Et läit am breeden Deel vum soss enke Museldall, tëscht der Musel am Osten an deene mat Wéngerte bedeckten Häng am Westen, an ass entstanen, well sech do am Laf vun de Joerhonnerten duerch reegelméisseg Iwwerschwemmunge verschidde Schichte vu Sand a Kisel an aner Sedimenter ofgelagert hunn. Dës goufen zanter den 1940er Joren industriell ofgebaut an hunn eng Landschaft mat géie Basengen, déi sech no an no mat Waasser gefëllt hunn, hannerlooss. D'Waasserqualitéit vun den am ganzen ëm déi véierzeg Baggerweieren ass exzellent, well d'Waasser gréisstendeels aus ënnerierdesche Quelle vun de Wéngerten hierkënnt... > méi
… de Sender 1212 e Radiosprogramm an däitscher Sprooch war, dee vum Dezember 1944 bis Krichsenn vum amerikanesche militäresche Geheimdéngscht als "schwaarz Propaganda" nuets iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg ausgestraalt gouf?
... d'Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg sou genannt gëtt, well et do eng Bäckerei gouf, déi e Bild vun den Dräi Kinneken iwwer der Dier hänken hat?