Hënner
Den Hënner (anatomesch nates, clunium, gluteus, regio glutealis) ass e Kierperdeel um ënneschten Enn vum Leif, deen nëmme beim Mënsch a beim Af prononcéiert ass.
Anatomie[änneren | Quelltext änneren]
- Den Hënner gëtt op béide Säite vun engem Sëtzbeen (os ischii) als schanke Stäip gehalen. D'Sëtzbeen, en Deel vum Becken, ass déi ënnescht Ofgrenzung am Becken vum Verstopte Lach (foramen obturatum). No ënne gëtt et méi déck (tuber ischiadicum).
- D'Hënnermuskelen, op all Säit de Groussen Hënnermuskel (muscules gluteus maximus), dem Mëttleren Hënnermuskel (muscules gluteus medius) an de Klengen Hënnermuskel.
- Méi oder wéineger grousse Fettpolsteren.
De groussen Hënnermuskel ass dee stäerkste Muskel am mënschleche Kierper. En erméiglecht et dem Mënsch ze goen an ze stoen, als Streckmuskel (Extensor) am Hëftgelenk, ausserdeem verhënnert en en Iwwerkippe vum Becken no vir.
Nieft der riichter Positioun beim Goen a Stoen erméiglecht den Hënner dem Mënsch et och, eng laang Zäit ze sëtzen. D'Form an d'Gréisst vun den Hënnerbaken hänkt zum gréissten Deel vun der Quantitéit vum Fett af.
Sozial Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]
Well den Hënner no bei den Ausscheedungsorganen an de Geschlechtsorganer ass, gëtt e fir en "intime" Kierperdeel gehalen, deen eng staark erotesch Roll spillt. Op där anerer Säit gëllt en als "net propper" an e spillt an der Kierperhygiène eng ganz wichteg Roll.
An deene meeschte Kulturen erfuerdert d'Schimmt, fir den Hënner zouzedecken. Situatiounen, an deenen de plakegen Hënner gewise gëtt, stellen entweeder eng sexuell Invitatioun oder eng provokant Beleidegung duer.
Den Hënner an der lëtzebuergescher Sprooch[änneren | Quelltext änneren]
Et gëtt net vill Begrëffer am Lëtzebuergeschen, déi sou eng Panoplie vu Wierder ervirbruecht hunn, wéi den Hënneschten, oder wéi en e bësse méi onsubliméiert genannt gëtt, den Aarsch.
Synonymmen[änneren | Quelltext änneren]
Deckel, Digel, Duckes, Duxall, Dueder, Kadaster, Kastout, Këscht, Kiwwel, Podex, Podokes. D'Luxemburger Wörterbuch weist nach d'Nimm an der Kannersprooch: Duddeli, Kickes, Kicki, Misch, Pup, Pupes, Roff, Su, Tut, Tutes a "bisweilen" Lach.
Zesummegesat Wierder[änneren | Quelltext änneren]
- Aarschbak: eng Säitenhalschent
- Aarschdaarm: den däitsche Mastdarm, fënnt sech bei de Riedensaarten
- Aarschfuer: déi däitsch Steißfurche
- Aarschgesiicht:
- Aarschkrécher: e Schmeechler, e Paltongszéier
- Aarschkrippchen: dat ënnescht Enn vum Réckkräiz
- Aarschlanter: eng Bull mat Äschen
- Aarschwuerzel: (kuckt: Riedensaarten)
Riedensaarten[änneren | Quelltext änneren]
- ni: Wann d'Vullen nei Äersch kréien.
- onerhéiert: Et ass fir en Aarsch an d'Säit ze kréien.
- een, deen e Plakkapp huet: d'Akaul geet bei den Aarsch zuruuchten.
- een, deen alles besser weess: hie weess alles aus der Aarschwuerzel eraus.
- een, deen domm a liddereg ass: en ass sou domm, d'Aarschtut fält him iwwer em Schäissen zou
- iwwer een, dee sech iwwerschafft: e schafft sech den Aarschdaarm eraus
- iwwer een, dee vum Adel ass: en huet e blot Aarschlach
- een dee sech iwwerschafft huet: e schleeft den Aarsch no
Den Hënner an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- ... sëtzt de Fleeschkinnek op sengem knaschtegen Troun, mat senge verraschtene Longen a sengem hallwen Hënner, deen d'Preisen (ween och soss) him 1942 futtigeschoss hunn.: aus dem Claudine Muno hirem Roman De Fleeschkinnek, op der Lay, 2002.
Den Hënner als sexuelle Fetisch[änneren | Quelltext änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Natesfetischismus.
Sot et op Lëtzebuergesch![änneren | Quelltext änneren]
Mat den authentesche Schreiffeeler:
- Ech hunn och e scheinen Muskelkater am Henner, den ass awer haut de Moien fort.; aus engem Chat am Net (ënner Events a Feedback)
- Eis Joffer huet en dënne Busen, en dënne Bauch, dënn a laang Been an en décken Hënner. Si huet grouss an dënn Hänn.; aus der Beschreiwung um Spaweck vun enger "Joffer" vun enger Spillschoul.
- Ass daat e Bauch oder een Henner??:-) ; aus engem Pubtour vum Spaweck.
- Also ech kann awer och net sou mam Hënner wackelen, datt jiddweree géif fannen ech wier den ideale Popstar, dat kann ech Iech awer garantéieren. De Jean-Claude Juncker am RTL Radio de 27.12.2003 an engem Interview zum Joresenn.
Billergallerie[änneren | Quelltext änneren]
Jean-Jacques Lequeu (c. 1785).
Félix Vallotton (c. 1884).
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Joseph Pujol, de grousse Fuerzkënschtler
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Buttocks – Biller, Videoen oder Audiodateien |