Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 66.611 Artikelen an 134 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … vun den 11 Héichiewen zu Lëtzebuerg, déi et an de 40er Jore vum 19. Joerhonnert gouf, ausser zu Zowaasch, keen Eenzegen am Minett stoung?
- … d'Gesetz, dat de Leit aus Lëtzebuerg verbueden huet, um Spuenesche Biergerkrich deelzehuelen, eréischt 2003 revoquéiert gouf?
- … de Lëtzebuerger René Arend d'Chicken McNuggets an de McRib, zwéi McDonald's Produiten, kreéiert huet?
- … de Miguel de Cervantes an de William Shakespeare, de selwechten Dag, an zwar den 23. Abrëll 1616 gestuerwe sinn?
- … d'Huel Lee zu Bäerdref hir aktuell Form huet, well do zanter der Réimerzäit Millesteng aus dem Fiels gebrach goufen?
Artikel vun der Woch

D'Stad Esch-Uelzecht ass eng vun den 100 Gemengen zu Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Mat 37.455 Awunner (2023) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.
Esch läit nërdlech vun den Ausleefer vum Pays-Haut, dem Loutrenger Plateau, um Floss Uelzecht, op der grenz mat Frankräich. Laang en einfacht Bauerendierfchen, huet Esch zënter den 1870er Joren, mat der Entdeckung vun der Minett, an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht.
D'Strukturkris am Stolsecteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn. Déi doduerch entstanen Industriebrooche ginn no an no nei bebaut: Op där vu Belval goufen zanter 2004 ronderëm déi erhalen Héichiewe nei administrativ, kulturell (Rockhal, Kino) an edukativ Gebaier (Uni Lëtzebuerg, Lycée Bel-Val) opgeriicht, sou wéi och Wunnengen, Büroen a Geschäfter. An den 2020er an 2030er Joren ass den Tour un de Brooche vun der Rouder Lëns an der Metzeschmelz... > méi

Op engem 9. Februar

- 1881: Doud vum russesche Schrëftsteller Fjodor Dostojewski.
- 1923: Den iresche Schrëftsteller Brendan Behan gëtt gebuer.
- 1935: Gebuert vum lëtzebuergesche Sänger Venant Arend.
- 1940: De südafrikanesche Schrëftsteller John M. Coetzee kënnt op d'Welt.
- 1945: Déi US-amerikanesch Schauspillerin Mia Farrow gëtt gebuer.
- 1978: De lëtzebuergeschen Theaterauteur Max Goergen stierft.
- 1981: Doud vum US-amerikanesche Rock'n Roll-Museker Bill Haley.
Kierzlech Verstuerwen

- <7. Februar : Patrick Hastert, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 6. Februar: Prosper Klein, lëtzebuergesche Riichter.
- 4. Februar: François Beukelaers, belsche Schauspiller.
- 1. Februar: Rita Süssmuth, däitsch Politikerin; Lucien Weiler, lëtzebuergesche Politiker.
- 30. Januar: Catherine O'Hara, US-amerikanesch Schauspillerin.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
