Haaptsäit/WDS-Spënnchen
Ausgesinn
|
Wann der hei nach eng Kéier 366 neier zesummekomm sinn, kënnen déi dann déi aktuell ersetzen oder mat hinnen an e Roulement kommen. Wann Dir deemno Iddie fir weider Verweiser op Artikelen (oder kuriéis Detailer dodran) hutt, da sëtzt se wgl. hei ënnendrënner derbäi. Logescherweis musse se sech op Saachen/Aussoe bezéien, déi an engem verlinkten Artikle stinn oder erkläert ginn. |
Wousst Dir schonn datt…
[änneren | Quelltext änneren]- ... de Félix Dufays, deen als Wäisse Pater am Ruanda an am Burundi missionéiert huet, Auteur vun engem Wörterbuch Deutsch-Kinyarwanda ass?
- ... 2022 déi jorelaang Whiskey Wars ëm d'Hans-Insel duerch Grenzzéiung op en Enn bruecht konnte ginn?
- ... den Nicolas Meyers 88 Joer hat, wéi en als Buergermeeschter vun Uewerwampech ernannt gouf?
- ... et an der Gemeng Sandweiler bis ewell 5 verschidde Buergermeeschtere mam Familljennumm Mousel gouf?
- ... dem Kënschtler Nicolas Greeff (1662-1728) vun Alzeng seng Hellegestatue sech durch opfälleg breet Féiss (oder Schong) auszeechnen?
- ... d'Familljennimm Majerus oder Faber zu de Metonomasien zielen?
- ... wann ee mam Zuch an d'Paradiso wëll, dem Chef de train Bescheed muss soen, fir erausklammen ze kënnen?
- ... op der Pazifik-Insel Neiguinea, wou ronn 11,6 Millioune Leit liewen, iwwer dausend verschidde Sprooche geschwat ginn?
- ... de gebiertege Lëtzebuerger Louis-Ferdinand Fix Beruffszaldot an den Arméien, resp. der Marinn, vun der Belsch, vum Däitsche Bond, vum Kinnekräich Piemont-Sardinien, vum Giuseppe Garibaldi senge Routhiemer a vun den Unionisten am Amerikanesche Biergerkrich war?
- … ee vun Memberstaate vun der Europäescher Unioun geografesch an Asie läit?
- .., de Letzeburger (1872-1873) déi éischt Zeitung mat engem Titel op Lëtzebuergesch war; d'Artikelen awer op Däitsch oder op Franséisch waren?
- … déi drëttgréisst Stad am Kosovo nom Patron vun engem Hotel genannt gouf?
- ... den éischte lëtzebuergesche Spillfilm a Frankräich verbuede war, zu Lëtzebuerg awer en "erstaunleche Publikumserfolleg" war, absënns ënnert de "virwëtzege Membere vun der Lëtzebuerger 'Intelligentsia' "?
- … d'Iddi vum Kanal vu Korinth schonn am 7. Joerhonnert v. Chr. opkomm ass, awer eréischt 1882 mam Bau dovun ugefaange gouf?
- ... déi éischt Gratiszeitung zu Lëtzebuerg schonns 1857 erauskoum?
- … deen eelste bekannte Plang vun der Stad Lëtzebuerg dee vum Jacob van Deventer vun ëm 1550 ass?
- … et sech beim magnéitesche Nordpol am physikalesche Sënn ëm e magnéitesche Südpol handelt?
- … d'Komponistin vum Lidd Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen just 11 Joer hat, wéi se déi Melodie geschriwwen huet?
- … de Rasmussen, de Rasmussen an de Rasmussen noenee Premierminister an Dänemark waren?
- … de Markusbierg 1936 deen éischte Wéngertsbierg zu Lëtzebuerg war, op deem, am Kader vun engem Remembrement, kleng Wéngerten zu méi groussen zesummegeluecht goufen?
- … den Alain Delon am Film L'Insoumis (1964) ee Lëtzebuerger Friemelegionär gespillt huet?
- … Reykjavik (Island), Wellington (Neiséiland) a La Paz (Bolivien) déi respektiv nërdlechst, südlechst an am héchste geleeën Haaptstied sinn?
- … Luxembourgichthys eng monotypesch fossill Fëschaart-Gattung ass, déi beim Kenntnisstand vun haut just eng Aart, d'Luxembourgichthys friedeni enthält?
