Hôtel Aubriot (Dijon)
|
| |
| Land | Frankräich |
|---|---|
| Gemeng | Dijon |
| Koordinaten | 47°19'20,3"N, 5°2'24,3"O |
| Proprietär | Stéphen Liégeard |
|
| |
Den Hôtel Aubriot ass en Härenhaus (hôtel particulier) zu Dijon am Departement Côte-d'Or an der Bourgogne-Franche-Comté. Seng Urspréng ginn op d'13. Joerhonnert zeréck, de verwëllefte Keller ass op der Lëscht vun de Monuments historiques agedroen. Opfälleg ass och säin Daach aus faarweg vernéierte burgundeschen Zillen. Et steet nieft der Maison Maillard, op 40, rue des Forges.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Dem Hôtel Aubriot säin Urspronk läit am 13. Joerhonnert. De verwëllefte Keller mat aachteckege Stäiler ass an dräi Schëffer an aacht Travéen agedeelt[1]. En hat en Duerchgang an d'Parallelstrooss hannendrun, a gouf voûte aux changes genannt, well do d'Suewiesseler hir Aarbechtsplaz haten.
Um éischte Stack sinn an der Fassad véier Duebelbéi mat Saile ronderëm d'Fënsteren, plus jee een eenzele 'blannen' op den Extremitéiten. Am 16. Joerhonnert koumen zwou Daachfënstere bäi.
1739, huet de Provinzialstaat vun der Bourgogne d'Haus kaaft fir dodran d'Presidialjuridiktioun anzeriichten. Et gouf ëmgebaut fir doranner Geriichtsverhandlungen ofzehalen. Dobäi gouf eng grouss Paart baussen ubruecht, déi mat zwou allegoresche Statuen ornéiert war, déi d'Stäerkt an d'Justiz symboliséieren.
Ënner der Franséischer Revolutioun gouf d'Gebai als bien national beschlagnaamt a 1796 verkaaft. Den neie Proprietär huet d'Dekoren un der Fassad ënner Verbotz leeë gelooss. 1908, nodeems d'Gebai e puer Mol de Besëtzer gewiesselt hat, huet deen neie Proprietär bei klengen Aarbechten déi al Skulpturen erëmentdeckt an se nees fräileeë gelooss. D'Skulpture goufen zum Deel erneiert; et koumen och méi kleng neier bäi, wéi déi siwe Figuren, déi kleng Kolonnen um éischte Stack 'stäipen'.
Nom Stéphen Liégeard sengem Doud goung den Hôtel Aubriot un d'Stad Dijon iwwer[2], déi dodran tëscht 1938 an 1970 en ethnographesche Musée installéiert hat. Duerno huet d'Stad d'Gebai u Privatleit verkaaft.[3].
- Statuen iwwer der Paart
- Informatiounsplack
- Eng vun de 'Stäip'figuren
- Fënsterbéi um 1. Stack
- Den Hôtel Aubriot
- Muster vun den Daachzillen
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Henri Giroux, "Trois maisons de la rue des Forges à Dijon", Commission des antiquités du département de la Côte-d'Or, t. XXIX, 1974-1975, p.195-217.
- Eugène Fyot, "Hôtels et maisons", Congrès archéologique de France. 91e session. Dijon. 1928, Société française d'archéologie, Paris, 1929, p.127-129.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Hôtel Aubriot (Dijon) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
