H-II (Rakéit)

Vu Wikipedia
Eng H-II beim Start

D'H-II ass eng japanesch Drorakéit. Trotz dem Glach mam Numm vun der H-I ass si eng komplett Neientwécklung.

Déi dräi bis véierstelleg Bezeechnung leet sech aus de verschiddene Rakéiten an aus de Boosteren of, déi zum Asaz kommen. Dobäi bedeit déi éischt Plaz d'Rakéit (1 = H-II, 2 = H-IIA, 3 = H-IIB) an d'Zifferen hannendrun d'Zuel vun den LRBen, SRBen an SSBen.

H-II[änneren | Quelltext änneren]

D'Entwécklung vun der H-II-Rakéit hat am Joer 1986 ugefaangen. Si verfollegt en änlecht Konzept wéi d'Ariane 5: Wärend zwéi Feststoffbooster fir den néidege Startschub suergen, ass en eenzelt Dreifwierk fir d'Haaptacceleratioun zoustänneg. Bei der H-II handelt et sech dobäi ëm dat mat flëssegem Sauerstoff/Waasserstoff (LOX/LH2 = Liquid Oxygen/Liquid Hydrogen) an nom Haaptstroummethod bedriwwenen LE-7 mat hydraulesch dréibarer Düs. Dës Dreifwierker waren e grousse Schrëtt fir déi japanesch Raumfaart, hunn awer och bei hirer käschtenintensiver Entwécklung (800 Mio. US Dollar vun den 2,3 Mrd. Dollar Totalkäschte fir d'Rakéit) och en ettlech Problemer mat sech bruecht. Den Test vum Dreifwierk hat 1988 ugefaange woubäi 1989 zwéin Tester feelgeschloe waren, wat den éischte Fluch zwee Joer zeréckgesat hat.[1] Zesumme mat enger modifizéierter a vun der H-I iwwerhueltener Zweetstuf mam modernen an neeszündbarem LE-5A Dreifwierk (och mat hydraulesch dréibarer Düs) ass d'H-II sou an der Lag bis zu 10 t Notzlaascht an den Low Earth Orbit, (LEO) ze transportéieren. Et gouf si mat zwou verschiddene Notzlaaschtverkleedunge mat 4,1 m a 5 m Duerchmiesser. Déi lescht koum nëmmen eemol beim drëtte Start vun der Rakéit zum Asaz, bei deem d'Rakéit zousätzlech duerch zwou säitlech ugemaachte Nissan Castor-IV AXL Feststoffbooster (Lizenzproduktioun vun Thiokol) mat 9,5 m Längt, jee 10 t Startgewiicht a jee 600 kN Schub ënnerstëtzt gouf.[2]

Obwuel d'H-II technesch um neiste Stand war, hat se wéinst der héijer Komplexitéit vun der Rakéit an den domat verbonnenen héije Startkäschten an niddreger Zouverlässegkeet kee kommerziellen Erfolleg, sou datt mat der Produktioun opgehale gouf an d'H-IIA entwéckelt gouf. Haut steet nach en Exemplar virum Visiteursgebai um Startterrain.

  • Éischtfluch: 3. Februar 1994
  • Starten: 7, dovun 1 Feelstart an 1 Deelerfolleg
  • Zouverlässegkeet: 71,4 %
  • Startkäschten: 190 Mio. US$ (1994)

H-IIA[änneren | Quelltext änneren]

Start vun enger H-IIA mat IGS-R2
H-IIA Rakéitefamill

Fir d'H-II-Konstruktioun och kommerziell wettbewerbsfäeg ze maachen, hunn d'Startkäschten misse massiv erofgesat ginn. Fir dat z'erreechen, gouf d'Konzept méi flexibel gemaach. Den Design vun der bis elo benotzten HTPB bedriwwene Boosteren (elo méi kuerz an dofir aus engem Stéck zesummegesat), de Stufeniwwergank (elo Kuelefaserkonstruktioun) an d'Tankkonstruktioun goufe méi einfach gemaach. Sou ass et duerch den Asaz vu verschiddene Feststoffboosteren (SRB oder SSB) mat ufanks geplangte Boostere mat Flëssegdreifstoffer (LRB) méiglech, e grousse Notzlaaschtberäich ofzedecken an d'Käschten ze reduzéieren. Als LRB waren een oder souguer zwou Éischtstufen änlech wéi bei der Delta IV Heavy geplangt. Och bei den Dreifwierker gouf et Ännerungen, sou goufen déi bei der H-II säitlech montéierten Turbopompele vum LE-7A Eestufendreifwierker elo iwwer deene festgemaach, wouduerch sech d'Dreifwierk entspriechend verlängert huet. Dat modifizéiert Zweetstufendreifwierk LE-5B liwwert 13 % méi Schub. Amplaz nëmmen zwou ginn elo fënnef verschidde Notzlaaschtverkleedunge mat Längten tëscht 12 m a 16 m an engem Duerchmiesser tëscht 4,07 m an 5,10 m ugebueden. D'Rakéit ass vum Fiskaljoer 2007 op dem kommerzielle Maart. Ziimlech onbekannt blouf bis elo déi militäresch Notzung vun der H-IIA. Sou ware véier Starte fir d'Aussetze vun Opklärungssatellitte fir d'Iwwerwaachung vun Nordkorea.[3]

