HD 74156
HD 74156 | |
![]() | |
Stärebild: | Hydra (Hya)
|
Daten | |
---|---|
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 08h 42m 25,122s |
Deklinatioun | + 04° 34' 41,15" |
visuell Magnitude | + 7,61 mag |
Spektralklass: | G0 |
verännerleche Stärtyp | |
Astrometrie | |
Radialvitess: | (+3,8 ± 0,2) km/s[1] |
Parallax | (15,52 ± 0,54) mas |
Distanz | (210 ± 7) Lj |
Absolut Hellegkeet | + 3,6 mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 1,2 M☉ |
Radius: | zirka 1,6 R☉ |
Liichtkraaft: | zirka 3,0 L☉ |
Alter | zirka 7 Mrd. |
Aner Bezeechnungen | |
Bonner Duerchmusterung | BD +5° 2035 |
Henry-Draper-Katalog | HD 74156 |
Hipparcos-Katalog | HIP 42723 |
SAO-Katalog | SAO 117040 |
Tycho-Katalog | TYC 219/1438/1 |
Weider Katalogen |
Den HD 74156 ass e Gielen Zwerg dee vun op d'mannst zwéi Begleeder, HD 74156 b an HD 74156 c, ëmkreest gëtt. De Stär huet d'Spektralklass G0. Seng Mass läit bei ongeféier 1,2 Sonnemassen. Seng Begleeder goufen am Joer 2001 duerch Miessunge vu senger Radialvitess entdeckt.
Méiglech Existenz vu weideren Exoplanéiten
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 2007 goufe vu Barnes et al. op Basis vu Modellrechnungen d'Existenz vun engem weideren Exoplanéit, HD 74156 d, an dem System virausgesot. Dobäi gouf ugeholl, datt all stabil Bunnen am System duerch e Planéit besat géif. Well tëscht de béide fir d'éischt entdeckte Begleeder eng stabil Zon läit, gouf doduerch e weideren Exoplanéit op e sou enger Bunn ugeholl. Zum Schluss gouf dee Begleeder duerch Miessunge vun der Radialvitess vum Zentralstär, geséchert. Fir den Exoplanéit gouf eng Ëmlafperiod vu ronn 340 Deeg an eng Mindestmass vu 0,4 Jupitermasse bestëmmt, déi grouss Hallefachs vun der Bunn gouf mat 1,0 A.E. an d'numeresch Exzentrizitéit mat 0,25 uginn. Allerdéngs hu verschidde Wëssenschaftler Zweiwelen un der Entdeckung gehat an am Joer 2009 publizéiert Ënnersich vum Wittenmyer et al. konnt d'Entdeckung net konfirméieren. Soumat muss d'Existenz vum beschriwwenen Exoplanéit bezweiwelt ginn. Wa sech d'Zweiwelen zerstreeë sollten, da wier dat den éischten Exoplanéit, deem seng Entdeckung erfollegräich virausgesot gouf.