- … zanter 1986 eng Tak vum Knüllgebirgsverein un e kosmescht Evenement am Interessentenwald erënnert?
- … op der Fassad vum Haus 68 Stroossbuerger-Strooss an der Stad Opschrëften ubruecht goufen, déi un d'Entkoppelung vun der Paritéit vum belschen a lëtzebuergesche Frang erënneren?
- … Krung Thep Mahanakhon Amon Rattanakosin Mahinthara Ayuthaya Mahadilok Phop Noppharat Ratchathani Burirom Udomratchaniwet Mahasathan Amon Piman Awatan Sathit Sakkathattiya Witsanukam Prasit den offiziellen thailänneschen Numm fir Bangkok ass?
- … d'Schëld E, 20, obwuel et vum Code de la route virgeschriwwen ass, op kenger Tramshalt zu Lëtzebuerg opgestallt ass?
- … de Christoph Salzmann 1772 mat der Lutzemburgische Handbibel Neuen Testaments déi bis ewell eenzeg Bibel erausbruecht huet, déi zu Lëtzebuerg publizéiert gouf?
- … bei engem Vulkanausbroch 1973 op der islännescher Insel Heimaey (där gréisster vun den Vestmannaeyjar-Inselen) mat Hëllef vun Dosende vu Pompelen d'Lava mat Mierwaasser ofgekillt konnt ginn, an sou verhënnert gouf, dass de Fëschereihafen zougeschott gi wier, an domat d'wirtschaftlech Grondlag vun der Insel gerett konnt ginn?
- … de Stengeforter Stauweier 1930 eidellafe gelooss gouf, fir d'Läich vun engem erdronkene Fierschter erauszehuelen, an zanterdeem net méi opgefëllt gouf?
- … d'Lëtzebuerger beim Referendum vum 28. September 1919 mat 73% fir eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich gestëmmt hunn; et schlussendlech awer 1921 mat der Belsch war, mat där esou eng ofgeschloss gouf?
- … Ewige Madonna deen éischte professionell gedréinte Faarffilm ass, deen zu Lëtzebuerg gedréint gouf?
- ... et vum Alfred Hitchcock sengem Film Blackmail souwuel eng Stommfilm- wéi och eng Tounfilmversioun gëtt?
- … 1907 bei archeologeschen Ausgruewungen um kelteschen Oppidum um Tëtelbierg Reschter vun engem Hypokaust fräigeluecht goufen; dës dunn awer vun engem entloossenen Aarbechter zerstéiert goufen?
- … d'Hollännesch Karibik an d'Karibescht Holland allebéid an der Karibik leien, ma net dat selwecht sinn?
- … d'Keelbaach bei Nonkeel quasi eng zweet Kéier entspréngt, nodeems se am Uewerlaf am karstege Kalleksteen an an de Galerien aus der Géigend versickert ass, an dann do hiert Bett nees duerch eng Pompelstatioun mat Waasser aus der Grouf Ëtteng II gefiddert gëtt?
- … de Bongert Altenhoven Um Bierg dee gréisste Bongert zu Lëtzebuerg ass?
- … de Lëtzebuerger Jean Kuffer eng Goldmedail am Bobfuere gewonnen huet, d'Medail awer zur Belsch gezielt gëtt?
- … den Iechternacher Verschéinerungsveräin den éischten Syndicat d'initiative zu Lëtzebuerg war?
- … Glück und Liebe in Monaco e liechtensteinesche Film ass, mat enger Lëtzebuergerin an der Haaptroll?
- … de Prinzip vum Sens unique schonn am anticke Roum bestoung?
- … den Nicolaus Mameranus (1500-1567), en Haffschreiwer vum Keeser Karel V., ë. a. e Lueflidd op de Kanal vu Willebroek zu Bréissel, en Text iwwer de spueneschen Handkuss a Gedichter mat Wierder, déi mat C oder P ufänken, geschriwwen huet?
- … de Charles Bech, den eenzege Lëtzebuerger war, dee fir US-Airforce Asätz op enger B-17 Flying Fortress geflunn ass?
Déi rout Linke musse fir d'éischt gebléitst ginn…
[änneren | Quelltext änneren]- ... Uewerkuer an engem Instrumentalstéck vun der Pop-Band Depeche Mode veréiwegt gouf (Oberkorn (It's a Small Town)), déi 1982 do an enger Disco opgetruede sinn?