  • Éischtfluch: 2001
  • Starten: 18, dovun 1 Feelstart
  • Zouverlässegkeet: 94,4 %
  • Startkäschten: 9,3 bis 12 Mrd. Yen / 85 bis 110 Mio. US$ (jee no Booster-Konfiguratioun an Dauer um Launch-Pad) (Stand vun de Wiesselkurse: 26. November 2007)

Méiglech Boosterkombinatiounen an entspriechend Drobezeechnungen:

  • H-IIA-202 (a Betrib): 2 × SRB-A
  • H-IIA-204 (a Betrib): 4 × SRB-A
  • H-IIA-2022 (a Betrib): 2 × SRB-A + 2 × SSB
  • H-IIA-2024 (a Betrib): 2 × SRB-A + 4 × SSB

H-IIB[änneren | Quelltext änneren]

Zweete Start vun der H-IIB mat HTV 2

D'H-IIB (eeler Bezeechnung H-IIA-304) ass eng Weiderentwécklung vun der H-IIA-Rakéit, déi fir schwéier Notzlaaschten, wéi d'HTV (16,5 t) ausgeluecht ass. D'Rakéit huet eng Éischtstuf mat engem gréisseren Duerchmiesser (5,2 m amplaz 4 m) an zwéi LE-7A-Dreifwierker souwéi iwwer véier säitlech, feststoffgedriwwe Boosteren (Längt 56 m, Mass 551 t). D'GTO-Notzlaaschtkapazitéit soll bei ronn 8 Tonne leien. D'Entwécklung vun der Rakéit gouf 2004 mat engem Budget vun ongeféier 20 Milliarde Yen (ëmgerechent ongeféier 150 Milliounen Euro) ugefaangen.

Den 2. Abrëll an den 22. Abrëll 2009 goufen Testzündungen um Startgelänn zu Tanegashima gemaach, déi alle béid erfollegräich ofgelaf waren.

Den 11. Juli 2009 koum en intensive Test mat uschlàissender Startsimulatioun (Ground Vehicle Test) derbäi, deen déi bal vollstänneg H-IIB-Rakéit engem simuléierten Countdown op der Startramp ënnerzu gouf. Nëmmen de Notzlaaschtadapter, d'Notzlaascht an d'Notzlaaschtverkleedung hu bei dësem Test gefeelt.

Den éischte Start war den 10. September 2009 an hat d'Bezeechnung TF-1 (TF = Test Flight). Dobäi gouf de Raumtransporter H-2 Transfer Vehicle (HTV) erfollegräich an de Raum bruecht.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

H-II Rei

D'Boostere gi mat festem Dreifstoff bedriwwen. Bei der éischter an der zweeter Stuf kënnt jee LOX an LH2 als Rakéitendreifstoff zum Asaz

Model H-II H-IIA H-IIB
Stufen 2 + Booster
Héicht 49 m 53–57 m 56 m
Duerchmiesser 4,0 m 4,0 m 5,2 m
Startmass 260 t 285 - 347 t 531 t
Startschub 3962 kN bis zu 4913 kN 8372 kN
Notzlaascht 10 t LEO
4 t GTO
10-15 t LEO
4-6 t GTO
19 t LEO
8 t GTO
Booster
Typ H-II-0 SRB-A SSB SRB-A
Zuel 2 2-4 0-4 4
Héicht 23,36 m 15,2 m 14,9 m 15,2 m
Duerchmiesser 1,81 m 2,5 m 1,0 m 2,5 m
Eidelmass 11,25 t 10,4 t 2,5 t 10,55 t
Startmass 70,4 t 76,4 t 15,5 t 76,5 t
Dreifwierk H-II-0 mit 1.540 kN Schub SRB-A mat 2.245 kN Schub Castor 4XL mat 745 kN Schub SRB-A mat 4 × 2.305 kN Schub
Brenndauer 94 s 120 s 60 s 114 s
1. Stuf
Typ H-II-1 H-IIA-1
Héicht 28 m 37,2 m 38,2 m
Duerchmiesser 4,0 m 4,0 m 5,2 m
Eidelmass 11,9 t 13,6 t 24,2 t
Startmass 98,1 t 113,6 t 202 t
Dreifwierk LE-7 mat 844/1080 kN Schub1) LE-7A mat 815/1096,5 kN Schub LE-7A mat 2,196 kN Schub
Brenndauer 346 s 397 s 352 s
2. Stuf
Typ LE-5A LE-5B LE-5B-2
Héicht 10,7 m 9,2 m 11 m
Duerchmiesser 4,0 m 4,0 m 4,0 m
Eidelmass 2,7 t 3,0 t 3,4 t
Startmass 19,7 t 19,6 t 20 t
Dreifwierk LE-5A mat 121,6 kN Schub LE-5B mat 137,16 kN Schub LE-5B-2 mat 137,2 kN Schub
Brenndauer 609 s 534 s 499 s

1) Buedem-/Vakuumschub

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: H-II – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: H-IIA – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: H-IIB – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FlightGlobal: Flight International, 28. November 1990
  2. Eugen Reichl, Das Raketentypenbuch, 1. Oplo 2007, ISBN 978-3-613-02788-6
  3. Scott Ritter: The West's Hysterical Reaction To North Korea. http://www.countercurrents.org/ritter210409.htm