuer, wéi ee Referenzen an en Artikel setzt. Hei geet et drëms, wéi een dat technesch am Wikitext ëmsetzt. Fir eng inhaltlech Auserneesetzung mat der Fro, wéini ee wat wéi mat Referenze beleeë muss, kuckt Wikipedia:Verifizéierbarkeet.
Referenzen an den Text setzen
[änneren | Quelltext änneren]Eng Referenz op enger Plaz
[änneren | Quelltext änneren]Fir eng Referenz an den Text ze setzen, schreift een einfach d'Referenz tëscht <ref></ref>:
De Pierre Faber ass 1975 gestuerwen<ref>Luxemburger Lexikon, Säit 113</ref>.
Dat gesäit dann am Artikel – zesumme mat der Lëscht vu Referenzen, op déi mer méi spéit nach zeréckkommen – esou aus:
De Pierre Faber ass 1975 gestuerwen[1].
- ↑ Luxemburger Lexikon, Säit 113
Méi Referenzen op enger Plaz
[änneren | Quelltext änneren]Wann ee méi Referenze fir dee selwechten Textpassage ugi wëll, schreift een einfach méi <ref></ref> hannerteneen (ouni Espace, Komma oder soss een Trennzeechen):
De Pierre Faber ass 1975 gestuerwen<ref>Luxemburger Lexikon, Säit 113</ref><ref>Luxemburger Autorenlexikon, Säit 75</ref>.
Eng Referenz op méi Plazen
[änneren | Quelltext änneren]Wann een eng Referenz op méi Plazen am Text setze wëll, definéiert een op där éischter Plaz, wou se virkënnt, en Numm am Tag <ref>, ënner deem d'Referenz leeft: <ref name=Numm>…</ref>. Fir all weider Plaz, wou een dës Referenz benotze wëll, geet et duer se mat <ref name=Numm/> anzesetzen. An engem Beispill:
De Pierre Faber ass 1975 gestuerwen<ref name=Lexikon>Luxemburger Lexikon, Säit 113</ref>. De Richard Faber ass 1968 gebuer<ref name=Lexikon/>, säi Brudder Jemp 1971<ref name=Lexikon />.
De Pierre Faber ass 1975 gestuerwen[1]. De Richard Faber ass 1968 gebuer[1], säi Brudder Jemp 1971[1].
Referenzlëscht ënner dem Text formatéieren
[änneren | Quelltext änneren]Wann an engem Artikel Referenze virkommen – an dat sollen se! – da muss um Enn vum Artikel eng Lëscht mat de Referenze stoen. Fir déi Lëscht ze setzen, benotzt een d'Schabloun {{Referenzen}}:
{{Referenzen}}
Referenzen
[Quelltext änneren]
Et huet een awer och d'Méiglechkeet, mam <ref>-Tag Notten ze schreiwen, déi kee Verweis op d'Source vun enger Ausso sinn, mee eng zousätzlech Erklärung, déi net am Haapttext stoe soll. An deem Fall benotzt een d'Schabloun {{Notten}}:
{{Notten}}
Notten
[Quelltext änneren]
Wann an engem Artikel souwuel Notte wéi och Referenzen am enke Sënn vir, da benotzt een d'Schabloun {{Referenzen an Notten}}:
{{Referenzen an Notten}}
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]
Hannert deenen dräi Schabloune verstoppt sech den Tag <references/>, dee fir sech geholl einfach déi op der Säit benotzten Referenzen oplëscht. Dat geséich dann esou aus:
<references/>