Op den Inhalt sprangen

High Accuracy Radial Velocity Planet Searcher

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) HARPS)
Biller vum HARPS-Instrument (ënnen) an den 3,6-Meter-Teleskop vun der ESO (uewe riets; uewe lénks d'Teleskop-Kuppel).
Stären "tierkele, wa Planéite s'ëmkreesen. Den HARPS miesst dës Tierkelbeweegung a ka sou Exoplanéite fannen

Den HARPS (High Accuracy Radial velocity Planet Searcher) ass en Echelle-Spektrograph fir den 3,6-Meter-Teleskop vum ESO am La-Silla-Observatoire am Chile. E mécht héichprezis Miessunge vun der Radialvitess vu Stären, an hëlleft domat bei der Entdeckung vun Exoplanéiten. Mat enger Genauegkeet vun zirka 1 m/s ass den HARPS eent vun deene geneesten Instrumenter fir deen Zweck. HARPS gouf vun engem Syndikat ënner der Féierung vum Observatoire vu Genf entwéckelt an 2002 op La Silla installéiert. Déi éischt Miessunge waren am Joer 2003.

Den HARPS huet bis Oktober 2009 75 Exoplanéitekandidaten entdeckt an domat e groussen Deel vun alle bekannten Exoplanéiten. Mam Instrument gouf e Groussdeel vun den Entdeckunge vun Exoplanéite mat enger Mass vu manner wéi 20 Äerdmasse gemaach. Zu den Entdeckunge vum HARPS zielen ënner anerem och de Gliese 581 d an de Gliese 581 e, déi zu engem System mat véier planetare Begleeder gehéieren. D'Entdeckung vun Exoplanéiten ëm ongewéinlech metallaarm Stären déi mam HARPS gemaach goufen, stellt eng Erausfuerderung fir aktuell Theorien zu der Planéitegenesis duer.

Lëscht vun Exoplanéiten, déi vum HARPS entdeckt goufen (Stand: Oktober 2013)

[änneren | Quelltext änneren]
PlanéitPublikatiounsdatum
HD 330075 b10. Februar 2004
Mu Arae c25. August 2004
HD 2638 b22. Mäerz 2005
HD 27894 b22. Mäerz 2005
HD 63454 b22. Mäerz 2005
HD 93083 b30. Mäerz 2005
HD 101930 b30. Mäerz 2005
Gliese 581 b8. September 2005
HD 4308 b12. Oktober 2005
HD 212301 b25. Januar 2006
HD 69830 b18. Mee 2006
HD 69830 c18. Mee 2006
HD 69830 d18. Mee 2006
Mu Arae d14./18. August 2006
Gliese 674 b2. Abrëll 2007
HD 100777 b6. Abrëll 2007
HD 190647 b6. Abrëll 2007
HD 221287 b6. Abrëll 2007
Gliese 581 c23. Abrëll 2007
Gliese 581 d23. Abrëll 2007
HD 171028 b7. August 2007
HD 40307 b27. Juni 2008
HD 40307 c27. Juni 2008
HD 40307 d27. Juni 2008
Gliese 176 b
kierzer Period
4. September 2008
BD-17°63 b26. Oktober 2008
HD 20868 b26. Oktober 2008
HD 73267 b26. Oktober 2008
HD 131664 b
M sin i Brongen Zwerg
26. Oktober 2008
HD 145377 b26. Oktober 2008
HD 153950 b26. Oktober 2008
HD 47186 b9. Dezember 2008
HD 47186 c9. Dezember 2008
HD 181433 b9. Dezember 2009
HD 181433 c9. Dezember 2009
HD 181433 d9. Dezember 2009
HD 45364 b3. Februar 2009
HD 45364 c3. Februar 2009
Gliese 581 e21. Abrëll 2009
BD-08°2823 b16. Dezember 2009
BD-08°2823 c16. Dezember 2009
HD 5388 b
Brongen Zwerg
16. Dezember 2009
HD 181720 b16. Dezember 2009
HD 190984 b16. Dezember 2009
HD 125612 c29. Dezember 2009
HD 125612 d29. Dezember 2009
HD 215497 b29. Dezember 2009
HD 215497 c29. Dezember 2009
HIP 5158 b29. Dezember 2009
HD 85390 b5. Oktober 2010
HD 90156 b5. Oktober 2010
HD 103197 b5. Oktober 2010
HIP 12961 b6. Dezember 2010
HD 1690 b17. Dezember 2010
HD 25171 b17. Dezember 2010
HD 113538 b17. Dezember 2010
HD 113538 c17. Dezember 2010
HD 217786 b
M sin iBrongen Zwerg
17. Dezember 2010
HD 33473 Ab17. Dezember 2010
HD 89839 b17. Dezember 2010
HD 167677 b17. Dezember 2010
HD 10180 b23. November 2010
HD 10180 c23. November 2010
HD 10180 d23. November 2010
HD 10180 e23. November 2010
HD 10180 f23. November 2010
HD 10180 g23. November 2010
HD 10180 h23. November 2010
HD 63765 b1. Juli 2011
HD 104067 b1. Juli 2011
HD 125595 b1. Juli 2011
HIP 70849 b1. Juli 2011
HD 137388 b8. Juli 2011
HD 204941 b8. Juli 2011
HD 7199 b8. Juli 2011
HD 7449 b8. Juli 2011
82 G. Eridani b17. August 2011
82 G. Eridani c17. August 2011
82 G. Eridani d17. August 2011
HD 85512 b17. August 2011
HR 7722 c17. August 2011
HD 1461 c12. September 2011
HD 13808 b12. September 2011
HD 13808 c12. September 2011
HD 20003 b12. September 2011
HD 20003 c12. September 2011
HD 20781 b12. September 2011
HD 20781 c12. September 2011
HD 21693 b12. September 2011
HD 21693 c12. September 2011
HD 31527 b12. September 2011
HD 31527 c12. September 2011
HD 31527 d12. September 2011
HD 38858 b12. September 2011
HD 39194 b12. September 2011
HD 39194 c12. September 2011
HD 39194 d12. September 2011
HD 45184 b12. September 2011
HD 51608 b12. September 2011
HD 51608 c12. September 2011
HD 93385 b12. September 2011
HD 93385 c12. September 2011
HD 96700 b12. September 2011
HD 96700 c12. September 2011
HD 126525 b12. September 2011
HD 134060 b12. September 2011
HD 134060 c12. September 2011
HD 134606 b12. September 2011
HD 134606 c12. September 2011
HD 134606 d12. September 2011
Nu2 Lupi b12. September 2011
Nu2 Lupi c12. September 2011
Nu2 Lupi d12. September 2011
HD 150433 b12. September 2011
HD 154088 b12. September 2011
HD 157172 b12. September 2011
HD 189567 b12. September 2011
HD 204313 c12. September 2011
HD 215152 b12. September 2011
HD 215152 c12. September 2011
HD 215456 b12. September 2011
HD 215456 c12. September 2011
Gliese 667 Cc21. November 2011
HD 10180 i5. Abrëll 2012
HD 10180 j5. Abrëll 2012
GJ 3470 b22. Juni 2012
Gliese 676 c29. Juni 2012
Gliese 676 d29. Juni 2012
Gliese 676 e29. Juni 2012
Gliese 163 b6. September 2012
Gliese 163 c6. September 2012
Alpha Centauri Bb16. Oktober 2012
Gliese 667 Cd25. Juni 2013
Gliese 667 Ce25. Juni 2013
Gliese 667 Cf25. Juni 2013
Gliese 667 Cg25. Juni 2013

Portal Astronomie