All Dag gëtt op der Haaptsäit eng kleng Lëscht vun deene wichtegsten Evenementer gewisen, déi op deem Dag geschitt sinn. Op dëser Säit sinn d'Schabloune vum Mount Mäerz.
1870: Duerch en neit Gesetz muss Minett, déi aus enger Déift vu méi wéi 6 m ënner dem Buedem gefërdert gëtt, an enger Schmelz zu Lëtzebuerg verschafft ginn.
1905: Ufank vun der Éischter Marokkokris wéi den däitsche Keeser Wilhelm II. op Tanger a Marokko fiert, fir ze signaliséieren, hie wéilt vun elo un e Wuert do matzeschwätzen.
1927: De lëtzebuergesche Schauspiller an Dichter Joseph Noerden gëtt gebuer.