Haalsbaach (Baach)

Vu Wikipedia

D'Haalsbaach op der Kaart agedroen als Halsbaach ass eng kleng Baach an der Gemeng Bäerdref.

Si huet hir Quellen op der Héicht vum Lieu-dit Haalsbaach (335 m) a leeft vun do no Süden duerch eng Griecht tëscht Bierkelt (lénks) an Uecht a Laangstrachen (riets).

No engem Laf vu ronn 1.300 Meter leeft se beim Perekop ënner dem CR364 erduercht fir direkt duerno op enger Héicht vun 269 Meter an d'Äsbech ze lafen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]