- … ee sech mat der Ieselsbréck Voilà déi fënnef längste Flëss a Russland mierke kann? (Volga, Ob, Ienissei, Lena an Amur)
- … de Batman net zu Batman City mä zu Gotham City wunnt?
- … an Däitschland zwéi Beem – d'Bräutigamseiche zu Eutin an d'Himmelgeister Kastanie zu Düsseldorf – eng eege Postleitzuel hunn?
- … den F91 Diddeleng sech 2018, als éischt lëtzebuergesch Ekipp iwwerhaapt, fir d'Gruppephas vun der Europa League qualifizéiert huet?
- … de Schauspiller Michael Keaton fir richteg Michael Douglas heescht, ma sech dee Pseudonym, nom Buster Keaton, zougeluecht huet, fir net mat deem anere Schauspiller mat deem Numm verwiesselt ze ginn?
- … net New York d'Haaptstad vum Bundesstaat New York ass, ma Albany?
- … d'Hänkbréck iwwer d'Ardèche tëscht Saint-Martin-d'Ardèche an Aiguèze 1905 gebaut gouf awer eréischt 2005 offiziell ageweit gouf.
- … Flechten (Lichen) e symbiotescht Zesummeliewen tëscht engem Pilz mat enger Alg oder enger Bakteerie sinn?
- … d'Chilehaus zu Hamburg säin Numm dohier huet, datt de Bauhär mam Salpéiterhandel aus Chile räich gi war?
- … d'Wëllkar net zu de Grieser zielt, wéi déi aner Fruucht-Aarten, ma zu der Famill vun de Polygonaceae, zu där och de Rubbarb an de Sauerampel gehéiert?
- … den Numm Molotowcocktail op de Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich zeréckgeet, wéi d'Finne sech mat dëser Waff géint sowjetesch Tankse gewiert hunn?
- … d'Charelisbréck zu Dummeldeng déi éischt Bréck an Europa war, déi mat Greyträgere gebaut war?
- … den Nullmeridian, wéi e mam UTM- Koordinatesystem WGS84 gemooss gëtt, eng 100 Meter ëstlech vum Nullmeridian vum Royal Greenwich Observatory läit?
- … De Markennumm Elle & Vire, vum Numm vun de Flëss Elle a Vire am Departement Manche hierkënnt.
- … den Ausbroch vum Vulkan Tambora an Indonesien am Joer 1815, dat Joer duerno en grouss Hongersnout an Amerika an an Europa provozéiert hat?
- … den Däitsch-Hollännesch-Belschen Dräilännereck um Vaalserberg vun 1839 bis 1919 e Véierlännereck war?
- … der Ruth Belville hire Beruff dora bestoung, déi genee Auerzäit ze verkafen, a si dowéinst Greenwich Time Lady genannt gouf?
- … den Tyrrell P34 den e Formel 1 Auto mat 6 Rieder war?
- … d'Pompjeeë vun Tréier den 23. Abrëll 1941 an d'Stad Lëtzebuerg hëllefe koume fir d'Feier am Terres-Rouges-Gebai ze läschen?
- … bis ewell just dräi Leit gläichzäiteg fir en Oscar fir dat bescht Original-Dréibuch an ee fir dee beschte Schauspiller an engem nämmlechte Film nominéiert goufen, nämlech de Charlie Chaplin, den Orson Welles an de Sylvester Stallone?
- … de Robert Tappan Morris 1988 den éischte Computerwuerm entwéckelt hat?
- … den Turner Georg Eyser bei den olympesche Spiller 1904 zu St. Louis 6 Medaile gewonnen huet, an dat trotz enger hëlzener Beeprothees?
- … de Charles Maurice de Talleyrand-Périgord a Frankräich souwuel ënnert dem Ancien Régime, wéi och wärend der Franséischer Revolutioun, dem Directoire, dem Consulat, dem Premier Empire, der Restauratioun an der Julimonarchie wichteg Funktiounen am Staat hat, a bei véier Kréinungen derbäi war?
- … de Geograph Mathias Ringmann, deen éischte war, deen der Neier Welt den Numm America ginn hat?
- … verschidde Schofs- a Geesserasse méi wéi 2 Haren hunn?
- … de Richard Halliburton, wéi hien 1928 duerch de Panamakanal geschwommen ass, eng Tax vun 0,36 $ huet misse bezuelen?