Hồ Chí Minh

Vu Wikipedia
Hồ Chí Minh
Gebuertsnumm Nguyễn Sinh Cung
Pseudonym Nguyễn Ái Quốc, Hồ Chí Minh
Gebuer 19. Mee 1890
Gestuerwen 2. September 1969
Hanoi
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Vietnam, Franséisch Indochina
Aktivitéit Politiker
Partei PCF, SFIO

Den Hồ Chí Minh, gebuer den 19. Mee 1890 zu Hoàng Trù (Provënz Nghệ An, a gestuerwen den 2. September 1969 zu Hanoï, mam richtegen Numm Nguyễn Sinh Cung, duerno och bekannt als Nguyễn Tất Thành ("Grouss Hoffnungen"), duerno als Nguyễn Ái Quốc ("de Patriot") oder och einfach Monni Hô, war e vietnameesesche kommunistesche Militant an duerno Staatsmann.

Den Hồ Chí Minh huet op e puer Plazen am Ausland, ë. a. zu Paräis an zu Moskau gelieft. 1930 war hie Matgrënner vun der kommunistescher Partei vun Indochina, aus där méi spéit d'kommunistesch Partei vum Vietnam gouf. 1941 gouf hien am Vietnam de Leader vun der nei gegrënnter Việt Minh, déi am Zweete Weltkrichi géint de japaneschen Okkupant a géint déi vichy-franséisch Kolonialmuecht, déi mat de Japaner kollaboréiert huet, gekämpft huet. Wéi de Vietnam den 2. September 1945 onofhängeg erkläert gouf, goung de Fräiheetskampf geschwë virun:

1946 huet Frankräich probéiert, de Vietnam nees ze besetzen. Den 23. November gouf Hải Phòng bombardéiert, woubäi eng 6.000 Zivilisten ëm d'Liewe komm sinn.

Den Ho, dee bis dohin éischter moderéiert war, huet doropshin dem Drock vun den Hardliner an der Việt Minh noginn, an de landeswäite Kampf géint d'franséisch Kolonialhären huet ugefaangen. Den Indochinakrich huet bis 1954 gedauert.

Mäe wéi dee bis eriwwer war, an d'Fransouse sech zeréckgezunn hunn, ass de Kampf ëm d'Befreiung vum Vietnam virugaangen. Och am Vietnamkrich (1955 bis 1975) war den Hồ Chí Minh ee vun den Haaptleit beim Versuch, Nordvietnam mat Südvietnam ze vereenegen. 1965 hunn d'USA an de Krich agegraff an hunn de Regime am Südvietnam ënnerstëtzt. Den Hồ Chí Minh huet d'Trường-Sơn-Strooss, am Westen als Ho-Chi-Minh-Pad bekannt, installéiere gelooss, en heemlechen Transportwee fir Truppen, Waffen a Material vun Nord- a Südvietnam ze bréngen.

Den Hồ Chí Minh ass den 2. September 1969 zu Ba Vì, haut en Deel vun Hanoi, un engem Häerzschlag gestuerwen.

1975 gouf him zu Éieren déi gréisst Stad am Vietnam, Saigon, an Ho-Chi-Minh-Stad (Thành Phố Hồ Chí Minh) ëmgenannt.